Beschäftegt ee sech mat der Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg, da stellen sech engem direkt e puer wichteg Froen: Wéini fänkt d’Lëtzebuerger Geschicht un? Wat gehéiert zu Lëtzebuerg? A vu wéini u verstinn sech d’Awunner als Lëtzebuerger?
Fir d’Geschicht vu Lëtzebuerg ze verstoen, muss ee Lëtzebuerg an engem méi grousse Kulturraum gesinn, an dee ka jee no Epoch ganz ënnerschiddlech sinn. De Raum, an deem een déi Geschicht situéiert, muss méi grouss si wéi dat haitegt Groussherzogtum, an d’Zäit muss iwwer d’Entstoe vun enger Natioun Lëtzebuerg erausgoen.
Dat eelst Skelett, wat um Territoire vum haitege Lëtzebuerg fonnt gouf, datéiert vu 6000 v. Chr. Deemools gouf et nach kee Lëtzebuerg. Den Numm taucht eréischt vill méi spéit op, am Mëttelalter. Als Lucilinburhuc gëtt do eng Buerg bezeechent, déi de Grof Sigfrid am 10. Jh. vun der Abtei Sankt Maximin virun Tréier géint e puer Stécker Land zu Feele getosch hätt. Mee och hei bezitt sech de Begrëff just op eng Buerg an eréischt méi spéit, am 12. Jh., och op d’Stad ëm dës Buerg. Bis an d’18. Jh. goufen d’Awunner vun der Stad allerdéngs praktesch ni als Luxemburgenses/Lëtzebuerger bezeechent. Viru 1789 ass mat Lëtzebuerger entweder d’Dynastie vun de Grofen a Kinneke gemengt, oder den Term bezitt sech op d’Awunner vun der Stad; an de seelenste Fäll awer sinn d’Awunner vun engem Land gemengt. Kann een also eréischt am 19. Jh., wéi Lëtzebuerg schrëttweis seng Eegestaatlechkeet krut, vun enger Geschicht vu Lëtzebuerg schwätzen?
C. Eng metanational Geschicht
Déi puer Beispiller aus der Steenzäit bis an d’Neizäit weisen eis, datt eng sougenannten Nationalgeschicht oder eng Kulturgeschicht am nationale Kader wëssenschaftlech net haltbar ass.1
Aus deem Grond kann ee menger Meenung no Geschicht, a grad och Kulturgeschicht, nëmmen an enger transnationaler Approche studéieren an duerstellen. Wann awer déi haiteg Staatsgrenze keng Roll solle spillen, wou bleiwe mer da stoen? Riskéiert d’Geschichtswëssenschaft dann net an d’World History oder d’Globalgeschicht ofzedriften?
Amplaz vun transnational sollt een dowéinst vu metanationaler Geschicht schwätzen.2
En erlaabt domat, d’Natioun net essentialistesch oder ethnesch als éiweg dauernd Gemeinschaft ze verstoen.3
1Sou eng Fuerschung geet vun der Viraussetzung aus, datt den Endpunkt vun der Entwécklung e Lëtzebuerger Nationalstaat ass. Alternativen zu där Geschicht ginn net an d’A gefaasst. Dobäi hätt d’Geschicht sech méi wéi eng Kéier kënnen anescht entwéckelen, z. B. wa Lëtzebuerg grad wéi de Süddeel vum Herzogtum mat Diddenuewen a Marville am Fridde vu Rijswijk (1697) franséisch bliwwe wären.
2Meta- ass e Suffix aus dem Griicheschen, dee reflexiv ass – wéi am Begrëff ‚Metadiscours‘: en Discours iwwer den Discours – an deen ee ka raimlech an zäitlech verstoen (wärend trans- just raimlech verstane gëtt). De Begrëff ‚metanational‘ hannerfreet also och den Natiounebegrëff, wat am Fall vu Lëtzebuerg, wou 47 % vun den Awunner kee Pass vum Wunnland hunn, besonnesch wichteg ass.
3An enger metanationaler Perspektiv ass den Nationalstaat eng méiglech Realisatioun vun engem konstruéierte Sozialraum. Dee Sozialraum ännert je no Epoch, déi ee studéiert. Dat ass a gallo-réimescher Zäit d’Civitas Treverorum, am Mëttelalter d’Grofschaft a spéider d’Herzogtum Lëtzebuerg oder souguer d’réimesch-däitscht Keeserräich, an deem d’Grofe resp. d’Herzogen eng Roll gespillt hunn, am 16.-18. Joerhonnert d’Habsburger Räich, am Zäitalter vun der Industrialiséierung den Eise-Kuele-Baseng tëscht der Saar, der Musel an der Meuse, oder kulturell gesinn de weide Raum vun der Frankophonie. All Sozialraum ënnerläit deenen ënnerschiddlechsten Aflëss vu baussen: kulturell Stréimungen, staatlech Bezéiungen, Migratiounen oder och suprastaatlech Institutioune wéi d’kathoulesch Kierch, d’réimesch-däitscht Räich, den Zollverein grad wéi supranational Wäerter wéi d’Opklärung am 18. Joerhonnert, d’Fuerderung no gläiche politeschen an zivilrechtleche Rechter fir d’Fraen am 20. Joerhonnert oder d’Studenteprotester vum Mee 1968.
Nieft dem Sozialraum Nationalstaat, deen och e Kulturraum ka sinn, gëtt et natierlech aner Sozial- a Kulturraim wéi d’Famill, d’Duerfgemeinschaft, de Betrib, d’Gewerkschaft, de Jugendclub asw. Och an deene Raim spillt sech eng historesch Entwécklung of, déi deen Eenzelne matpräägt an déi et interessant ass ze studéieren.
Der Geschichtswëssenschaft hir Aufgab ass et, de Konstruktiounsprozess vum jeeweilege Sozialraum, z. B. vum Nationalstaat, ze erklären, net en ze legitiméieren. Dobäi mussen och wäiss oder schwaarz Flecke mam Numm genannt ginn.
Videoquellen
- Filmextrait aus dem Film "Quo Vadis Ricciacus" vum Romain Goerend a Christophe Olinger iwwert d'Réimersiedlung vun Duelem. © CCRN Editions [Reproduktion mam Accord vunn der ASBL "Ricciacus Frënn"]
- Extrait aus dem Film „Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier". Produzéiert vu Marzen an Edisons Elektrisches Theater (1907). Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA).