Back to top

Iwwert de Projet

De Site www.kulturgeschicht.lu gouf konzipéiert, zesummegestallt an didaktesch opbereet vum Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) vum Edukatiounsministère.
Kontakt: info@kulturgeschicht.lu

SCRIPT

D’Kapitel baséieren op der Virliesungsrei “Kulturgeschicht Lëtzebuerg”, organiséiert vum Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschafte vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Uni.lu

Ausgewielten Auteuren hunn zu hirem Themeberäich Virträg gehalen, déi duerno verschrëftlecht an un de SCRIPT iwwermëttelt goufen. Dës sinn uschléissend didaktesch opbereet an zesummegefaasst ginn, fir d’Gréisst an den Niveau vum Text de Schülerinnen a Schüler unzepassen. Zudeem kënnen awer och interesséiert Leit sech duerch déi eenzel Kapitel duerchklicke fir aalt Wëssen opzefrëschen oder Neies bäizeléieren. Den Enseignantë ginn déi eenzel Manuskripter, wéi se vun den Auteuren erageschéckt goufen, an hirer Originalversioun zur Verfügung gestallt. Esou kënne si beim Opbereede vun hire Coursen dëst Zousaz- an Hannergrondwëssen asetzen.

Op Basis vun enger Konventioun gouf zesumme mam Centre National de l’Audiovisuel (CNA) e groussen Undeel un historesche Quellen Fotoen, Audioopnahmen a Filmer gesammelt a fir dëse Site zur Verfügung gestellt.

CNA

Ausserdeem konnt de SCRIPT mat Hëllef vun aneren Acteuren zousätzlecht wichtegt Material zesummesichen, dat déi räichhalteg Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg nach besser visualiséiert. E grousse Merci fir d’Zesummenaarbecht un den MNHA, d’Phototèque vun der Stad Lëtzebuerg, un d’Lëtzebuerger Nationalarchiven, den Andy Bausch fir d’Montéiere vun engem Troublemaker-Trailer, d’Ricciacus Frënn a.s.b.l, de Geoportail, de Kasemattentheater, d’Equipe ronderëm Inspiring Luxembourg, RTL Group an ArcelorMittal, ouni deenen hir Zoustëmmung a Kooperatioun dës Quellen net de Wee an d’Kapitel fonnt hätten.

 

D’AUTEURE VUN DE KAPITEL SINN:

Aféierung: Wat ass Kultur?
Jeanne Glesener
(opbereet a verännert vum SCRIPT)

D’Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg
an enger transnationaler Perspektiv

Michel Pauly
(opbereet a verännert vum SCRIPT)

Lëtzebuerg am 19. an 20. Joerhonnert
Michel Pauly
(opbereet a verännert vum SCRIPT)

Lëtzebuerger Wirtschafts- a Sozialgeschicht
Denis Scuto
(iwwersat aus dem Franséischen, opbereet a verännert vum SCRIPT)

Wéi Lëtzebuerg dräisproocheg ginn ass –
en Iwwerbléck iwwer d’Sproochgeschicht bis 1984

Fernand Fehlen
(opbereet a verännert vum SCRIPT)

En Iwwerbléck iwwer déi professionell Theaterlandschaft
zu Lëtzebuerg, vun hiren Ufäng bis haut

Ian De Toffoli
(opbereet a verännert vum SCRIPT)

Mediegeschicht
Yves Steichen
(opbereet a verännert vum SCRIPT)

 

 

 

  • Wat ass Kultur

  • Zum Titel: Eng Lëtzebuerger Kulturgeschicht

  • Method vun den Narrativer

Rop

01

 

01

rof