Back to top

Wirtschaft

/sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.1_3.png?itok=UV9YSXUu
3
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.2.png?itok=XnfVbOa4
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.2.png?itok=3p7iQSOb
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_kapitel3.jpg?itok=YOI7Qi1B
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.1_0.png?itok=9XaA8HAc
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.1_0.png?itok=z6ZP_1yB
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.3.png?itok=AwQ8olWI
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.3.png?itok=OXZOT7K-
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.4.png?itok=1BNwxKaF
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.1_1.png?itok=ocn_RLVi
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.1_1.png?itok=1ya6OVxN
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.2_0.png?itok=eZvx24kS
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.2_1.png?itok=lZWQ1PYo
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_3.2_1.png?itok=c7Ji5PG7
11
“ Le Luxembourg est un don du fer tout comme l’ancienne Egypte était un don du Nil. ”
Carlo Hemmer (1953)
(source)
Carlo Hemmer, L’économie du Grand-Duché de Luxembourg, Deel 2, Lëtzebuerg, 1953, S. 21
11

A. Grouss Industrien um Virowend vun der industrieller Revolutioun

Am Ufank vum 19. Joerhonnert war Lëtzebuerg en agraresch gepräägtent Land mat enger schlechter Verkéiersubannung un d’Grenzregiounen. Trotzdeem kann de Grand-Duché op eng laang Traditioun vun verschiddenen Industrien zeréckkucken.
Verstreet um Territoire vum Grand-Duché hu sech eng Rei kleng Eiseschmelze fonnt. Si stounge meeschtens an der Géigend vu bekannten Eisenäerzvirkommen am Bësch an no un de Baachen a Flëss. Dëst erkläert déi grouss Streeung vun de Schmelzen op Lëtzebuerger Gebitt.

Am Éislek waren d’Gierwereien, an deenen Déierenhaut zu Lieder verschafft gouf, de gréissten Industriezweig. Iwwer 100 Gierwereien hunn 600 Familljen eng Aarbechtsplaz geséchert.

11
Extrait aus dem biographeschen Documentaire "Emile Mayrisch, l'homme et son œuvre" vum Jos Pauly (1963)
(source)
Prod. RTL Hei Elei © CNA
11

B. Nei Produktiounsbedingungen

Den déifgräifende Wandel an der Lëtzebuerger Industrie, deen d’Land vun 1840 un duerchleeft, léisst sech op verschidde Facteuren zeréckféieren:
Op wirtschaftlechem Plang ass Lëtzebuerg fréier wéi haut zu engem groussen Deel vum Ausland ofhängeg.

Dëst gëllt souwuel fir d’Importer vu Rohstoffer, déi fir d’Produktioun gebraucht ginn, wéi och fir den Export vun de fabrizéierte Produkter, déi dat klengt Land net all kann verschaffen.

Am 19. Joerhonnert war dofir eng Zollunioun mat engem vun den Nopeschlänner, iwwer déi een en zollfräien Accès op e gréissere Maart hätt, liewenswichteg.
1842 trëtt Lëtzebuerg dem deutschen Zollverein bäi. Trotz den ufänglechen Ängschte konnt Lëtzebuerg vum Zollverein profitéieren an säin Handel ausbauen.

11

Dat neit Thomasverfaren huet et erméiglecht, déi phosphorhalteg Minett, déi ganz staark am Süde vum Land verbreet war, an der Eiseproduktioun ze notzen. Gläichzäiteg hunn déi nei Héichuewen op Basis vu Koks fonctionnéiert a waren doduerch net méi op d’Holzkuel ugewisen. De Koks, deen aus Steekuel gewonne gouf, huet allerdéngs missen importéiert ginn, well et am Land keng Steekuel gouf. D’Aféierung an den Ausbau vun der Eisebunn am Land hunn et erlaabt, Koks aus dem Ausland séier a bëlleg ze importéieren.

Zousazinformatioun

Fir net méi exklusiv op d'Waasserkraaft ugewisen ze sinn, ass op déi modern Dampkraaft gesat ginn.

11
Extrait iwwert den Ofbau vun Eisenäerzer aus dem Documentaire "Vu Feier an Eisen" vum Gustave Labruyere (1921/22)
(source)
Prod. COLUMETA, ARBED, CNA (mat frëndlecher Autorisatioun vun ArcelorMittal Luxembourg)
12

Géint 1870 sinn déi noutwenneg Viraussetzunge fir den Opschwong vun der Industrie erfëllt, et gëllt awer nach, Wirtschaftsacteure mat deem néidegen Entrepreneursgeescht ze fannen. An enger éischter Phas spille lëtzebuergesch Entrepreneuren an d'ëffentlech Hand eng entscheedend Roll beim Opbau vun der moderner Stolindustrie.

12

A. Pionéier aus der Eisenindustrie

Ënnert den Entrepreneure muss d'Virreiderroll vun de Bridder Metz ervirgehuewe ginn. D'Bridder Charles (1799-1853), Norbert (1811-1885) an Auguste Metz (1812-1854) stamen aus enger Händlerfamill a schaffe fir d'éischt emol an der Mëllerei, éier si 1838 d'Gesellschaft Metz et Cie grënnen, déi déi al Schmëdd vu Berbuerg pacht. D'Gesellschaft gëtt iwwer Eegemëttel finanzéiert, awer och iwwer Fonge vun der Société d’industrie luxembourgeoise, enger Holding, déi 1837 vun der Banque de Belgique gegrënnt gouf mam Zweck „d'Industriekraaft an der Provënz Lëtzebuerg ze entwéckelen”. Et ass interessant, dës Tatsaach ervirzehiewen, well si ënnersträicht en originellen Zuch vun dëser Lëtzebuerger Industriellendynastie.

Während de Grand-Duché sech iwwer dat ganzt 19. Joerhonnert Däitschland mat sengem Zollveräin zouwent, ënnerhält d'Gesellschaft Metz enk Verbindunge mat de belsche Finanzkreesser, awer och mat Däitschland. Eng weider Charakteristik vun dëser Entrepreneursfamill ass hiren Dynamismus an Innovatiounsgeescht, déi hinnen net nëmmen erlaben, als eng lëtzebuergesch wirtschaftlech Kreatioun selbststänneg ze iwwerliewen, mä sech doriwwer eraus am 20. Joerhonnert als weltwäit aktiv Stolentreprise, déi am Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich eng Monopolstellung huet, duerchzesetzen.

12

B. D'Verlagerung vun der Stolindustrie an de Minettsbaseng

An den 1870er Jore fänken d'Industriehären un, am Minettsbaseng selwer Schmelzen ze bauen. Si gi selbstverständlech an de Minett, fir Transportkäschten ze spueren. No an no entstinn hei Industriestanduerter vun impressionanten Dimensiounen, déi ëmmer méi Leit aus der aktiver Bevëlkerung unzéien a beschäftegen.

Bis 1880 gouf an de lëtzebuergesche Schmelzen nëmme Goss produzéiert, well de lëtzebuergeschen an de loutrengeschen Äerz vill Phosphor enthält a sech net fir d'Verschaffen zu Stol eegent.

Op den internationale Mäert gëtt d'Nofro no Stol awer ëmmer méi grouss. En Dephosporisatiounsprozess, deen 1879 vun zwee jonken Englänner, de Chemiker Sidney Thomas a Percy Gilchrist, entwéckelt gouf, bréngt d'Léisung. D'Bridder Metz bauen zu Diddeleng eng nei Schmelz, an domat trëtt Lëtzebuerg an d'Ära vun der Stolindustrie an. D'industriell Revolutioun fënnt an engem erweiderte wirtschaftleche Kader statt. Den Uschloss vun Elsass-Loutrengen un dat neit däitscht Reich nom Krich vun 1870 vereent de loutrengeschen a lëtzebuergesche Minettsbaseng. Esou falen d'wirtschaftlech Barrièren tëschent dräi Grenzregiounen: dem Saarland, Loutrengen a Lëtzebuerg. Duerch dës Ouverture gëtt och den Zoufloss vun däitschem Kapital erliichtert.

Zousazinformatioun

Nieft der Aktivitéit vun den Entrepreneuren erweist sech och d'Agräife vum Staat an dësem Kontext, wou massiv Biergbaugebidder opkaaft goufen, als entscheedend. Iwwer eng regelrecht Biergbaupolitik, a méi genee, eng nei Reegelung vun de Biergbaukonzessiounen, bestëmmt de Staat déi zukünfteg Entwécklung vum Industriebaseng. Um Enn vun den 1860er Jore gëtt nëmmen een Drëttel vum ofgebauten Eisenäerz op der Plaz verschafft, de Rescht gëtt a Rheinpreußen an an d'Belsch exportéiert. Fir dem Ofbau vun den natierleche Ressourcë vum Land an dëser Form en Enn ze setzen, erkläert d'Regierung sech fir d'éischt duerch d'Gesetzer vun 1870 an 1874 zum Proprietär vun alle Minett-Virkomme vun enger bestëmmter Déift. Duerno féiere vun den 1880er Joren u Konventiounen eng Transportverbuetklausel an, déi d'Konzessiounsgesellschaften zwéngt, d'Äerzer a Schmelzen um Lëtzebuerger Territoire ze verschaffen.

12

C. D'Stolindustrie an d'däitscht Kapital

Déi zweet Phas vun der industrieller Revolutioun ass duerch de massiven Zoufloss vun däitschem Kapital an d'Lëtzebuerger Industrie markéiert. Iwwer 60 % vum Produktiounsapparat gi vun däitsche Gesellschafte kontrolléiert, deenen hir Mammenhaiser am Minettsbaseng vun der Ruhr ugesidelt sinn. D'lëtzebuergesch Schmelze ginn an däitsch Konzerner mat internationalen Dimensiounen integréiert. Am Kader vum techneschen a finanziellen Integratiounsprozess ginn d'lëtzebuergesch Wierker an e puer verschidden Industriegruppen zesummegeschloss: 

D’ARBED (Aciéries Réunies de Burbach-Eich-Dudelange), entstanen 1911 aus der Fusioun vun de Gesellschaften, déi vun de Famille Metz an Tesch gefouert goufen, ass dee stäerkste Grupp ënnert hinnen. 1913 liwwert dëse Grupp 31 % vun der Joresstolproduktioun zu Lëtzebuerg.

D'Industriehären aus dem Ruhrgebitt hu Synergien zugonschte vun hire Wierker an Däitschland duerchgesat. Doraus entwéckelt sech eng ganz ongläich Aarbechtsopdeelung: d'Lëtzebuerger Schmelze liwwere Réi- oder halleffäerdeg Produkter, déi dann an der rheinlännescher Industrie verschafft ginn. D'Wuerzele vum lëtzebuergesche Monolithismus an der Industrie ginn zum Deel op dëse Kontext zeréck.

12

Zu Lëtzebuerg klëmmt d'Äerzproduktioun vu 700.000 t am Joer 1868 op 7.000.000 t am Joer 1913; an därselweschter Zäit geet d'Gossproduktioun vu ronn 100.000 t op iwwer 2.500.000 t an d'Luucht. D'Stolproduktioun, déi eréischt 1886 uleeft, läit 1913 no bei 1.500.000 t. D'Zuel vun den Héichiewe wiisst vu 14 am Joer 1871 op 47 am Joer 1913. Mat senger Produktioun ass de Grand-Duché 1913 weltwäit de sechstgréisste Produzent vu Goss, hannert de Vereenegte Staaten (31 Milliounen t), Däitschland (19 Milliounen t), Groussbritannien (10 Milliounen t), Frankräich (5,1 Milliounen t) a Russland (4,6 Milliounen t), mä virun der Belsch. Bei der Stolproduktioun läit dat jonkt Industrieland weltwäit op der aachter Plaz.

12

D. D'Auswierkunge vun der Stolindustrie op d'Gesamtwirtschaft

Um nationale Plang ginn duerch d'Stolindustrie praktesch all déi aner Wirtschaftssecteure matgerappt.
Déi phosphorräich Schlake vum Thomas-Stol ginn an der Lëtzebuerger Landwirtschaft als Düngemëttel agesat, fir déi natierlech Aarmut vum Buedem ze kompenséieren. Tëschent 1880 an 1914 klammen d'landwirtschaftlech Erträg ëm bal 60 %. Déi kleng Dimensioun vum Land erkläert souwuel déi enorm positiv Auswierkunge vun der Stolindustrie op déi gesamt Lëtzebuerger Wirtschaft wéi och déi progressiv Entwécklung zu enger Mono-Industrie.

13

D'Stolindustrie zitt Dausende vu lëtzebuergeschen an auslänneschen Aarbechter an de Minettsbaseng. Genee wéi beim wirtschaftlechen Opschwong geschitt dat och hei an zwou Phasen.

13

A. D'Migratiounsstréim

An den 1870er an 1880er Jore migréieren haaptsächlech Aarbechter aus der noer Ëmgéigend. Et handelt sech dobäi engersäits ëm eng Migratioun aus de ländleche Géigende vum Zentrum an Norde vu Lëtzebuerg an deen neien Industriebaseng vum Süden. D'Industrie lancéiert souzesoen en Appell un d'Leit, déi um Land wunnen.
 

D'ganzt 19. Joerhonnert iwwer zeechent de Grand-Duché sech duerch Massenemigratioun aus. Tëschent 1840 an 1890 wandere 70.000 Persounen aus, dat ass eng beandrockend Zuel fir e Land, dat 1840 170.000 an 1890 210.000 Awunner huet.
Dausende vu Lëtzebuerger hunn d'Land, an deem si gebuer goufen an dat si net méi ernäre konnt, verlooss, an sinn op der Sich no engem bessere Liewen an d’Nopeschlänner mä och op déi aner Säit vum Atlantik gezunn. Emigratioun an Immigratioun beaflosse sech zu Lëtzebuerg géigesäiteg an droen dozou bäi, eng Situatioun ze schafen, déi souwuel originell wéi och paradox ass. D'Migratioun an de Minettsbaseng, déi vun 1870 un ëmmer méi zouhëlt, gëtt als eng zousätzlech Alternativ zu der Auswanderung an Amerika oder a Frankräich ugesinn.

13
"Die Jungen kommen und wachsen und gehen, nach Esch, nach Paris, nach Amerika. Als Tölpel fort, als große Herren zurück. Oder rennen sich draußen die Schädel ein."
René Engelmann (1912-1913)
(source)
René Engelmann, Die alten Frauen (1912-1913), in : René Engelmann, 1880-1915. Leben – Werk – Zeit, Buch zu einer Ausstellung des Luxemburger Literaturarchivs, Lëtzebuerg 1990, S. 32-36
13

D'industriell Revolutioun setzt eng regelrecht Landflucht an, am Géigenzuch, d'Urbanisatioun vum Minettsbaseng a Gang. D'Zuel vun den Awunner huet sech tëschent 1870 an 1907 an deene Gemengen, déi iwwer Biergbaugebidder verfügt hunn an déi nei Fabricken opgeholl hunn, méi wéi verduebelt: et waren dat d'Gemenge vu Péiteng, Déifferdeng, Esch/Uelzecht, Keel, Rëmeleng, Diddeleng an Hollerech.

Zousazinformatioun

Ob en elo an d'Lëtzebuerger Minettsgéigend, a Frankräich oder an Amerika auswandert, de jonke Lëtzebuerger ass e Migrant, dee säi Gléck anzwousch anescht wéi a senger ländlecher Ëmgéigend sicht. Et si verschidde Choixe méiglech. Esou erkläre sech eenzel Entwécklungen, déi op den éischte Bléck paradox erschéngen: d'Jore vun 1900 bis 1913, an deenen d'Fabricken an d'Minnen am Minett wéi Champignonen aus dem Buedem wuessen, sinn och déi lescht Jore vu massiven Auswanderungsstréim an Amerika.

13

D'Lëtzebuerger Aarbechter eleng ginn awer net duer, fir de Personalbedarf vun de Fabricken a Minnen am Süde vum Land ze decken. De massiven Asaz vun auslänneschen Awanderer an der Lëtzebuerger Industrie vun 1890 un ass un éischter Stell op d'Koexistenz vun e puer Migratiounsfilièrë bis an d'Joer 1914 an un zweeter Stell op d'Recrutementspolitik vun de Stolgesellschaften zeréckzeféieren. Si erklären d'Originalitéit vum lëtzebuergeschen (a loutrengeschen) Minettsbaseng am Verglach zu aneren Industrieregiounen: well déi lokal Main d’œuvre net duergeet, huet d'auslännesch Awanderung d'Iwwergewiicht. D'Stolindustrie zitt Dausende vu lëtzebuergeschen an auslänneschen Aarbechter an de Minettsbaseng.
 

An den 1890er Jore rekrutéiert d'Patronat elo haaptsächlech ënnert den Italiener, déi de gréissten Deel vun den onqualifizéierten Aarbechter duerstellen.
Als Reaktioun op dëst „friddlecht Andréngen” entsteet lues a lues e Gefill vu Friemefeindlechkeet. Anti-däitsch Gefiller bleiwen am ganzen 20. Joerhonnert e Bestanddeel vum lëtzebuergeschen Nationalbewosstsinn - ëmsou méi wéi dës Ängschten duerch d'Erfarunge vun den zwee Weltkricher bestätegt ginn.
1914 ass d'Lëtzebuerger Gesellschaft awer schonn eng Gesellschaft vu Migranten, gepräägt duerch d'Zesummeliewe vu Persounen aus ganz verschiddenen Horizonter.

Zousazinformatioun

1898 ass d'Zuel vun den Italiener méi héich ewéi déi vun den Däitschen, a si representéiere vun elo un dee gréissten auslännesche Contingent an de Minnen a Schmelzen. Vun 1899 u ginn et méi auslännesch wéi lëtzebuergesch Aarbechter an der Stol- a Biergbauindustrie. 1913 maache si 60 % vum Personal an der Stolindustrie aus.
Eng aner Charakteristik vun der Immigratioun an der Lëtzebuerger Industriegeschicht: Aus sozialer Siicht handelt et sech ëm eng duebel Immigratioun. Si besteet engersäits aus enger qualifizéierter Main d’œuvre vu Cadren, Ingenieuren, Viraarbechter, Techniker, an anerersäits aus enger Main d’œuvre ouni fachlech Qualifikatioun, zesummegesat aus Hëllefsaarbechter, déi am Transport, Fräiraumen a Beluede beschäftegt sinn. Déi Däitsch besetzen haaptsächlech d'Poste vu Maschinisten, Monteuren, Techniker an Ingenieuren.
D'Mass vun den Hëllefsaarbechter sinn awer Italiener, fir d'éischt op de Chantiere vun de Schmelzen, déi gebaut ginn, wéi déi zu Déifferdeng, Diddeleng an Esch/Belval. Nodeems d'Schmelze fäerdeg waren, maache si déi penibelst Aarbechten, déi och am schlechtste bezuelt waren: Beluede vun den Héichiewe mat de Buggien, Geleeënheetsaarbechten asw.
Während déi Däitsch mat hire Famille kommen a sech dauerhaft nidderloossen, sinn et bei den Italiener gréisstendeels jonk onbestuete Männer, déi ganz mobil sinn, an net nëmme vu Schmelz zu Schmelz mä souguer vun enger Industrieregioun an déi aner zéien.

13
  • Charles Bernhoeft (1890/2/214) © Phototèque de la Ville de Luxembourg
    D'Vallée d'Eich vum Pabeierbierg (1890)

B. D'Entstehung vun der moderner Gesellschaft

Zwee géigesätzlech Universume sti sech am Lëtzebuerg vum Enn vum 19. Joerhonnert géintiwwer: déi ländlech an déi industriell Welt, de landwirtschaftlechen Norden an dee vun der Stolindustrie gepräägte Süden.

13

Aus der Siicht vum soziale Status stellen déi kleng landwirtschaftlech Proprietären de Groussdeel vun de „Selbststännegen” duer, während et sech bei de „Salariéen” haaptsächlech ëm Industrieaarbechter handelt. Duerch d'Industrialiséierung entsteet och eng nei Zort vun zilstrebeger Bourgeoisie: d'Geschäftsbourgeoisie.

D'Patrone vun de Schmelzen, d'Fabrickhären, awer och d'Ingenieuren, d'Affekoten an d'Notairen, déi mat dëse Kreesser verbonne sinn, verdrängen no an no d'Bourgeoisie vu Proprietären, déi nach um Ufank vum 19. Joerhonnert d'politescht Liewen zu Lëtzebuerg bestëmmt huet.

Aus dëse bourgeoisen Dynastië wéi d'Famille Metz, Pescatore, Servais kommen tëschent 1842 an 1889 eleng 30 vun den 150 Deputéierten an der Chamber. Dës Famillen huelen no an no d'Leedung vum politesche Geschéck zu Lëtzebuerg an d'Hand.
Dës liberal an antiklerikal Bourgeoisie, déi d'Interête vun der Industrie vertrëtt, steet enger Bourgeoisie vu Proprietären, an, allgemeng, de Vertrieder vun der traditioneller Welt géintiwwer, déi fir d'kathoulesch Kierch, d'Landwirtschaft, d'Handwierk an de klenge Commerce antrieden.

13

Mat der industrieller Revolutioun entsteet eng nei sozial Klass: d'Aarbechter. Säit Männer a Fraen engem Patron hir Aarbechtskraaft fir eng Pai zur Verfügung stellen, zirkuléiert och d'Iddi, sech ze organiséieren, fir seng Rechter ze verdeedegen. Déi éischt Gewerkschaft vun de Stolaarbechter, inspiréiert vu vergläichbare Beweegungen am Ausland, gouf net 1916 mä den 19. Juli 1903 vum sozialistesche Schéireschläifer Jacques Thilmany gegrënnt.
De Staat reagéiert op dës Entwécklung mat enger repressiver Gesetzgebung, déi sech um belsche Code pénal inspiréiert.

Ee Joer méi spéit schléisst hie sech mat de lëtzebuergesche Sektioune vum Deutscher Metallarbeiterverband zesummen a probéiert mat Hëllef vu lëtzebuergeschen, däitschen an italienesche Riedner Dausende vu Schmelz- a Minnenaarbechter vun ënnerschiddlechen Nationalitéiten aus dem Minettsbaseng an de Faubourge vun der Haaptstad ze organiséieren. De selwechten Dag, also den 19. Juli 1903, grënnen aner militant Sozialisten d'Gewerkschafte vun den Holzaarbechter a vun de Bau- a Faïencerieaarbechter.

13
"Ceux qui, par attroupement et violences, voies de fait ou menaces, se seront opposés à l'exécution de ces travaux, seront condamnés à un emprisonnement de trois mois à deux ans. Les chefs ou moteurs seront punis d'un emprisonnement de 6 mois à 3 ans."
Artikel 290 aus dem Code pénal vun 1879
(source)
Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1879, Nr. 58, Art. 290, S. LXV
13

Lues a lues entsteet eng Form vu Sozialschutz. An enger éischter Phas ass dësen op d'Regelung vun der Fraen- a Kanneraarbecht an op d'Schafe vun engem gesetzleche Kader fir Mutualitéitsgesellschafte limitéiert. Tëschent 1901 an 1913 ginn eng ganz Rei vu Mesuren nom däitsche Modell agefouert: Krankeversécherung, Onfallversécherung, Invaliden- an Altersversécherung, de Sonndeg als Roudag, Aarbechtsinspektioun…
Um Ufank vum Joerhonnert si vu ronn 15.000 Industrieaarbechter der héchstens 1.000 a Schmelzaarbechtergewerkschaften organiséiert. Bis 1914 ass d'Aarbechterklass eng marginaliséiert Klass.

D'sozialistesch Partei, déi 1903 entsteet, gëtt vun Intellektuelle gegrënnt, déi hire Kampf op e parlamentareschen Niveau setzen. Fir si gëtt d'Emanzipatioun vun der Aarbechterklass virun allem iwwer e politeschen, haaptsächlech parlamentareschen, Kampf gefouert.

Um parlamentaresche Plang alliéieren dës Sozialiste sech iwwregens mat der liberaler Bourgeoisie a bilde vun 1908 bis 1915 de majoritären „Lénksblock”, als Oppositioun zu der kathoulescher Partei (Rietspartei), déi vun der Kierch ënnerstëtzt gëtt. D'Aarbechterwelt huet nach kee Matsproochrecht. Dee gréisste Gruef, deen zu deem Zäitpunkt d'ëffentlech Meenung deelt, ass deen tëschent deenen neie Mëttelschichtklassen, déi aus der Industrialiséierung ervirgoungen, an der neier urbaner Gesellschaft op der enger Säit, an der kathoulescher Kierch, déi d'Säkulariséierung an d’zounehmend Autonomie vun der ziviller Gesellschaft net akzeptéiere wëll, op där anerer Säit.
Et ass deemno eng ganz nei Welt, déi aus der industrieller Revolutioun vum laangen 19. Joerhonnert am Grand-Duché erviergeet.

Zousazinformatioun

Nieft der Aarbechterklass entsteet d'Mëttelschicht vum Salariat: Employéen an de Fabricken, op der Eisebunn, an de Banken, awer och, mat der Entwécklung vum ëffentleche Secteur, Staatsbeamten, Schoulmeeschter a Professere mat der Entwécklung vum Enseignement, Commerçanten an Employéen am Distributiouns- an Déngschtleeschtungssecteur. Och d'Press entwéckelt sech däitlech weider. Tëschent 1872 an 1914 ginn iwwer fofzeg Zeitunge publizéiert. Lëtzebuerg huet ewell eng ëffentlech Meenung. An alle soziale Milieuen entsti Verbänn: Aarbechter, Employéen, Beamten, Commerçanten, Handwierker.
All dës Gruppe fuerderen hiert Stéck vum Kuch. De Staatsbudget gëtt vun 2,6 Millioune Frang am Joer 1843 op 5,3 am Joer 1870 eropgesat a läit 1913 bei 20,6 Milliounen. Um Virowend vum Éischte Weltkrich gëtt d'nationaalt Pro-Kapp-Verméige zu Lëtzebuerg op 11.568 franséisch Goldfrang geschat (Belsch: 7.247; Frankräich: 5.851; Däitschland: 4.700).

14

A. D'Entwëcklung vun der Wirtschaft nom Éischte Weltkrich

a. Vum Zollveräin zur UEBL

Déi däitsch Nidderlag bréngt logescherweis den Austrëtt aus dem Zollveräin mat sech (19. Dezember 1918). Et gi schwiereg Zollverhandlunge mat Frankräich a mat der Belsch gefouert.

D'Lëtzebuerger Preferenze ginn a Richtung Frankräich. Dofir gëtt et eng Rei vu Grënn, wirtschaftlecher a politescher Natur. Genee wéi Däitschland mat sengem Zollveräin bitt Frankräich e risege Maart, dee Kontinentalfrankräich an d'Kolonien ëmfaasst. Déi villfälteg wirtschaftlech Verbindunge mat sengem Noper Loutrengen, sengem Eisenäerz-Fournisseur, wieren erëm hiergestallt. Déi zwee Haaptwirtschaftssecteuren, d'Stolindustrie an d'Landwirtschaft, optéiere kloer fir Frankräich. Zu de politeschen a sentimentale Virléifte kommen och nach wirtschaftlech Interêten. D'Milieue vun der Bourgeoisie, awer och d'Aarbechterschichten, si vun enger staarker Francophilie gepräägt.

14

D'Lëtzebuerger Regierung decidéiert, d'Vollek an engem Referendum iwwer d'Fro vun der wirtschaftlecher Ëmorientéierung - nieft der politescher Fro vun der zukünfteger Staatsform, Monarchie oder Republik - ofstëmmen ze loossen. Den 28. September 1919 optéieren 73 % vun de Lëtzebuerger Wieler fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich, géint 27 % fir eng Unioun mat der Belsch. Onzefridde mat dësem Resultat brécht d'Belsch d'Verhandlungen of.

