Back to top

Sprooch

/sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.1_0.png?itok=GeCCm-EZ
4
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.2.png?itok=gLs1EVs9
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.2.png?itok=dlplu3Nr
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.1.png?itok=0sJdfhpq
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.2_0.png?itok=cHBEhsP7
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.2_0.png?itok=7L8jYvU6
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.3_0.png?itok=x_rML2_1
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.3_0.png?itok=Ktkv9mIq
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.4_0.png?itok=quCcRQ9O
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.1_1.png?itok=EKfW2WTS
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.1_1.png?itok=jQiA60XT
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.2_1.png?itok=hHyWVj5m
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.1_2.png?itok=UusUEGYe
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.1_2.png?itok=Y_3HisR-
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_4.4_1.png?itok=G07dhKo8
17
  • Charles Bernhoeft (1903/4/598) © Phototèque de la Ville de Luxembourg
    D’Aweiung vum Monument vun de Nationaldichter Dicks a Lentz den 11.11.1903

A. Lëtzebuergesch, eng jonk Sprooch

Den 11. Oktober 1903, bei der Aweiung vun engem Denkmal fir déi zwee Dichter Michel Lentz an Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, hält deen deemolege Regierungschef Paul Eyschen eng erstaunlech Ried. An hir dréckt sech eng Geschichtsopfaassung aus, déi gepräägt ass vun der vun der Ideologie: ee Staat – eng Natioun – eng Sprooch, eng Ideologie, an där d’Sprooch d’Natioun resp. d’Vollek verkierpert. D’Nationalgemeinschaft géif op gemeinsam Virfaren zeréckgoen, eng Verbindung, déi duerch d’Blutt erhale gëtt, dat et reng ze hale gëllt, genausou wéi d’Sprooch.

Zousazinformatioun

D’Sprooch wär „éiweg“ a géif sech ni änneren. Dat Erstaunlechst un dëser Ried ass, datt se op Lëtzebuergesch gehale gouf, well nach bis laang nom Zweete Weltkrich waren zu Lëtzebuerg praktesch all offiziell Rieden op Franséisch an de Paschtouer huet op Däitsch gepriedegt. Och wann déi agesiessen Awunner am Alldag „zënter Joer an Dag” ënnertenee Lëtzebuergesch geschwat hunn, hunn se dat zum Zäitpunkt vun der Ried an och nach laang doriwwer eraus als däitschen Dialekt betruecht an als Lëtzebuerger Däitsch bezeechent.

17
"Ons Sprooch (…) ass dem Vollek säi Geescht, de Lëtzebuerger Geescht. Ons Sprooch, dat ass de Muerch an de Schanken, 't as d'Blutt an onsen Oderen: duerch d'Blutt verierft sech den Aart; an di soll keen ons verdierwen...
17
... Ons Sprooch, dat ass den alen, hellegen Eechebam: Keng Mënschenhand huet e geplanzt, zënter dausend Joer gruewen sech séng Wuerzelen an onst Land."
Paul Eyschen (1903)
(source)
https://www.gutenberg.lu/db/2/1422104390600?com=0I4I0I0I; och an: WELTER, Niklaus: Das Luxemburgische und sein Schrifttum. Lëtzebuerg, 1914.
17

Fir déi haiteg Geschichtsschreiwung a Sproochwëssenschaft ass Lëtzebuergesch eng jonk Sprooch, déi eréischt zënter der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert lues a lues entstanen ass an och haut nach hire Status als Sprooch weider festegt. Nom Zweete Weltkrich ass de Begrëff vun der Ausbausprooch definéiert ginn, fir déi Sproochen ze beschreiwen, déi sech vun hiren Nopeschsproochen net primär aus linguisteschen, mee aus kulturellen an historesche Grënn ënnerscheeden. An et kann een och soen, datt den Ausbau vum Lëtzebuergeschen nach net ofgeschloss ass.

17

B. Wat ass eng Sprooch an eng Sproochgemeinschaft?

Sprooch léisst sech net op en Zeechesystem mat interne Reegele reduzéieren, si ass villméi den Ausdrock vun enger gesellschaftlecher Praxis vum Schwätzen. Genau geholl ginn et keng zwee Mënschen, déi d’selwecht schwätzen, och wa se zur selwechter Sproochgemeinschaft gehéieren, wéi z. B. där franséischer oder där däitscher.

Zousazinformatioun

Wann ee genee lauschtert, héiert een, aus wéi enger Regioun d’Spriecher kommen oder wéi gebilt se sinn. Männer schwätzen heiansdo anescht ewéi Fraen, Jonker anescht ewéi eeler Leit. Wat se verbënnt, ass dat implizit Wëssen ëm d’Reegele vun der Sprooch an d’Verënnerleche vun Normen an Astellungen.

17

D’Sprooch oder besser d’Schwätzen huet vill Funktiounen, déi een a véier grouss Kategorien andeele kann:

1) Kommunikatioun: Matenee kommunizéiere geet am einfachsten, wann ee vun Haus aus déi selwecht Sprooch schwätzt, soss ass een drop ugewisen, op d’mannst eng gemeinsam Sprooch ze hunn. Wann dat net de Fall ass, muss een sech mat Biller, Gesten an dem Gesiichtsausdrock hëllefen.

2) Identitéitsstëftung: gesellschaftlech Gruppen definéieren sech oft iwwer hir Sprooch. Dobäi handelt et sech net nëmmen ëm Nationalgemeinschaften, mee och ëm regional oder aner méi kleng Gruppen. D’Jugend a muench subkulturell Gruppe benotze gären eng eege Sprooch.

 

3) Kulturell Dimensioun: D’Wierder beinhalten ëmmer och eng Weltsiicht an Denkschemaen. Literaresch Wierker stellen e wichtege Patrimoine an e Rezeptakel vun der Geschicht duer.

4) Gesellschaftlech a wirtschaftlech Ressourcen: Richteg schwätze kënnen a (Friem)Sprooche beherrschen ass oft eng wichteg Zougangsviraussetzung zu villen Aarbechtsplazen. Och baussent der Aarbechtswelt gëtt een dacks iwwer d’éi Aart a Weis, wéi ee schwätzt, jugéiert. Richteg schwätze kënne stellt e Kapital um Aarbechtsmaart duer an esouguer doriwwer eraus.

17

Zum „richtege Schwätze“ gehéiert zu Lëtzebuerg d’Beherrsche vun deenen dräi Landessproochen: Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch. Wéi et dozou komm ass, datt Lëtzebuerg sech als dräisproocheg Sproochgemeinschaft versteet, weise mer an deenen nächste Kapitelen.

18
  • © Peter Gilles
    Den Territoire vun der Grofschaft Lëtzebuerg (1364)
  • © Peter Gilles
    Den Territoire nom Verloscht vu Gebidder u Frankräich (1659)
  • © Peter Gilles
    Den Territoire vum Groussherzogtum Lëtzebuerg nom Wiener Kongress (1815)
  • © Peter Gilles
    Den Territoire vum Groussherzogtum Lëtzebuerg nom Vertrag vu London (1839)
  • © Peter Gilles
    Den Territoire vum Herzogtum a Groussherzogtum Lëtzebuerg mat der Romanesch-Germanescher Sproochegrenz

A. D’Sproochegrenz trennt de Quartier Wallon an de Quartier Allemand

Schonn am éischte Joerdausend huet sech a Westeuropa eng Grenz tëschent däitsch- a franséischsproochege Gebitter erausgebilt. Haut ass d’Wëssenschaft sech eens, datt een dës net als Demarkatiounslinn tëschent zwee antagonistesche Vëlker interpretéieren däerf. Et ass net esou, datt germanesch Stämm den Territoire vun deene romaneschen eruewert hätten an datt d’Sproochegrenz do entstane wär, wou dës „Barbare“ gestoppt gi wären. Den Herzogtum Lëtzebuerg huet dës Sproochegrenz iwwerlappt a war an e Quartier Wallon an e Quartier Allemand agedeelt, wéi al Kaarte beleeën.

Zousazinformatioun

D’Grenz tëschent béide Quartiere war net identesch mat der Sproochegrenz an hat och nëmmen eng limitéiert Inzidenz op d’administrativ Praxis. Am Bewosstsinn vun de Leit war iewel kloer, datt et zwou separat Sproochgemeinschaften – eng germanesch an eng romanesch – ginn huet, déi sech net nëmmen duerch hir Sprooch ënnerscheet hunn. Esou kann een am Bertels senger Historia Luxemburgensis vun 1595 e Kapitel iwwer d’mores vun den Awunner liesen. Déi laténgesch Vokabel mores kann ee mat Liewenswandel, Charakter a Verhalen iwwersetzen.

18
  • © PD
    Leo Belgicus. Kaart vum Pieter van den Keere an Handrik Floris van Langren (1617)

Vun 1443 un ass d’politescht Schicksal vu Lëtzebuerg bal 400 Joer laang enk mat deem vun den haitegen Niederlanden an der haiteger Belsch verbonnen. Dat, wat grosso modo dem aktuelle Benelux-Raum entsprécht, ass Belgica, an Uleenung un d’réimesch Provënz Gallica Belgica, genannt ginn an ass kartographesch als belsche Léiw, Leo Belgicus, representéiert ginn.

18

Iwwer de Sproochgebrauch am Mëttelalter an an der fréier Neizäit ginn et ganz wéineg Quellen. Sécher ass, datt an de franséischsproochege Gebitter d’Vernakularsprooch d’Latäin relativ fréi ofgeléist huet.
Déi Adeleg hu Franséisch benotzt an déi einfach Leit haten eng Präferenz fir Däitsch.

D’Bierger aus de Stied, grad esou wéi d’Membere vum Klerus an aner gebilte Leit, well se meeschtens op der Uni zu Louvain studéiert haten, haten eng Präferenz fir Franséisch. Déi héich Fonctionnairen hunn exklusiv franséisch Schrëftstécker ënnerschriwwen. Déi mëttler Beamte vun der regionaler oder lokaler Verwaltung an d’Auslänner hunn d’Sprooch vun hirer Ursprongsgéigend benotzt. Esou och d’Membere vum Militär, déi meeschtens Fransousen a Walloune waren an dofir éischter Franséisch benotzt hunn.

18

 "Es war mir auffallend und demütigend für die deutsche Sprache, daß zwar die französische sich auf dieser Graenze noch eine Strecke in Deutschland hineinerstreckte, daß es aber umgekehrt keineswegs der Fall war. In dem ersten luxemburgischen Dorfe parlierten die Landleute noch, wiewohl sie auch Deutsch sprachen, ja sobald von ihnen geschrieben oder Geschriebenes gelesen werden sollte, so mußte es französisch sein. So forderten sie z.B. ihre Quittungen über gelieferte Fourage in dieser Sprache. In Longwy hingegen sprach man kein Deutsch mehr. Hier mit der Gränzeherrschte monarchisch nur die französische Sprache. Genau genommen ist es aber auch kein Wunder; denn in keinen graunhafteren Tönen tritt die deutsche Sprache auch wohl irgendwo auf als im Luxenburgischen. Es ist eine Sprache, die sich trefflich zum Geisterbeschwören oder für die Hexenaltfrau im Macbeth schicken würde. Und dieser abscheuliche Dialekt geht auch, nur wenig gemildert, noch im Triersehen fort.

Welcher an bessere Töne gewöhnte Franzose wird also nicht diese rauhe widrige Sprache von sich weisen? Eigentlich spricht man im Luxenburgischen (sic) fast noch ganz die alte deutsche Sprache, wie sie Luther in seiner Bibelübersetzung gebrauchte. Z.B. bey einer Bitte um Quartier in einem Dorfe: „Ey ihr Herre! eich kann euch nit aufnemme unter mei Dach, denn mei Mann ist nit daheime, der ist mit zween Eseln dem Heere nachgezogen.“ Diese altdeutsche Sprache würde nun freilich das Widrige nicht ausmachen, aber sie ist in einen so grauenvollen, halb heulenden Nasen- und Gurgelton eingekleidet, der so [...] langsam wie bebend einherrollt, daß es schon darum schwer hällt, Zutrauen zu diesen Leuten zu fassen. (…)"
Ee preussesche Feldpriedeger, dee 1792 beim Feldzuch géint Frankräich op Lëtzebuerg kënnt. (Source)

18

B. Zwou Sproochen an zwou „Natioune“ mat ganz ënnerschiddlechen Entwécklungen

De Begrëff Natioun an der Kapiteliwwerschrëft steet tëschent Gänseféisercher, well e spéider nach muss präziséiert ginn. Et kéint grad esou gutt „Vollek“ do stoen. Am spéiden 18. an am Laf vum 19. Joerhonnert sinn an Europa Nationalstaaten entstanen, déi sech net nëmmen national Gesetzer, mee och eng grouss Erzielung ginn hunn, mat där si hir Existenz legitiméiert an erkläert hunn, firwat d’Awunner zesummegehéieren. Dës Entwécklunge si jee no Staat ganz verschidden ofgelaf. Am Allgemenge gi Frankräich an Däitschland als zwee typesch Beispiller fir zwou entgéintgesate Méiglechkeeten an dësem Natiounsbildungsprozess ugesinn.

Zousazinformatioun

D’Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun war e Konglomerat aus ville klengen an e puer méi groussen Territoiren, dat vum 10. Joerhonnert un a bis 1806 bestanen huet an nëmme bedéngt als e Virleefer vum haitegen Däitschland kann ugesi ginn. Lëtzebuerg huet och dozou gehéiert als Deel vun de Burgundeschen, Spuenesche resp. Éisterräicheschen Niederlanden, bis dëst Räich sech ënnert dem Drock vum Napoleon sengem Feldzuch 1806 opgeléist huet.

18
  • Mémorial A 1804/5.
    Éischt Säit vum Code Civil des français du 21 mars 1804 (30 Ventôse de l'An XII), deen zu Lëtzebuerg agefouert gëtt.

Lëtzebuerg ass schonn 1794/95 duerch d’franséisch Revolutiounstruppen eruewert an dono en Deel vum Département des Forêts ginn. D’Franséisch Revolutioun raumt mat der Monarchie op. D’Bierger kréien all – ënnert dem Motto: Égalité, Liberté, Fraternité – déi selwecht Rechter. D’Gemeinschaft vun alle Bierger gëtt „nation“ genannt. Fir ze präziséieren, kann een déi esou definéiert Natioun och Staatsnatioun oder Staatsbiergernatioun nennen. Si ass e politescht Konstrukt, well se e fräiwëllegen Zesummeschloss vu gläichberechtegte Bierger ass, déi sech selwer Gesetzer, also Spillreegelen, ginn.

18

Deen neie Staat hat eng decidéiert zentralistesch Sproochepolitik. Fir dës Politik efficace organiséieren ze kënnen, sollt d’Situatioun um Terrain fir d’éischt beschriwwe ginn. A well Lëtzebuerg säit 1795 als Département des Forêts zu Frankräich gehéiert huet, ass an deem Kader déi éischt Dokumentatioun vum „dialecte en usage“ gemaach gi mat klenge Sproochbeispiller, der Declinaisoun vum Verb „avoir“ an e puer allgemenge Kommentaren.

 "Je n'ai rencontré (depuis quarante ans passés que je suis établi à Luxembourg) aucun livre, ni autre acte écrit en langue vulgaire du pays, dont les habitans des 2., 3. et 4eme arrondissemens parlent un mauvais allemand, dérivant de la langue teutone, et ceux du 1er arrondissement parlent la langue Wallone, qui est un français corrompu et dans la quelle je ne suis pas versé."
Notice sur le dialecte en usage dans la partie allemande du département des Forêts (1806) (Source)

18

Schonn um Enn vum 18. Joerhonnert war an der däitscher Romantik a bei däitsche Philosophen ewéi dem Johann Gottfried Herder eng Definitioun vum Vollek opkomm, an där d’Sprooch eng zentral Roll spillt. Si gëtt als Inkarnatioun vum Wiese vum Vollek, vun senger Séil souzesoen, ugesinn. Dës Virstellung huet sech zur Zäit vum Krich géint den Napoleon weiderverbreet a war och verbonne mat engem Impetus géint d’Franséischt als Sprooch vum Feind a vum Adel, iewel och als Sprooch vun allem Moudeschen a Futillen, dat d’Vollek vu senger eigentlecher Natur entfrieme géif. Dës gëtt z. B. an engem Lidd vum Ernst Moritz Arndt aus dem Joer 1813 zum Ausdrock bruecht, dat als inoffiziell Hymn vun der däitscher Eenegungsbeweegung ugesi gëtt.

18
"So nenne endlich mir das Land! So weit die deutsche Zunge klingt und Gott im Himmel Lieder singt: Das soll es sein! Das soll es sein! Das wackrer Deutscher, nenne dein! …
18
… Wo Zorn vertilgt den welschen Tand, wo jeder Franzmann heißet Feind, wo jeder Deutsche heißet Freund."
Ernst Moritz Arndt (1813)
(source)
Ernst Moritz Arndt, Was ist des Deutschen Vaterland?, ofgedréckt ob http://germanhistorydocs.ghi-dc.org/sub_document.cfm?document_id=237&la…
18

D’Zougehéieregkeet zum Vollek kann een nëmmen ierwen, esou wéi een d’Sprooch vu sengen Elteren ierft resp. un der Broscht vu senger Mamm opsaugt. Dofir nennt een dës Form d’Zesummeliewen ze denken och nach Ofstamungsnatioun oder Kulturnatioun.
Domat hu mer déi zwou typesch Definitioune vun der Natioun kenne geléiert. Déi däitsch ethno-kulturell, fir déi d’Natioun objektiv existéiert. Fir si kann een d’Nationalitéit eigentlech nëmme vun sengen Elteren ierwen (ius sanguinis). An där Virstellung ass en Ofrutschen an de Rassismus ugeluecht, wéi e jo och am Drëtte Räich geschitt ass. Dofir schwätzt een hei och nach vun enger Blut-und-Boden-Ideologie oder enger vëlkescher Ideologie. Déi franséisch politesch Definitioun dergéint bezitt all d’Awunner vum Staat mat an (ius solis).

Wéi de Wiener Kongress 1815 Europa nei organiséiert huet, ass dat ganz am Geescht vun der aler dynastescher Logik geschitt. Et ass ënnert anerem den Däitsche Bond dobäi erauskomm, dee ca. 40 kleng a grouss Staate federéiert huet, déi méi oder wéineger hir eegen Traditiounen an Identitéit haten. Dës huet éischter engem particularisme d’ancien régime, op Däitsch: Territorialpatriotismus des Untertanenstaats, entsprach wéi deem neien Nationalgedanken. Dësen huet am Däitsche Bond säi Wee gemaach, a wéi et an den 1830er Joren drëm gaangen ass, de Groussherzogtum opzedeelen, waren déi däitsch Diplomaten nëmme bereet, op dee wallouneschen Deel ze verzichten, well do d’Awunner, wéi et geheescht huet, souwisou keng richteg Däitsch wären.

18
Die Theilung des Großherzogthums Lützemburg könnte der erste Fall seyn, in welchem das Nationalitätsprincip zur Entscheidung politischer Streitigkeiten in praktische Wirksamkeit getreten wäre."
Bei der Lëtzebuerg-Kris vun 1867. Allgemeine Zeitung, 18. Abrëll 1867
19

A. De Sproochgebrauch nom Verloscht vum Quartier Wallon

Et ass ongewinnt, Lëtzebuerg als däitsche Staat ze bezeechnen, dobäi war de Grand-Duché bei senger Schafung 1815 ee vun de Staate vum Däitsche Bond an ass et bis 1866 bliwwen, wéi dësen duerch intern Konflikter ausernanergebrach ass.

Trotz dem Verloscht vum wallouneschen Deel 1839, nodeem praktesch nëmme méi eng däitschsproocheg Populatioun iwwereg bliwwe war, hunn d’Notabelen um Franséischen als Staatssprooch festgehalen an eent vun den alleréischte Gesetzer huet 1843 eng zweesproocheg Primärschoul geschaf. Aus dëser Ëmbrochszäit fënnt een éischt Beschreiwunge vun der Sproochesituatioun. Esou schreift den Daïtschprofesser vum Kolléisch Heinrich Stammer:

Zousazinformatioun

Wirtschaftlech war e bis zur Opléisung vum Däitschen Zollveräin 1919 ganz un Däitschland ausgeriicht, dofir geet dëst Kapitel bis 1922, wou mat der Union économique belgo-luxembourgeoise eng nei Period ufänkt an Däitsch vum Franséischen als Wirtschaftssprooch ofgeléist gëtt. D’Kapitel fänkt 1841 un, well eréischt vun do un, no der Promulgatioun vun enger Ständeverfassung duerch de Wëllem II., d’Lëtzebuerger d’Méiglechkeet kruten, sech selwer Gesetzer an Institutiounen ze ginn.

19

"Die lützelburger Sprache gehört zu den 236 Mundarten des eigentlichen Deutschlands. (…) In dieser Mundart verkehrt das Volk in und außer dem Hause; hingegen wird sowohl in den Kirchen in hochdeutscher Sprache gepredigt und katechisirt, als auch in den Schulen hochdeutsch gelehrt und gelernt. Zudem verstehen die Eingeborenen, selbst die Nichtunterrichteten den hochdeutsch sprechenden Fremden und erwiedern gern, so gut sie können, in hochdeutscher Sprache. Man bemerkt selbst, daß als dann die Aussprache viel weniger rauh, ja milde und angenehm wird.

Zwar wird auch im Lande von den Gebildeten und Unterrichteten und von den Einwohnern, die sich zu ihnen zählen, französisch gesprochen und geschrieben, wenn der Gegenstand die Politik, die Wissenschaft u. Anderes die Kunst betrifft, wofür das lützelburger Deutsch keine Worte hat; jedoch bemerkt man, daß sie sich ihrer Mundart bedienen, sobald die Unterhaltung das häusliche Leben, die sinnlichen Lebens-bedürfnisse, die gemüthlichen Zustände und dergleichen berührt, und daß sie selbst in der feurigsten französischen Unterhaltung nicht selten in die lützelburger Mundart verfallen, wann ein Gedanke oder eine Empfindung durch etwas jener Art veranlasst wird, und die Mittheilung von Herzen geht, wodurch denn die angeborene, unbewußte Neigung zur deutschen Natur, im Gegensatz zum angelernten fremden sich verräth."
Heinrich Stammer (1842) (source)

19

B. De Staat gëtt offiziell zweesproocheg

1848 briechen a verschiddenen europäesche Länner Revolutiounen aus. Och an de Memberstaate vum Däitsche Bond kënnt et zu méi oder manner staarken Onrouen. Lëtzebuerg huet zu deene Plaze gehéiert, wou et relativ roueg war, mee aus Angscht virum Vollek huet sech dat deemolegt Parlament, eigentlech eng Ständeversammlung, aus der Haaptstad op Ettelbréck zeréckgezunn an do ass fir d’éischte Kéier Lëtzebuergesch an engem parlamentareschen Debat gebraucht ginn. Den Deputéierten André huet e franséischen Auteur zitéiert – „Les droits d’un pays peuvent se débattre en patois“ –, ier en d’Sprooch gewiesselt huet, an anerer hunn him et nogemaach.

19
  • Digitaliséiert vun der Bibliothèque nationale du Luxembourg op http://www.eluxemburgensia.lu/BnlViewer/view/index.html?lang=fr#issue:196640 © PD
    D'Titelsäit vum Luxemburger Wort vum 18. Mee 1848 mat engem Artikel iwwert d'Sproochereegelung an der neier Verfaassung.

Am Vollek si Petitioune fir méi Demokratie an d’Aféierung vum allgemenge Walrecht zirkuléiert. Däitsch misst Verwaltungs-, Geriichts- a Gesetzessprooch ginn. D’Argumentatioun war engersäits praktesch-politesch – déi einfach Leit sollte verstoen, wat an de Gesetzer an an de Verträg steet, d’Notabele wéilten se mam Franséische kleng halen –, anerersäits typesch ethno-kulturalistesch. Nodeems d’Walloune vum Groussherzogtum getrennt wären, wären d’Lëtzebuerger en däitsche Stamm. D’Präsenz vum Franséische géif den Nationalcharakter korrumpéieren.

19
  • Constitution du 9 juillet 1848 du Grand-Duché de Luxembourg, Mémorialé législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg, Nr. 52, 1848, S. 395.
    Den Artikel 30 iwwert d'Sproochereegelung an der Verfaassung vun 1848

Iewel d’Vollek an d’Kierch, déi deemools mat hirer nei gegrënnter Zeitung Luxemburger Wort deem säi Porte-parole war, konnten sech net duerchsetzen. Déi héich Beamten an d’Notabelen, vun deenen déi allermeescht doheem och Lëtzebuerger Däitsch geschwat hunn, hunn um Franséischen als hirer traditioneller Schreifsprooch festgehalen, iewel an der Verfassung d’Gläichberechtegung vum Däitschen a vum Franséischen ageschriwwen.

19

Doranner kann ee en Agoen op d’Fuerderunge vum Vollek gesinn oder ganz einfach eng administrativ Noutwennegkeet, well an de Verwaltunge vun deene klenge Gemengen an an de Gemengeréit kaum ee Franséisch konnt. D’Gläichberechtegung bestoung iewel nëmmen um Pabeier. A Wierklechkeet hat d’Franséischt méi e grousse Prestige, wéi zum Beispill e Kommentar vum Sproochenartikel an der Verfassung an der regierungsnoer Zeitung Courrier du Grand-Duché de Luxembourg weist.

"Déjà les deux langues avaient été reconnues également nationales chez nous. L'une est, il est vrai, le jargon du Peuple, l'autre est la langue de la société, des affaires, de l'administration. La proscrire ou l'opprimer seulement, eût été se montrer rétrograde au premier degré ; combien d’ailleurs n'est-elle pas indispensable à un pays dont la frontière touche presque pour les trois quarts la France et à la Belgique."
Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, 1er juillet 1848

19

C. Lëtzebuerg an dat neit Däitscht Räich

1866 ass den Däitsche Bond opgeléist ginn a Lëtzebuerg war domat och keen däitsche Staat méi. 1870 ass et zum Krich tëschent Frankräich an enger Rëtsch däitscher Staten ënnert der Féierung vu Preusse komm. Dës hu gewonnen, Elsass-Loutrengen annektéiert an en neit Däitscht Räich gegrënnt, mat dem preisesche Kinnek Wilhelm I. als neiem däitsche Keeser.

Zousazinformatioun

Mat der Annexioun vun Elsass-Loutrengen hat Lëtzebuerg praktesch keng Grenz méi mat Frankräich. Déi loutrengesch Eisenindustrie an Eisebunne mat hire Lëtzebuerger Ofleeër sinn elo däitsch ginn an doduerch ass de Groussherzogtum, dee bis 1919 am Däitschen Zollveräin bliwwen ass, trotz senger politescher Neutralitéit wirtschaftlech nach méi staark vun Däitschland ofhängeg ginn.

19

No der Reichsgründung hunn sech Stëmmen aus der pangermanescher Beweegung gemellt, fir och d’Annexioun vum Groussherzogtum ze fuerdere mam Argument, datt et däitschsproocheg wär. Domat huet d’Sproochefro eng ëmmer méi grouss politesch Brisanz kritt. An der Tëschenzäit haten d’Lëtzebuerger sech un d’Méiglechkeet gewinnt, hiert Staatswiesen eegestänneg gestalten ze kënnen a wollten och dorunner festhalen.

Vis-a-vis vum vëlkeschen Diskurs an dem Argument, datt d’Lëtzebuerger wéinst hirer däitscher Sprooch zum Däitsche Räich gehéiere sollten, waren d’Lëtzebuerger intellektuell zimlech verluer. Datt Lëtzebuerger Däitsch eng eege Sprooch wär, huet deemools praktesch kee geduecht. Villméi ass diskutéiert ginn, ob d’Land an seng Sproochgemeinschaft een- oder zweesproocheg wären, däitsch oder däitsch-franséisch.

Zousazinformatioun

Als Beweis kann een eng Petitioun aus dem Joer 1871 mat 43.773 Ënnerschrëfte fir d’Selbstbestëmmung uféieren oder d’Tatsaach, datt de Feierwon (cf. Abschnitt: Lëtzebuerger Däitsch) elo mat engem neie Refrain gesonge gouf: „Mir wëlle jo keng Preise ginn.“

19
"Wir sind keine Enklave inmitten zweier Sprachgebiete, sondern wir sind ein echt deutscher Vorposten an der welschen Grenze."
Aus der Schoulmeeschter-Zeitung "Der Fortschritt" vun 1870
19

1881 ass an den Debaten zur Reform vun der Primärschoul där hir Zweesproochegkeet net méi fundamental a Fro gestallt ginn. D’Leit haten se acceptéiert an dat gläich aus dräi Grënn:
„L'enseignement primaire comprend nécessairement: l'instruction religieuse et morale; la langue allemande; la langue française; l'arithmétique; les éléments usuels des sciences physiques et naturelles; les éléments de l'histoire nationale et le luxembourgeois; les éléments de la géographie; le dessin; le chant; la gymnastique et les jeux scolaires; pour les filles, les travaux à l'aiguille et des notions d'économie domestique.“
Den Artikel 23 aus dem Schoulgesetz vum 10. August 1912 (Source)

Zousazinformatioun

1) Aus politesche Grënn: D’Zweesproochegkeet genausou wéi d’Traditioun, datt schonn am Mëttelalter d’Franséischt d’Haaptverwaltungssprooch war, ware gutt Argumenter fir d’politesch Onofhängegkeet géint de pangermaneschen Annexionismus ze verdeedegen.
2) Aus wirtschaftleche Grënn: Deemools si vill Leit a Frankräich besonnesch op Paräis oder an d’Belsch schaffe gaangen. Anerer hunn d’Handwierk op engem Tour de France geléiert. Franséisch huet als europäesch Verkéierssprooch eng ähnlech Roll gespillt wéi haut Englesch.
3) Aus gesellschaftleche Grënn: Franséisch war Viraussetzung fir d’Reussite an der Schoul an de gesellschaftlechen Opstig. Doriwwer eraus war et nach ëmmer d’Sprooch vun der Moud, dem Savoir-vivre an der Distinctioun. Säi Prestige war europawäit nach ëmmer ongebrach.

19

Déi frankophil Elite huet allerdéngs, deelweis zu Recht, d’Zweesproochegkeet a Gefor gesinn. D’Eisenindustrie, d’Eisebunn an d’Zollverwaltung ware ganz op Däitschland ausgeriicht an hate vill däitscht Personal. D’Zuel vun den däitschen Awanderer ass bestänneg an d’Luucht gaangen a virum Éischte Weltkrich waren 10 % vun den Awunner däitsch.

"L’allemand, s’il ne pénètre pas directement la vie intime où l’on n’use que du patois luxembourgeois, gagne dans le courant de la vie extérieure, dans les boutiques, dans les églises, à la caserne, à l’université, et c’est ce dernier point qui est fâcheux. (…) Le français n’est plus qu’une langue accessoire, un raffinement, le luxe d’une élite intellectuelle."
Poirier (Alliance française) (1905) (source)

19

Nom Éischte Weltkrich koum et zu enger ekonomescher Neiorientéierung a Form vun der Wirtschafts- a Wärungsunioun mat der Belsch (Union économique belgo-luxembourgeoise, 1922). Franséisch gëtt och d’Sprooch vun der Wirtschaft a mat de Produiten, déi aus der Belsch importéiert ginn, kënnt se an all Stot. Hiert Gewiicht an der Schoul hëlt zou. Am Léierplang vun 1922 gëtt déi däitsch Schreifschrëft (Kurrentschrift) ofgeschaaft. Bis dohin hunn d’Kanner zwou verschidde Schrëfte musse léieren.
No der ekonomescher Reorientéierung huet d’Bedeitung vum Franséischen nach weider zougeholl. D’Gesetzer sinn zwar weider an deenen zwou Sprooche publizéiert ginn, mee bei Onkloerheeten huet déi franséisch Versioun gezielt. Am Selbstverständnes vu senger Regierung war Lëtzebuerg elo e frankophone Staat.

Zousazinformatioun

1890 huet Lëtzebuerg mam Haus Nassau-Weilburg eng eegen, vun den Niederlanden onofhängeg Dynastie kritt. Dëst war zwar eng däitsch Dynastie, mee dat hat kaum Afloss op de Sproochgebrauch oder de Prestige vun de Sproochen.

19
"Dans l'administration, nous nous servons des deux langues, bien qu'une place privilégiée soit concédée au français, qui est la langue officielle."
Joseph Bech (1928)
(source)
Joseph Bech, Ried virun engem internationale Kongress, 1928.
19

D’Lëtzebuerger Sproochgemeinschaft kann een zu deem Zäitpunkt zweesproocheg nennen, net nëmme well formaljuristesch d’staatlech Administratioun zënter 1848 zweesproocheg war, mee well de Gros vun der Populatioun an sengem Selbstverständnes dës Zweesproochegkeet akzeptéiert hat.

D’Lëtzebuerger Sproochgemeinschaft kann een zu deem Zäitpunkt awer net dräisproocheg nennen, well déi iwwergrouss Majoritéit vun hire Spriecher d’Lëtzebuergescht nach ëmmer net als Sprooch ugesinn huet, obschonn den Ausbauprozess, deen zum Entstoe vun enger neier Sprooch féiert, scho weit fortgeschratt war. Am nächste Kapitel gesi mer, datt de Wandel vum Sproochgebrauch méi schnell war wéi de Wandel vun den Attitüden vis-à-vis vun der Sprooch.

Zousazinformatioun

Domat soll net gesot ginn, datt jiddereen déi zwou Sprooche genausou gutt a richteg geschwat huet. Wa mer soen, datt Frankräich frankophon oder datt Däitschland germanophon ass, heescht dat jo och net, datt all d’Awunner gläich gutt a richteg déi jeeweileg Standardsprooch schwätzen. Leit mat manner Bildung schwätze méi eng einfach Sprooch a beherrschen net d’Nuancë vum gehuewenen a formelle Gebrauch. Par Analogie kann ee soen, datt d’Lëtzebuerger Sproochgemeinschaft zweesproocheg war, well déi zwou Sproochen néideg waren, fir an der Gesellschaft a besonnesch an der Schoul ze reusséieren.

20

1841 steet als symboleschen Datum fir déi politesch Dynamik, déi d’Erausbildung vun enger neier Sprooch erméiglecht huet. Eréischt vun do un huet de Lëtzebuerger Staat eege Gesetzer an eegen Institutioune kritt, duerch déi eng eege Kommunikatiounsgemeinschaft entstanen ass, déi, wéi mer gesinn hunn, fir d’éischt zweesproocheg war, ier se dann als Reaktioun op déi sproochideologesch legitiméiert Annexioun vun Nazi-Däitschland dräisproocheg ginn ass. Mir halen 1984 op, well dunn an engem Gesetz dee Prozess, dee bal annerhalleft Joerhonnert am Gaang war, offiziell unerkannt ginn ass.

Zousazinformatioun

Scho virun 1841 hunn d’Awunner vum Quartier Allemand Lëtzebuerger Däitsch geschwat. Wann d’Groussherzogtum net als eegestännege Staat iwwerlieft hätt, da wär d’Wahrscheinlechkeet grouss, datt haut do genausou géif geschwat ginn wéi an deene Lëtzebuerger Territoiren ëm Bitburg, déi 1815 an déi preisesch Nidderrhäinprovënz agegliddert gi sinn. Houdäitsch mat eventuell regionaler Fierwung an Dialekt an ëmmer manner Kommunikatiounssituatiounen. Mat anere Wieder, et géif keng Lëtzebuerger Sprooch ginn.

20

A. Lëtzebuerger Däitsch

Den éischte gedréckten Text a Lëtzebuerger Däitsch gouf 1821 am Luxemburger Wochenblatt publizéiert. Et handelt sech ëm e Gespréich tëschent Passanten an ass eigentlech eng Publicitéit fir dës Zeitung, an där spéider weider kleng lëtzebuergesch Glosse publizéiert goufen. Dat éischt Buch E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus vum Antoine Meyer (1801-1857), engem Mathematiksprofesser op der Universitéit Léck, koum 1829 eraus. Am Journal de la Ville et du Grand-Duché du Luxembourg ass d'Buch mat folgende Wierder ugekënnegt ginn:

20
un volume de poésies en langue vulgaire du pays, connue sous la dénomination de Letzebourger Deutsch.
Journal de la Ville et du Grand-Duché du Luxembourg (1829)
(source)
Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg vum 2. September 1829
20
  • Foto vum Exemplaire vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik © GNU
    Bannen-Titelsäit vum Lexicon der Luxemburger Umgangssprache [...] vum Jean-François Gangler (1847)

Dem Jean-François Gangler seng Meritte fir d’Weiderentwécklung vun der Sprooch si besonnesch grouss, well hien 1847 deen éischte Lëtzebuerger Dictionnaire, de „Lexicon der Luxemburger Umgangssprache“, erausginn huet.

Zousazinformatioun

(Ënnert dem Stéchwuert "phrase" mécht de Gangler sech lëschteg iwwer d’Moud franséisch Friemwierder ze gebrauchen.)

20

Ënner deenen neien Institutiounen, déi en nationale Kommunikatiounskontext schafen, ass niewent der staatlecher Verwaltung an dem politesche Feld d‘Primärschoul besonnesch wichteg. Hir Schoulmeeschtere ginn an der Haaptstad ausgebilt a wiesselen am Laf vun hirer Carrière hir Plaz méi oder manner oft. Aus hire Reien entsteet eng nei Bildungsschicht, déi déi vill Museks- a Gesanksveräiner animéieren a literaresch Wierker schafe kann. Privilegiéiert Gattunge sinn hei kleng Theaterstécker, Lidder a Gedichter, déi bei alle méigleche Geleeënheeten opgeféiert kënne ginn.

Zousazinformatioun

Eng besonnesch Pionéierroll huet d’Gym (Société de gymnastique) gespillt, e Gesellegkeetsveräin an der Haaptstad, deen am Géigesaz zu sengem Numm net nëmmen en Turnveräin war. Do si géint 1850 éischt Lidder a kleng satiresch Zeenen opgeféiert ginn. 1855 koum dat éischt Koméidistéck mat Musek, De Scholdschäin vum Dicks (Edmond de la Fontaine), op d’Bün. Zum Schluss biet e Schauspiller d’Publikum, net ze streng ze sinn: „Ze schaarf kritizéiert net / dat éischt Stéck, wat zu Lëtzebureg / op onst Däitsch opgeféiert gëtt.“

20

An den Zeitunge gi kleng Gedichter publizéiert, an de Michel Lentz, deen als Staatsbeamte geschafft huet, hat besonnesche Succès mat senge Lidder.

De Feierwon

1. Stroof
De Feierwon dén as bereet,
E päift durch d'Loft a fort e geet,
Am Dauschen iwer d'Stroos vun Eisen,
An hie geet stolz den Noper weisen,
Dat mir nun och de Wee hu fond,
Zum éiweg grousse Völkerbond,
Refr.:
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wellen iech ons Hémecht weisen,
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
Frot dir no alle Säiten hin,
Wei mir esou zefridde sin.
4. Stroof
An d'Voll'k a mengem Heemechtsland
Huet géint all Mensch d'Häerz op der Hand;
Seng Fräiheet deet em d'A blenken,
An d'Trei, déi deet seng Wierder klenken;
Seng Sprooch matt hire friemen Téin,
D'Gemittlechkeet, déi mecht se schéin."
Zousazinformatioun

Fir d’Aweiung vun der Stater Gare an den Uschloss vum Land un den europäeschen Eisebunnsreseau, deen den industrielle Fortschrëtt symboliséiert huet, ze feieren, huet hien e Lidd geschriwwe mam Titel D’Lëtzebuerger. Et ass mat Begeeschterung vum Publikum opgeholl ginn an ass bis haut ënnert dem Numm De Feierwon bekannt. Säi Refrain „Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn” ass de Motto vum Land ginn. Fir dat éischt Museksfest 1864, op deem sech all d’Gesangveräiner aus dem Land getraff hunn, huet en eng weider Kantat mam Titel Ons Heemecht geschriwwen, déi haut dem Groussherzogtum seng offiziell Nationalhymn ass. Hien ass als éischten Nationaldichter veréiert ginn, krut no sengem Doud eng Aart Staatsbegriefnes an zesumme mam Michel Lentz e Monument.

20

Zousätzlech huet d’Lëtzebuergescht iewel och e Géigesaz zum Franséische markéiert, dat am 19. Joerhonnert e Symbol vum Notabelestaat an dem Zensuswalrecht war. 1896 huet den Deputéierte Caspar Mathias Spoo déi éischt Ried op Lëtzebuergesch an der Chamber gehalen. Et ass him eigentlech dorëms gaangen, dem Vollek eng Stëmm ze ginn. Dofir fuerdert hien d’allgemengt Walrecht a mécht dat an der Sprooch vum Vollek. Hie wiert sech och géint d’Argument, datt d’Lëtzebuergescht gutt genuch fir Wiertschaftsgespréicher wär, iewel genau sou wéi en däitsche Platt oder e franséische Patois net dem Niveau vun engem Parlament entsprieche géif.

 "Ons Sprooch […] vill méi al a vill méi éirewert ass, wéi dat sougenannt Houdäitsch [...] Ons zwee Lëtzebuerger Autoren [Dicks a Lenz] hunn ons de Wee gewisen, fir ons Heemechtssprooch zu enger Gebiltesprooch ze maachen. Loosst mer hirem Beispill follegen, an hirem Geescht viru bauen, onsem Vollek seng Sprooch kultivéieren a net noloossen, bis datt all Lëtzebuerger se esou wuel schreiwen ewéi riede kann."
Casper Mathias Spoo (1896) (source)

Zousazinformatioun

Dem Spoo säin Uleies, Lëtzebuergesch als Parlaments- a Geriichtssprooch anzeféieren, ass praktesch eestëmmeg zeréckgewise ginn, mee d’Chamber huet e Subsid accordéiert, fir en Dictionnaire vun enger Expertekommissioun zesummestellen ze loossen. En ass 1906 erauskomm.

20

B. Eng nei Verkéierssprooch entsteet

Wann een de Sproochgebrauch um Enn vum 19. Joerhonnert kuckt, da gesäit een, datt niewent deene ville verschiddenen Dialekter eng nei Verkéierssprooch am Gaang ass ze entstoen. Virum Éischte Weltkrich fënnt ee weider Texter, an deenen dëse Prozess reflektéiert gëtt.

"Der Dialekt, der sonst wo nur die Umgangssprache des Volkes bildet, hat für den Luxemburger die Bedeutung einer wirklichen Muttersprache. Platt wird hier nicht nur im Volk gesprochen, sondern bis hinauf in die höchsten Kreise. Auf einem parlamentarischen Diner beim Premier oder beim Kammerpräsidenten z.B. wird es niemandem einfallen, mit seinem Nachbarn in gewöhnlichem Gespräch etwas anderes zu reden als die heimische Mundart. Auch das ist im Elsass anders, wo schon der aus Alldeutschland rekrutierte Beamtenkörper für die Einbürgerung des Hochdeutschen in gewissen Kreisen sorgt."
Batty Weber (1909) (source)

Zousazinformatioun

De René Engelmann benotzt 1910 de Fachbegrëff Koiné, fir déi nei Sprooch ze bezeechnen. Domat ass ursprénglech déi griichesch Sprooch, déi iwwer deenen eenzelen Dialekter stoung, gemengt. Den Engelmann huet déi gesellschaftlech Mechanismen, déi zum Entstoe vun dëser „gemeinsamen Umgangssprache“ gefouert hunn, och präzis beschriwwen. D’Selbstännegkeet vum Land an déi doraus entstanen national Kommunikatiounsgemeinschaft, déi geografesch a sozial Mobilitéit a virun allem och d’Präsenz vum Franséischen als Haaptverwaltungs- a Gesetzsprooch ware wichteg Facteure fir d'Entwécklung vun der Sprooch.

20

1912 ass en neit Schoulfach ageféiert ginn: „Anfangsgründe der Landesgeschichte und Luxemburgisch“. Dofir huet de Nikolaus Welter e Schoulbuch geschriwwen: Das Luxemburgische und sein Schrifttum, dat ëmmer nees nei Oplage kannt huet (1914-1947). Déi doranner ënnert dem Titel „Schriftdenkmäler des Luxemburgischen“ proposéiert Anthologie vu Lëtzebuerger Texter huet dozou bäigedroen, datt en éischte Literaturkanon entstanen ass, an déi benotzte Schreifweis (Welter-Engelmann-Orthographie) huet Generatioune gepräägt.

Zousazinformatioun

Och wann net jidderee mat hir averstane war, war dëst e Fortschrëtt vis-à-vis vun enger Situatioun, an där praktesch all Schrëftsteller seng eegen Aart a Weis ze schreiwen nei erfonnt huet. Dëst Schoulbuch huet iewel och eng Sproochenideologie vermëttelt, déi vun engem ethno-kulturalisteschen Natiounen- a Sproochverständnis ausgeet: „Ein Luxemburger ist, wer die Luxemburger Sprache redet. Ein Volk, das seine Sprache aufgibt, gibt sich selber auf. Unsere Mundart ist als deutsche Stammessprache älter und ehrwürdiger als das Hochdeutsche.“

20

Am Éischte Weltkrich gouf Lëtzebuerg militäresch vum Däitsche Räich besat an nom Krich stoung seng Onofhängegkeet een Abléck op der Kipp. Wärend dëser Zäit huet d’Francophilie, also d’Zouneigung zu Frankräich an senger Kultur, zougeholl, an d’Lëtzebuergescht ass méi wéi jee als Symbol vun der Eegestaatlechkeet ugesi ginn.

Zousazinformatioun

Dës patriotesch Begeeschterung ass bei Eenzelen, déi sech an der Nationalunio'n zesummegedoen hunn, an eng chauvinistesch an auslännerfeindlech Haltung ëmgeschloen. De Lucien Koenig, mam Künstlernumm Siggy vu Lëtzebuerg, selwer Schrëftsteller a Pamphletaire, war deen Aktiivsten an dëser Beweegung, déi sech a politesch méi rouegen Zäiten haaptsächlech fir d’Weiderentwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch agesat huet.
Nei Forme vu Gesellegkeet als Géigepol zu enger klerikal-konservativer Kultur hu sech am urbane Milieu, deen an der Belle Époque an der Haaptstad entstane war, entwéckelt. Hei fënnt eng lëtzebuergeschsproocheg Literatur a Form vu Cabaret, Revuen a Chansonen hire Publikum. Wärend der Besatzungszäit vum Éischte Weltkrich hunn d’Lëtzebuerger Theaterstécker ëmmer méi déi däitsch verdrängt.

20
„unsere Mundart ist uns geworden zur Verdichtung, zum Klangkörper unserer Liebe zu dem neutralen unabhängigen Kleinstaat, um dessen Bestand wir neuerdings zittern müssen."
Nikolaus Welter (1916)
(source)
Luxemburgisches von Prof. Dr. Nicolaus Welter in Luxemburg (Aus den süddeutschen Monatsheften), am Escher Tageblatt vum 7. September 1916.
20

Wann ee vereinfachen a verallgemengere wëllt, kann ee fir d’1920er Joren dësen Tëschebilan vum Sproochgebrauch an de Sproochattitüden zéien: Den „typesche Lëtzebuerger“ schwätzt Lëtzebuergesch, obschonns e weess, datt et keng richteg Sprooch ass, op d’mannst keng, déi ee schreift. Dofir nennt en se weider „Lëtzebuerger Däitsch“, „Muttersprache“, „Idiom“. E schreift Däitsch, och wann en dat als eng „friem“ Sprooch empfënnt. A formalen an a wichtege Situatioune schreift a schwätzt e Franséisch, och wann et him schwéierfält. Oder, wann en net esou gebilt ass, och Däitsch, wéi z. B. de Polizist fir säi Rapport oder de Gleewegen am Beichtstull. De franséischen Unterrecht gëtt vu ganz ville Schüler als „Folterkummer“ erlieft, mee si acceptéieren en, well et de Präis vun hirer schoulescher a gesellschaftlecher Reussite ass.

21

A. 10. Oktober 1941: E Bekenntnis zur Nationalsprooch

Den 10. Mai 1940 ass Lëtzebuerg besat ginn. D’Nazipropaganda huet probéiert, d’Lëtzebuerger mat hirer vëlkescher Sproochenideologie ze iwwerzeegen, datt se däitsch wären, well se jo däitsch schwätze géifen. Den 2. August ass eng Zivilverwaltung agesat ginn. An där hirer éischter Verordnung über den Gebrauch der deutschen Sprache im Lande Luxemburg (6.8.1940) ass de Gebrauch vun der franséischer Sprooch verbuede ginn.

Zousazinformatioun

Dëst ass esou wäit gaangen, datt eenzel Wierder wéi Madame, Monsieur, Merci a Bonjour net méi hunn däerfen an der Ëffentlechkeet gebraucht ginn. Franséisch Virnimm a Firmennimm hu missen „eingedeutscht“ ginn. Lëtzebuergesch ass iewel als däitschen Dialekt toleréiert ginn, just sollt am administrative Kontext op d’Héichsprooch, also Houdäitsch, geswitched ginn. 

21
Extrait aus dem Documentaire "Heim ins Reich" vum Claude Lahr (2004)
(source)
Prod. CNA/Nowhere Land Productions/Les Films de la mémoire © CNA
21
  •  ANLux, ICO-1-2-0191
    "Schluss mit dem fremden Kauderwelch", Plakat vun der däitscher Zivilverwaltung (1940) 
  •  ANLux, ICO-1-2-0193
    Aufruf für das Deutschtum", Plakat vun der Volksdeutschen Bewegung (VdB) (o. D.)
  • ANLux, ICO-1-2-0190
    "Verordnung über den Gebrauch der deutschen Sprache im Lande Luxemburg", Plakat vun der däitscher Zivilverwaltung (1940)
  • Lieder zur Volksdeutschen Bewegung sowie zum Deutschtum (o. D.), ANLux, CdZ-A-6660
    "Wir wollen Deutsche sein" vun der VdB

"Das Land Luxemburg ist altes deutsches Siedlungsgebiet. Die Bevölkerung dieses Landes ist deutschstämmig, sie ist moselfränkisch, genau wie die Bevölkerung von Trier und unserem schönen Moselland. Lassen Sie sich daher nicht täuschen von dem äusseren französischem Firniss, der nur künstlich aufgetragen ist. (Starker Beifall). Ich kann Ihnen das versprechen, dieser französische Firniss, diese jämmerliche Tünche, wird in wenigen Wochen spurlos verschwunden sein. (Bravorufe) Es kann der Bevölkerung dieses Landes nicht zugemutet werden, dass ihr deutscher Charakter, dass ihre deutsche Eigenart künstlich verborgen wird unter französischen Inschriften und Bezeichnungen aller Art. (…) Hier in dieser schönen und gepflegten Stadt, hier in diesem Lande, wo jedes Haus und jeder Bauerhof davon zeugt, dass eine rassisch wert­volle, anständige und tüchtige Bevölkerung nach deutscher Art gesiedelt und gearbeitet. "
Gustav Simon (1940) (source)

21
Extrait aus dem Documentaire "Heim ins Reich" vum Claude Lahr (2004)
(source)
Prod. CNA/Nowhere Land Productions/Les Films de la mémoire © CNA
21

Eng Aart Vollekszielung, déi Personenstandsaufnahme genannt gouf, war fir den 10. Oktober 1941 ugesot. Dräi Froen zur Staatsangehörigkeit, Volkszugehörigkeit a Muttersprache ware politesch besonnesch brisant. D’Resistenzorganisatiounen hu mobiliséiert, fir datt jidderee sollt dräimol mat „Lëtzebuergesch“ äntweren. Bei der Sproochefro ass um Formulaire erkläert ginn: „Dialekte (…) gelten nicht als Muttersprache“. Trotz Drock a massiven Intimidatiounen hunn esou vill Leit dräimol „Lëtzebuergesch“ geäntwert, datt d’Naziverwaltung op eng Auswäertung vun den agesammelte Froebéi verzicht huet.

Esou hunn d’Lëtzebuerger eng reng administrativ Enquête an e politesche Widderstandsakt verwandelt. Dëst ass als grouss Victoire gefeiert ginn an domat war Lëtzebuergesch an den Ae vun der grousser Majoritéit vum Vollek zur Nationalsprooch erkläert ginn. Dëse grousse patriotesche Prestige huet iewel näischt um reale kommunikative Gebrauchswäert vum Lëtzebuergesche geännert an de Versuch, et direkt no der Befreiung als Zeitungssprooch ze gebrauchen, ass lamentabel gescheitert.

21

B. D’Negotiatioun vun engem neie Sproochegläichgewiicht (1945-1984)

D’Elitten hunn sech schwéiergedinn, Lëtzebuergesch als Sprooch ze akzeptéieren, a muenchereen huet protestéiert, wéi eng Wochestonn fir d’Lëtzebuergescht op Septième am Lycée ënnert der Bezeechnung „langue luxembourgeoise“ ageféiert ginn ass. D’Lëtzebuerger Sproochwëssenschaftler hunn doru festgehalen, datt d’Lëtzebuergescht e muselfränkeschen Dialekt wär, an nei Entwécklunge vun hirer Disziplin ënnert dem Impuls vun der Soziolinguistik hunn se nëmme ganz lues rezipéiert.

Zousazinformatioun

E Buch vum Heinz Kloss vun 1952 „Die Entwicklung neuer germanischer Kultursprachen von 1800 bis 1950“, an deem de Begrëff vun der Ausbausprache ageféiert gouf, ass besonnesch wichteg. Zu deenen neie Sproochen huet de Kloss och d’Lëtzebuergescht gezielt. Dee vun him proposéierte Begrëff vun der Ausbausprache huet sech duerchgesat a gëtt haut och am Engleschen an am Franséische benotzt. De Kloss ënnerscheet tëschent Abstandssprachen an Ausbausprachen. Déi éischt, wéi z. B. Baskesch, si Sproochen „auf Grund der Besonderheit ihrer Substanz, des Sprachkörpers“, déi aner, wéi z. B. Lëtzebuergesch, si Sproochen „nicht in ihrer linguistischen Sonderstellung, sondern in ihrer soziologischen Verselbständigung”.

21

Däitsch war nom Krich esou diskreditéiert, datt 1948 d’Zweesproochegkeet an der Verfassung gestrach ginn ass an d’Chamber den Optrag krut, e Sproochegesetz auszeschaffen. Well iewel nach ëmmer ganz vill Leit drop bestanen hunn, datt Lëtzebuergesch e muselfränkeschen Dialekt wier, krut d’Franséischt an den 1950er Joren d’Funktioun vun enger virtueller Nationalsprooch. Wéi Lëtzebuerg seng eegen Tëlee kritt huet, war et selbstverständlech, datt d’Programmer an och d’Noriichten op Franséisch waren.

Zousazinformatioun

Trotzdeem ass den Ausbau vum Lëtzebuergesche weidergaangen. Dat heescht, et huet ëmmer weider Funktioune vun enger Sprooch iwwerholl an dat och am Schrëftlechen. Vun 1950 bis 1975 ass e groussen Dictionnaire erauskomm an 1975 ass eng nei Rechtschreiwung fixéiert ginn, déi mat verschiddenen Ännerungen am Joer 1999 bis haut benotzt gëtt.

21
  • is Sprooch 2, 1973, Zeitung vun der Actioun Lëtzebuergesch, S. 20.
    Hochzäitsannoncë vun der Actioun Lëtzebuergesch, (1973)

D’Weiderentwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch ass haaptsächlech vu folgenden Akteure gedroe ginn:

D’Sproochaktiviste vun der Actioun Lëtzebuergesch (1971 gegrënnt), déi allerhand Outile geliwwert hunn, fir de schrëftleche Gebrauch vun der Sprooch ze fërderen (z. B. Mustere fir Doudesannoncen oder Menüskaarten). Si krute virgeworf, ze vill puristesch a konservativ ze sinn.

Zousazinformatioun

D’Pionéier vum Unterrecht fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch, zu deenen d’Actioun Lëtzebuergesch genau sou wéi d’Virgängerassociatioun vun der ASTI (Association de Soutien aux travailleurs immigrés) gehéiert huet. 1973 ass dat éischt Buch, fir Lëtzebuergesch ze léieren, erauskomm – Jul Christophory: Sot et op lëtzebuergesch.

21

An de 1970er Joren huet eng nei Generatioun vun Auteuren ugefaangen, Lëtzebuergesch ze schreiwen. Si wollte keng „Mundartdichtung“ a keen Duerftheater maachen, mee hunn den Uschloss un aktuell Tendenzen an der deemoleger Literatur, haaptsächlech an Däitschland, gesicht. Besonnesch zukunftsweisend waren d’Romaner vum Guy Rewenig (Hannert dem Atlantik, 1985) a Roger Manderscheid (Schacko Klak: Biller aus der Kandheet, 1988).

Méi eng grouss Massewierkung haten déi audiovisuell Medien. Vun 1959 un ass et e reegelrechte Radiosprogramm ginn, vun 1969 un eng bescheide Sendung (eng Stonn d’Woch) op der Tëlee (Hei Elei Kuck Elei). Éischt Spillfilmer op Lëtzebuergesch sinn an den 1980er Jore gedréit ginn.

Zousazinformatioun

Un de Programmer vun der Primärschoul huet sech näischt geännert. Lëtzebuergesch als Disziplin hat an alle Klasse just eng Wochestonn, an där Texter gelies a Lidder gesonge goufen. D’Sprooch als sollech, z. B. hir Schreifweis, ass net enseignéiert ginn, esou datt d’Meenung, et dierft een se schreiwen, wéi ee wéilt, wäit verbreet bliwwen ass. A ganz wéinege Fächer (Turnen, Musek) huet Lëtzebuergesch als Unterrechtssprooch däerfe gebraucht ginn. An deenen anere sollt Däitsch oder Franséisch geschwat ginn, mee dëst ass am Laf vun der Zäit ëmmer manner gemaach ginn an d’Präsenz vum Lëtzebuergeschen als (klandestin) Unterrechtssprooch huet zougeholl.

21
Trailer vum Film Troublemaker vum Andy Bausch (1988)
(source)
Prod. Prod. Saarländischer Rundfunk/Visuals © Visuals (Dësen Trailer ass vum Andy Bausch extra fir dës Plattform montéiert ginn)
21

C. Lëtzebuerg kritt e Sproochegesetz

Et huet 36 Joer gedauert, éier e Kompromëss fir en neien Equiliber fonnt ginn ass. Wéi gewise gouf, war Lëtzebuerg op Grond vun senger Verfassung vun 1848 100 Joer laang offiziell zweesproocheg. 1984 ass endlech dat 1948 vun der Verfassung gefuerdert Sproochegesetz an der Chamber gestëmmt ginn an zënterhier ass Lëtzebuerg offiziell dräisproocheg. D’Gesetz weist deenen dräi Sprooche verschidde Funktiounen zou: Lëtzebuergesch gëtt déi eenzeg Nationalsprooch a Franséisch déi eenzeg Gesetzessprooch. Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch sinn déi dräi Verwaltungs- a Geriichtssproochen. Ausserdeem däerf een d’Sprooch fir d’mëndlech oder d’schrëftlech Kommunikatioun mat der Verwaltung fräi wielen an dës soll „dans la mesure du possible“ an där selwechter Sprooch äntweren.

21
"Art. 1er. -Langue nationale La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois."
Extrait aus dem Sproochegesetz vun 1984
(source)
Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues, am: Mémorial. Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg A/16 (1984)
21

Art. 2.-Langue de la législation
Les actes législatifs et leurs règlements d'exécution sont rédigés en français. Lorsque les actes législatifs et réglementaires sont accompagnés d'une traduction, seul le texte français fait foi. Au cas où des règlements non visés à l'alinéa qui précède sont édictés par un organe de l'Etat, des communes ou des établissements publics dans une langue autre que la française, seul le texte dans la langue employée par cet organe fait foi. Le présent article ne déroge pas aux dispositions applicables en matière de conventions internationales.
Art. 3. -Langues administratives et judiciaires
En matiére administrative, contentieuse ou non contentieuse, et en matière judiciaire, il peut être fait usage des langues française, allemande ou luxembourgeois e, sans préjudice des dispositions spéciales concernant certaines matières.

Art. 4. -Requêtes administratives
Lorsqu'une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l'administration doit se servir, dans la mesure du possible, pour sa réponse de la langue choisie par le requérant.

Extrait aus dem Sproochegesetz vun 1984 (source)

21

D’Gesetz evitéiert de Begrëff „offiziell Sprooch“, well an de Käpp vu villen héije Fonctionnairen deemools d’Franséischt nach ëmmer déi eenzeg offiziell Sprooch war an et och bleiwe sollt. Dëst ass besonnesch paradox, well am allgemenge Sproochgebrauch langue officielle a langue administrative synonym gebraucht an och béid op Däitsch mat Amtssprache iwwersat ginn. Wann een den Avis vum Staatsrot vun deemools liest, gesäit een, datt seng Memberen nach ëmmer der Meenung waren, datt Lëtzebuergesch keng richteg Sprooch ass. Si schwätzen z. B. vun engem „parler indigène“ an engem „parler autochtone“. Si verstoppen sech ënnert anerem hannert dësem Saz aus dem Lëtzebuerger Dictionnaire (LWB):

21
“Unsere Art zu sprechen (langage) ist ja keine Hochsprache (langue) geworden, trotz der vielen Anstrengungen, die seit 1945 in diesem Sinne gemacht worden sind.”
Luxemburger Wörterbuch (LWB)
(source)
Am Optrag vun der Lëtzebuerger Regierung, erausgi vun der Wörterbuchkommissioun obgrond vu Sammlungen, déi säit 1925 vun der Lëtzebuerger Sproochegesellschaft a säit 1935 vun der sprochwëssenschaftlecher Sektioun vum Institut Grand-Ducal koordinéiert gi s
21

Zënter 1984 ass Lëtzebuerg also offiziell en dräisproochegt Land mat enger eenzeger dräisproocheger Sproochgemeinschaft. Doduerch ënnerscheet et sech z. B. vun der Belsch an der Schwäiz, déi verschidden territorialiséiert Sproochgemeinschafte mat hirer jeeweileger eegener Sprooch hunn.

Dat heescht iewel net, wéi scho gesot, datt all Staatsbierger, a scho guer net all Awunner, déi dräi Sproochen d’selwecht gutt beherrscht. D’Koexistenz vun den dräi (Landes)Sprooche baséiert dorop, datt se am Alldag verschidde Funktiounen iwwerhuelen. Och wann d’Gesetz vun 1984 keng explizit Mesurë fir d’Sprooch ze promovéiere virgesinn huet, ass den Ausbau vum Lëtzebuergesche weidergaangen, besonnesch am schrëftleche Beräich, wärend d’Franséischt verschidde vu senge Funktioune verluer huet.

21
Presentatioun vun der Ausstellung "Lëtzebuergesch [...]"

Presentatioun vun der Ausstellung "Lëtzebuergesch [...]", déi tëscht Oktober 2000 a Mäerz 2001 am CNL gewise gouf

(source)
RTL, Eng Stonn fir Lëtzebuerg vum 14. Februar 2001 © CNA
Rop

01

 

01

rof