Mä d'Preferenze vun engem Vollek sinn eng Saach, d'Prioritéiten, déi den internationale Kontext opzwéngt, eng aner. Wéi am Joer 1842 ginn d'Decisiounen hannert dem Réck vu Lëtzebuerg getraff. Frankräich, dat méi ëm d'politesch Ënnerstëtzung vun der Belsch besuergt war, refuséiert den 10. Mee 1920 déi lëtzebuergesch Offer.

14

D'Verhandlunge mat der Belsch, déi virun zéng Méint ofgebrach gi waren, lafe ganz zéiflësseg erëm un. Ofgeschloss gi se de 25. Juli 1921 mam Ënnerschreiwe vum Vertrag iwwer d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun (UEBL), déi am Mäerz 1922 a Kraaft trëtt.
D'UEBL setzt der wirtschaftlecher Isolatioun, un där Lëtzebuerg riskéiert huet, ze erstécken, en Enn.

An awer kann d'Ëffnung vum belsche Maart fir lëtzebuergesch Produiten d'wirtschaftlech Ofhängegkeet vun deenen aneren zwee Noperen net kompenséieren: Frankräich, den Äerz-Liwwerant, an Däitschland, Coke-Liwwerant a gréissten Ofsazmaart fir industriell Produiten. An deem Kontext erzwéngt de Broch mat Däitschland 1919 net nëmmen eng ekonomesch Ëmorientéierung mä och eng radikal industriell Restrukturatioun.

14

b. Déi wirtschaftlech an industriell Restrukturatioun

D'Patrone vun der Stolindustrie, déi enger ëmmer méi staarker internationaler Konkurrenz ausgesat sinn, sinn déi éischt, déi vun 1918 un d'industriell Restrukturatioun an d'Weeër leeden.

Zousazinformatioun

Ënnert dem Impuls vun Dirigeante vun europäeschem Format wéi den Emile Mayrisch an de Gaston Barbanson, déi de Grupp ARBED leeden, beschränke si sech net op eng kuerzfristeg Industriepolitik. Si gesi méi wäit a wëlle sécherstellen, datt d‘Stolindustrie iwwer eng zolitt Basis a Punkto Rohstoffer (Äerzer, Brennstoffer) verfüügt, a gläichzäiteg d'Produktioun erweideren. No den Traitéen an der Nokrichszäit kënnen déi däitsch Fabricken hir Positioun op der lénkser Säit vum Rhäin net méi halen. Franséisch-belsch-lëtzebuergesch Konsortien iwwerhuelen dee Moment d'Fabricken, déi vun den Däitsche kontrolléiert goufen.

14

Déi lëtzebuergesch Patrone vun de Schmelze si sech bewoosst, datt d'Debouchéen e grousse Problem duerstellen a maache sech ouni Kompromësser fir de Weltmaart op, andeem si sech Verkafscomptoiren zouleeën. 1920 grënnen d'Arbed an Terres Rouges d‘Columeta (Comptoir Métallurgique Luxembourgeois, haut Trade Arbed), déi sech exklusiv ëm de Verkaf vun de Produite vun hire Schmelze këmmert. An Holland, Italien an an Éisterräich ginn nei Marchéen op. Columeta installéiert sech a Brasilien, Indien a Japan.

Mat sengem gutt ausgebaute Reseau vu Filialen an Agencen, déi eng breet Gamm vun ënnerschiddleche Produiten ubidden, geléngt et dem Comptoir besonnesch am Joer 1921, d'Auswierkunge vun der Kris fir seng Societairë staark ofzeschwächen.

Den Austrëtt aus dem Zollveräin war fir d'Lëtzebuerger Stolindustrie eng richteg Erausfuerderung. Si huet dorop geäntwert, andeem si hir Ofhängegkeeten diversifiéiert an doduerch enorm un Autonomie gewonnen huet.

Zousazinformatioun

Déi belsch-lëtzebuergesch Stolindustrie gëtt den éischte Stolexporteur op der Welt a representéiert fir sech eleng een Drëttel vum Weltmaart.

14

Et ass déi, aus der Siicht vun hirer Entwécklung a Gestioun gekuckt, lëtzebuergeschst Gesellschaft, d'Arbed, déi am meeschte vun dëser industrieller a kommerzieller Restrukturatioun profitéiert. De Grupp Arbed-Terres Rouges huet eng däitlech Virherrschaftstellung an der Metallurgie - e besëtzt besonnesch all d'Schmelzen am Escher Baseng - an domat och an der Lëtzebuerger Wirtschaft iwwerholl. 1928 ass de Grupp dann och den zweetgréisste Stolgrupp an Europa hannert de Vereinigte Stahlwerke vum Däitschen Thyssen.

Aus deem Grond setzt den Emile Mayrisch, de Patron vun der Arbed, alles drun, fir zu engem Rapprochement vu Frankräich an Däitschland bäizedroen an dem Stolkrich, deen déi zwee Länner zanter 1918 féieren, an dee mat der Besetzung vun der Ruhr 1923 säin Héichpunkt erreecht hat, en Enn ze maachen. Well hien an den däitschen a franséische Siderurgiekreesser geschätzt gëtt, decidéiert hien, eng Vermëttlerroll ze iwwerhuelen. No ville Schwieregkeete geléngt et him am September 1926, „d'Entente Internationale de l'Acier“ ze grënnen. Si ersetzt den onkontrolléierte Wettbewerb duerch eng ofgeschwaten Opdeelung vun der Produktioun tëschent Däitschland, Frankräich, der Belsch, Lëtzebuerg an dem Saarland.

14
  • Onbekannt (1920/5/1940) © Phototèque de la Ville de Luxembourg
    D’Ateliere vun der ARBED zu Dummeldeng a Beggen (1920)

Vir- an nogelagert Participatiounen, Erschléissung vun neie Mäert, Kartellpolitik, all dës Aspekter ënnersträichen den Dynamismus vun Entrepreneure wéi dem Mayrisch. Et ass och dësen Dynamismus, deen et der Lëtzebuerger Stolindustrie am Endeffekt erméiglecht huet, hir Onofhängegkeet géintiwwer hire Partner aus dem Finanz- an Industrieberäich ze behaapten a sech un d'Schwankunge vun der europäescher a weltwäiter Nofro an der Tëschekrichszäit unzepassen. 1926 ass den Niveau vun der Gossproduktioun aus dem Joer 1913 nees erreecht (2.560.000 Tonnen).
1929 ass e Rekordjoer, souwuel fir de Goss wéi fir de Stol a Walzprodukter; dësen Niveau gëtt bis zum Joer 1951 net méi erreecht (2.900.000 t Goss, 2.700.000 t Stol an 2.100.000 t Walzprodukter).

14

c. De wirtschaftleche Wuesstem gëtt gebremst

An der Schwéierindustrie selwer ass d'Tëschekrichszäit souwuel eng Zäit vu groussen Ëmstellunge wéi och eng Zäit vun der Konsolidatioun. Néi Sitte gi keng méi geschaf.
Fir déi kleng Exportwirtschaft Lëtzebuerg ass de Réckgang vun der weltwäiter an europäescher Demande am Stolberäich e grousse Problem. D'Nofro ass haaptsächlech an deene Länner gewuess, déi ënnert dem Schutz vu staarken Zollbarrièren hir eege Stolindustrie opgebaut hunn (UDSSR, Japan, Kanada).

Zousazinformatioun

Tëschent 1913 an 1950 zielt den Taux de croissance vum nationalen Akommes vu Lëtzebuerg, genee wéi dee vu Frankräich an der Belsch, zu deenen déifsten an den industrialiséierte Länner. Wéi an der Belsch gëtt et och hei zwou strukturell Erklärungen: engersäits déi dominant Roll vun der Schwéierindustrie an der Wirtschaft an anerersäits déi virrangeg Ausriichtung vun dëser Wirtschaft op den Export.
D'Stol- a Biergbauindustrie beschäftegt 60 % vun der Industrie-Main d'œuvre am Joer 1913, a 60 % am Joer 1939. Tëschent 1935 an 1939 si ronn 90 % vun den Industrieexporter Produkter aus der Metallindustrie. D'Allmuecht vun dësem Secteur erkläert, firwat net genuch an aner Secteuren investéiert gëtt.

14

B. Déi sozial Erausfuerderungen an der Tëschekrichszäit

a. Eng nei Parteielandschaft

D'Demokatiséierung duerch d'Aféierung vum allgemenge Walrecht, och fir Fraen, an der Nokrichszäit kënnt der sozialistescher Gauche, déi dëst zanter Jore gefuerdert hat, net zegutt. An dëser jonker Industrienatioun huet de Gros vun der Bevëlkerung eng ländlech, traditionell a konservativ Mentalitéit behalen. D'Fraen an dat „déift“ Lëtzebuerg wiele kathoulesch. D'Rietspartei ass de grousse Gewënner vun de Walen 1919.

Parallel dozou brécht d'sozialistesch Partei, déi sech der Gefor bewosst ass, d'Aarbechter aus dem Minettsbaseng ze verléieren, mat hirem liberalen Alliéierten a probéiert, sech am industrielle Süde vum Grand-Duché ze etabléieren. 1924 hëlt d'sozialistesch Partei ostentativ den Numm Aarbechterpartei un. Op hirer lénkser Säit entsteet no enger Ofspléckung am Januar 1921 d'kommunistesch Partei, déi awer e schwéieren Ufank huet. D'liberal Partei hirersäits leit méi ënnert der sozio-ekonomescher Entwécklung an der Tëschekrichszäit.

14

b. D'Gewerkschaften an d'Aarbechterbewegung

Den Honger an de Misär zu Lëtzebuerg, dat vun der däitscher Arméi besat war, erklären 1916, firwat de Luxemburger Berg- und Hüttenarbeiterverband an de Luxemburger Metallarbeiterverband méi Succès hu wéi d'Pionéierorganisatiounen.

Zousazinformatioun

An der Nokrichszäit hu sech déi verschidde Gewerkschaften am Land mam Gedanke vun enger Eenheetsgewerkschaft gedroen. Dëse Wëlle scheitert awer un de korporatistesche Realitéiten an un de politeschen Diskrepanze vun der Zäit direkt nom Krich.

14

De Lëtzebuerger Syndikalismus deelt sech deen Ament op a lénksorientéiert Organisatiounen (déi no bei de Sozialisten oder Kommuniste stinn) wéi de BMIAV, kathoulesch Organisatiounen (no bei der Kierch a bei der Rietspartei) wéi den LCGB a schliisslech Organisatiounen, déi eng streng politesch Neutralitéit no bausse weisen (Employés- a Beamtenorganisatiounen). Hir Strategie verbënnt Dialogfäegkeet mat Konfliktbereetschaft. D'direkt Nokrichszäit huet esou eng dauerhaft historesch Traditioun am Grand-Duché agefouert, an zwar déi vum gewerkschaftleche Pluralismus.

Zousazinformatioun

An der Gewerkschaftszeen sinn et déi lénks Organisatiounen, déi dee gréissten Afloss ausüben, well si op d'Ënnerstëtzung vun deene meeschten Industrie- an Eisebunnsaarbechter ziele kënnen. D'Erofsetze vum reellen Aarbechterloun ëm 7 % an den 20er Jore léist eng nei Offensiv vun der Aarbechterbewegung aus. Nieft enger Lounerhéijung gëtt d'Unerkennung vun de Salariatsorganisatiounen, déi keng rechtlech Basis haten, als Diskussiounspartner an der Fabrik - iwwer d'Aarbechterdelegatiounen - an um Verhandlungsdësch, nieft der Regierung an dem Patronat, gefuerdert.

14

An de Reie vun der Regierung vun der Rietspartei, déi sech zanter 1921 op eng absolut Majoritéit an der Chamber stäipt, bedreift de chrëschtlech-soziale Flillek ënnert der Leedung vum Pierre Dupong eng Politik vun der sozialer Conciliatioun. 1924 ginn duerch e Gesetz am Ganze 5 Beruffschambere mat konsultativem Charakter agefouert, dorënner eng Chambre du Travail.

Zousazinformatioun

Bei den éischte Wale vun der Chambre du Travail, déi am Mäerz 1925 stattfonnt hunn, klappen déi fräi Gewerkschaften däitlech d'Lëschte vum LCGB an zwou konkurrent kommunistesch Lëschten. Andeems si hir Meenung zu Gesetzesprojeten oder groussherzogleche Veruerdnungen iwwer d'Aarbechtswelt ofginn an der Regierung Propositiounen ënnerbreeden, maachen d'Gewerkschafte Gebrauch vun enger net onbedeitender Tribün, op där si hir Iddien entwéckele kënnen.

14

1934 fänkt eng nei Serie vu soziale Kämpf un. Si gëtt gemeinsam vun der chrëschtlecher Gewerkschaft LCGB an der sozialistescher Gewerkschaft BMIAV gefouert an ass op zwee Ziler ausgeriicht: d'Erhéijung vun de Léin an d'offiziell Unerkennung vun de Gewerkschaften duerch d'Patronat.

Zousazinformatioun

D'Patronat refuséiert awer, Verhandlungen iwwer d'Fro vun de Léin ze féieren, während d'Regierung d'Ofstëmmung iwwert e Gesetz, dat Kollektivverträg an der Schwéierindustrie virschreift, an d'Längt zitt. Engersäits stäipt sech de gewerkschaftleche Kampf op d'Strategie vum Dialog an de Verhandlungen. Op där anerer Säit awer setze si sech nëmmen duerch, nodeem si hir Mobilisatiounskraaft ënner Beweis gestallt haten. De Beweis: eréischt no enger Massendemonstratioun vu 40.000 Aarbechter den 12. Januar 1936 huet d'Regierung Bech sech gezwonge gesinn, en Nationalen Aarbechtsrot (Conseil National du travail) anzeriichten, deen aus zwee Vertrieder vum Patronat an zwee Vertrieder vun de Gewerkschafte besteet an ënner der Leedung vun engem Vertrieder vun der Regierung steet. D'Aufgab vun dësem Rot ass et, d'Aarbechtskonflikter ze analyséieren an eng Verhandlungsléisung ze fannen.

14

D'sozial Errongenschafte si substanziell. D'gewerkschaftlech Fräiheete ginn duerch e Gesetz garantéiert. De faméisen Artikel 310 vum Code pénal gëtt ofgeschaaft.

Sera punie d'un emprisonnement de huit jours à trois mois et d'une amende de vingtsix francs à mille francs, ou d'une de ces peines seulement, toute personne qui, dans le but de forcer la hausse ou la baisse des salaires, ou de porter atteinte au libre exercice de l'industrie ou du travail, aura commis des violences, proféré des injures ou des menaces, prononcè des amendes, des défenses, des interdictions ou toute proscription quelconque, soit contre ceux qui travaillent, soit contre ceux qui font travailler.

II en sera de même de tous ceux qui, par des rassemblements près des établissements où s'exerce le travail ou près de la demeure de ceux qui le dirigent, auront porté atteinte à la liberté des maîtres ou des ouvriers.
Artikel 310 aus dem Code pénal vun 1879 (Source)

Den Nationalen Aarbechtsrot an den Ofschloss vu ville Kollektivverträg ënnersträichen, datt Lëtzebuerg um Enn vun den 1930er Joren am Beräich vun de soziale Relatiounen an eng nei, méi konsensorientéiert Phase antrëtt.

15

A. D'Wirtschaft während dem Zweete Weltkrich

Während dem Zweete Weltkrich gëtt de Grand-Duché, fir déi zweete Kéier an enger Generatioun, vun den Däitschen ugegraff a besat. D'Industrie gëtt komplett an den Déngscht vun der däitscher Krichswirtschaft gestallt. En Deel vun de Gesellschafte ginn ausgeraibert, während anerer un däitsch Gesellschafte verpacht ginn. Si alleguer musse sech den däitschen Uweisungen ënneruerdnen a sech intensiv um däitsche Krichseffort bedeelegen.

B. D'Schwéierindustrie markéiert d'Nokrichswirtschaft

An den Nokrichsjoren erlieft d'Stolindustrie eng leschte Kéier e gëllenen Zäitalter. Tëschent 1950 a 1970 klëmmt d'Stolproduktioun all Joer ëm 6 %. D'Schwell vun 3 Millioune gëtt 1951 iwwerschratt an erreecht 1974 d'Rekordzuel vu 6,5 Milliounen Tonne Stol.

Zousazinformatioun

Tatsächlech erreecht d'Stolproduktioun awer ni déi Ziler, déi vun den däitschen Servicer festgeluecht gi waren. Problemer bei der Cokeversuergung, net genuch däitsch Moyenen an Investissementer an déi néideg Renovéierungsaarbechte vun den Industrieanlagen, mä och mangelnd Kooperatioun vum Aarbechterpersonal, dat sinn d'Haaptgrënn fir de relativen Echec vun den däitsche Projeten.

15
  • Théo Mey (19520260) © Phototèque de la Ville de Luxembourg
    Verhandlungen zum Schuman-Plang (1952)

Lëtzebuerg profitéiert no 1950 vum Choix vun der Pionéierinstitutioun vun Europa, der CECA, fir den Opbau vun Europa virun allem op Kuel a Stol ze baséieren. Vun 1842 bis 1918 hat d'Lëtzebuerger Industrie den däitsche Maart. Tëschent 1921 an 1950 setzt si hir Produiten haaptsächlech um belsche Maart of. 1950 offréiert de Schuman-Plang - benannt nom franséischen Ausseminister, deen zu Lëtzebuerg gebuer gouf an do an d'Primärschoul an an de Lycée gaangen ass - Lëtzebuerg e Bannemaart vun 180 Milliounen Awunner, d. h. de franséischen an den däitsche Maart, op engem Plateau, a garantéiert fräien Zougang zu de Rohstoffer vun der Ruhr. De Sëtz vun der Haute Autorité de la CECA gëtt an d'Stad Lëtzebuerg geluecht, nëmmen e puer Schrëtt vum Verwaltungsgebai vun der Arbed ewech. D'Exporter an d'CECA-Länner klamme vun 41,7 % vun der Industrieproduktioun am Joer 1951 op 73,9 % am Joer 1969. Den Integratiounsprozess ass d'Grondlag fir de kontinuéierleche Wuesstem vun der lëtzebuergescher Stolproduktioun zanter 1950.

 

15

C. D'Agräife vum Staat: industriell Diversifikatioun a Finanzplaz

D'strukturell Verännerungen um Weltstolmaart an déi ëmmer méi international orientéiert Strategie vum Grupp Arbed loossen d'Gefore vum lëtzebuergeschen industrielle Monolithismus ëmmer méi däitlech ginn.1

Vun 1962 u leet d'Regierung eng Politik vun der industrieller Diversifikatioun an d'Weeër. Si profitéiert dovun, datt ëmmer méi amerikanescht Kapital an d'Länner vum Marché commun investéiert gëtt. Schonn am Joer 1949 hat den amerikanesche Pneue-Fabrikant Good Year eng Filial zu Colmer-Bierg installéiert.2

Zousazinformatioun

1Dëse Monolithismus gëtt duerch d'Verschwanne vun de klengen a mëttelgroussen traditionellen Industrien (Gierwerei, Stoff, Bekleedung, Händschen, Papeterie) nach verstäerkt. Aus deem Grond entwéckelt sech d'Lëtzebuerger Regierung zu engem entscheedenden Acteur am Wirtschaftsliewen. D'Staatsausgabe gi vun 2 Milliarde Frang am Joer 1945 op 28 Milliarden am Joer 1975 erop.

2Vun 1962 un installéiere sech Dosende vu klengen a mëttelgrousse Betriber, um Ufank haaptsächlech amerikanescher (Dupont de Nemours, Monsanto, Eurofloor, Commercial Hydraulics, Cleveland), zu Lëtzebuerg.

15

Déi selwecht volontaristesch Politik féiert vun 1960 un zum Opbau vun enger Finanzplaz mat internationaler Ausriichtung zu Lëtzebuerg. Ënnert dem Impuls vum Pierre Werner, en Expert a Finanz- a Währungsfroen, dee vun 1959 bis 1974 un der Spëtzt vun der Regierung steet, entwéckelt de Grand-Duché e ganzt Arsenal u legislative Mesuren, déi d'Finanzdéngschtleeschtunge fërderen.

A virun allem geschitt zu Lëtzebuerg, laangfristeg gekuckt, den Iwwergang vun engem dreiwende Motor vun der Wirtschaft zu engem anere grad nach matzäiten, virun der weltwäiter Kris vun 1973/74.

15

D. D'Tertiäriséierung vun der Gesellschaft

D'Opbléie vum Finanz- an Europazentrum an der lëtzebuergescher Haaptstad féiert zu enger regelrechter Explosioun vum Tertiärsecteur vun den 1960er Joren un.

15

E. D'Immigratiounen an der postindustrieller Zäit (1984 bis haut)

Well net genuch Aarbechtskräften um nationalen Aarbechtsmaart ze fanne waren, huet déi staark Nofro vun den 1950er Joren un zu enger neier Awanderungswell gefouert. Den Undeel vun Awanderer un der gesamter aktiver Bevëlkerung klëmmt vun 11,4 % am Joer 1947 op 21 % am Joer 1970. 1970 sinn 18 % vun der Bevëlkerung am Land Auslänner (1997 sinn et der 34 %). Vun den 1960er Joren u kënnt et zu neie Migratiounsstréim. D'Männer schaffe virun allem am Bausecteur, während d'Fraen als Botzfra täteg sinn.
An den 1980er Jore mécht d'Immigratioun souwuel e quantitative wéi och e qualitative Sprong.

15

Nieft der traditioneller Aarbechtsmigratioun mat enger gréisstendeels onqualifizéierter Main d’œuvre, zitt d'Banken- an Europazentrum an der Haaptstad ëmmer méi qualifizéiert Aarbechtskräften aus den Nopeschlänner an aus de Länner, déi no an no der Europäescher Unioun bäitrieden, un. D'Zuel vun de Frontalieren aus Frankräich, der Belsch an Däitschland, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, klëmmt vun 20.000 am Joer 1986 op 150.000 am Joer 2009 (44 % vun der erwerbstäteger Bevëlkerung), dat entsprécht engem Drëttel vun der aktiver Bevëlkerung.

15

F. Gesellschaftlech Bezéiungen am Wandel: d'Ära vun der Participatioun

Um Niveau vun de Gewerkschaften ass d'Aarbechterwelt ëmmer nach opgespléckt op sozialistesch, chrëschtlech a kommunistesch Gewerkschaften. De gewerkschaftleche Pluralismus huet sech an der Nokrichszäit nach weider verstäerkt. Am Géigesaz zu de Jore virum Krich maachen d'Gewerkschafte grouss Efforten, fir d'immigréiert Aarbechter ze integréieren an hir Interêten ze verdeedegen.
Als Géigegewiicht zu engem Patronat, dat och gutt organiséiert war (Handelskummer, Industriellefederatioun, Gruppement vun de Stolindustrien), kréien d'Gewerkschaften ëmmer méi Bedeitung am sozialen a politesche Liewen.

An der Nokrichszäit gouf hir Aktioun och op gesetzlechem an institutionellem Plang unerkannt. Mam Gesetz vum 12. Juni 1965 iwwer d'Kollektivverträg hu si e wichtegt Zil erreecht. D'Gesetz mécht d'Conciliatioun zur Haaptcharakteristik vun de Bezéiungen tëschent Patronen a Gewerkschaften zu Lëtzebuerg.

An dësem originelle legislative Kader huet de soziale Konsens Virrang virun der Konfrontatioun. D'Streike si rar an zäitlech begrenzt. Am Allgemengen ass et an engem Klima vum soziale Fridden, duerch Verhandlung a Participatioun, wou eng kontinuéierlech Verbesserung vun de Liewensbedéngunge vun Aarbechter an Employéen assuréiert gëtt.

Zousazinformatioun

De wichtegsten Aspekt ass d'Verhandlungsflicht. D'Gesetz schreift vir, datt e Chef d'entreprise net refuséiere kann, Verhandlungen am Hibléck op e Kollektivvertrag opzehuelen, wann déi qualifizéiert Vertrieder vum Personal dat fuerderen. D'Gesetz vun 1965 bestätegt a präziséiert d'Conciliatiounsprozedur virun all Streik zu Lëtzebuerg. Wann déi qualifizéiert Vertrieder vum Salariat a vum Patronat bei der Verhandlung iwwert e Kollektivvertrag zu kenger Eenegung kommen, muss de Konflikt virun den Office national de conciliation, deen 1945 ageriicht gouf, bruecht ginn. Dëst Organ besteet, nieft dem Conciliateur, aus engem Vertrieder vum Aarbechtsministère, deen de Virsëtz féiert, dräi Vertrieder vum Patronat an dräi vun der Gewerkschaft. Wann de President der Meenung ass, datt all d'Conciliatiounsmoyenen erschöpft sinn, gëtt d'Non-conciliation an engem Procès-verbal festgehalen. Eréischt da kann et zu engem Streik kommen. D'Parteie kënnen awer och e Mediateur mat der Léisung vun hirem Konflikt beoptragen.

15

G. Eng nei Gewerkschaft fir eng nei Welt

D'Tertiäriséierung vun der Wirtschaft a vun der Gesellschaft gëtt zu Lëtzebuerg vun engem Wuesstem begleet, deen op europäeschem Niveau nom Enn vun der Wirtschaftskris (Uelegschock, Stolkris) an de Joren 1975 bis 1985 aussergewéinlech ass. Parallel zu dësem Wuesstem klëmmt och d'Beschäftegung op genee esou eng aussergewéinlech wéi bestänneg Manéier no 1985.

Zousazinformatioun

D'Gesamtbeschäftegung (beruffstäteg Residenten a Frontalieren) huet sech tëschent 1960 an 2016 verdräifacht an ass vun 132.700 Persounen am Joer 1960 op 152.000 am Joer 1985 a 405.600 am Joer 2015 geklommen. Erméiglecht gouf dësen Opschwong no 1985 virun allem duerch d'Aarbechtskraaft vun de Frontalieren an den Awanderer.

15

D'Bevëlkerung vum Land huet sech hirersäits tëschent 1961 (314.900 Persounen) an 2016 (576.249 Persounen) bal verduebelt. Wéi mir uewe gesinn hunn, huet och d'Immigratioun sech tertiäriséiert. Den Aarbechtsmaart huet sech deemno komplett verännert.
D'Tertiärrevolutioun huet och de beruffleche Status vun de Lëtzebuerger Residentë verännert. Wann 1970 nach 45 % vun de lëtzebuergesche Beruffstätegen Aarbechter waren, ass dësen Undeel 2001 bis op 30 % zeréckgaangen. 2001 hu bal 40 % vun de lëtzebuergesche Beruffstätegen an de sougenannten „protegéierten” Secteuren an der Fonction publique oder a parastaatleche Secteure geschafft: ëffentlech Verwaltung, Enseignement, Produktioun a Verdeelung vu Stroum, Gas a Wäermt, Eisebunnverkéier, Post an Telekommunikatioun, staatlech konventionéierte soziale Secteur.

Och wann duerch de Wuesstem vum PIB a vun der Beschäftegung an duerch d'sozial Verhandlungsstrukturen d'Akommes vun de Stéit während de Joren 1985 bis 2005 däitlech an d'Luucht gaangen ass, a Lëtzebuerg op déi éischt Plaz vum verfügbare Medianakommes an der Europäescher Unioun geréckelt huet, ass och d'Aarmut geklommen an d'Ongläichheeten hu sech verstäerkt. Dës Ongläichheete konnten nëmmen duerch d'Mechanisme vum Sozialtransfert (Pensiounen a Prestatioune fir d'Famillen) fir méi schwaach Stéit an eeler Leit ofgeschwächt ginn. Ausserdeem geet d'reellt Akommes vun de Stéit zanter 2005 net méi an d'Luucht.

Rop

01

 

01

rof