1815 huet sech dunn um Wiener Kongress, un deem nëmmen déi europäesch Herrscher an hir Diplomaten deelgeholl hunn, mee keng Vertrieder vum Vollek, d’Fro gestallt: Wat maache mat deene vu Frankräich annexéierte Gebidder? 1
No laangem Hin an Hier koum d’Léisung vum briteschen Ausseminister Castlereagh. Dës Léisung gouf dann och am Wiener Vertrag festgehalen.2
1 Nom Prinzip vun der Restauratioun sollten se zeréckfalen un hir fréier Herrscher. Dat hätt geheescht, datt Lëtzebuerg nees den Habsburger géif gehéieren. Déi wollte Lëtzebuerg awer net méi, well si méi staark u Landgewënn an Norditalien interesséiert waren.
2 Groussbritannie war dergéint, datt dës Gebidder bei Frankräich bleiwen oder u Preusse géife falen. Si ware fir e Pufferstaat tëscht deenen zwee Géigner. De Prënz Frederik Willem vun Oranien-Nassau, deen un der Spëtzt vun dësem Pufferstaat sollt stoen, huet sech awer nieft den Niederlanden och Hoffnungen op Lëtzebuerg gemaach.
Dem preisesche Kanzler Hardenberg no wieren d’Niederlande awer net amstand, dat Gebitt géint Frankräich ze verdeedegen. Virun allem fir déi wichteg Festung Lëtzebuerg wieren eleng schonn 12.000 Mann néideg. Dat kéinten d’Niederlande net garantéieren.
B. D’Decisioune vu Wien
Art. 67
La partie de l'ancien duché de Luxembourg, comprise dans les limites spécifiées par l'article suivant, est également cédée au prince souverain des Provinces-Unies, aujourd'hui Roi des Pays-Bas, pour être possédée à perpetuité par lui et ses successeurs en toute propriété et souvaineté. [...] Le grand-duché de Luxembourg servant de compensation pour les principautés des Nassau-Dillenbourg, Siegen, Hadamar et Dietz, formera un des Etats de la confédération germanique [...] La ville de Luxembourg sera considéré, sous le rapport militaire, comme forteresse de la confédération.
Le Grand-Duc aura toutefois le droit d nommer le gouverneur et commandant militaire de cette forteresse, sauf l'approbation du pouvoir exécutif de la confédération, et sous telles autres conditions qu'il sera jugé nécessaire d'établir en conformité de la constitution future de ladite confédération.
Art. 68
Le grand-duché de Luxembourg se composera de tout le territoire situé entre le royaume des Pays-Bas, tel qu'il a été désigné par l'article 6, la France, la Moselle jusqu'à l'embouchure de la Sure, le cours de la Sure jusqu'au confluent de l'Our, et le cours de cette dernière rivière jusqu'aux limites du ci-devant canton françois de Saint-Vith, qui n'appartiendra point au grand-duché de Luxembourg.
„The reasons of the Prince for desiring this are two; first, that his House should be placed au pair with those princes in the German confederacy who, without possessing greater territories, had assumed this style; and, secondly, to prevent the Luxembourgeois from concluding that all the forms, privileges, and regulations of their ancient government under the House of Austria should be exactly preserved to them under their new master."
Bréif vum briteschen Ambassadeur vun den Niederlanden un den Ausseminister Castlereagh (1815) Source
Déi Argumentatioun ass ganz interessant, well se kloer weist, datt keng Kontinuitéit tëscht dem Herzogtum vu viru 1795 an deem neie Groussherzogtum vun 1815 sollt bestoen.
C. Provënz vun den Niederlanden oder souveräne Staat?
De Wiener Vertrag huet de Staatsterritoire vun deem Groussherzogtum kloer ëmschriwwen. Fir vill Lëtzebuerger Historiker goung aus dem Artikel 67 vum Wiener Vertrag net kloer ervir, ob zu Wien d’Diplomaten aus deem nei geschafene Groussherzogtum en eegene, souveräne Staat gemaacht haten oder eng Provënz vun den Niederlanden.
„Das Großherzogtum Luxemburg, in den durch den genannten Wiener Vertrag festgestellten Grenzen, unter der nämlichen Souveränität wie das Königreich der Niederlande, wird nach derselben Verfassung regiert, unbeschadet jedoch seiner Verbindung mit dem Deutschen Bunde." (Extrait aus dem Grondgesetz vun den Niederlande (1815))
Am Groussherzogtum gouf déi Verfassung mat 85 géint 10 Stëmmen akzeptéiert; keen huet en onofhängegt Land reklaméiert. Neist Fuerschungsresultater ginn dovun aus, datt d’Groussmächten zu Wien kee vun den Niederlande getrennte souveräne Staat am Sënn haten.
Als souveräne Staatschef konnt de Wëllem I. mat sengem Besëtz, also allen 18 Provënzen, maachen, wat e wollt, och wann e fir eng Provënz, déi alls eenzeg zum Deutschen Bund gehéiert huet, en aneren Titel dréit. An den Historiker Guy Thewes weist drop hin, datt jo keen ee Staatschef, deen zu Wien mat um Dësch souz, géint dem Wëllem I. seng Decisiounen a puncto Lëtzebuerg protestéiert hat.
Och déi preisesch Territoirë lénks vum Rhein, inklusiv dat fréiert Kurfürstentum Tréier an déi fréier lëtzebuergesch Gebidder goufen als Großherzogtum Niederrhein betitelt, ouni datt jee en Historiker dësem Deel vu Preussen eng eege Souveränitéit zouerkannt hätt. Dat ännert näischt drun, datt 1815 d’Grenze vum zukünftege Lëtzebuerger Staat definéiert goufen, deen dann 1839 eng eege staatlech Souveränitéit sollt kréien.
Fir d’Situatioun zu Lëtzebuerg ze berouegen, huet de Kinnek decidéiert, vum 1. Januar 1831 un d’Groussherzogtum getrennt vum Rescht vum Kinnekräich ze verwalten. Mee et war schonn ze spéit.
Esou gouf d’Groussherzogtum an den 1830er Jore mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg nom belsche Gesetz administréiert.
Ausser der Haaptstad, wou d’Bundesgarnisoun fir Rou gesuergt huet an d’Bourgeoisie am Déngscht vum orangistesche Staat geschafft huet, hunn all d’Gemengen aus dem Groussherzogtum sech deem neie belsche Staat ugeschloss, deen de 4. November 1831 international unerkannt gi war, an si hu 16 Lëtzebuerger Deputéiert an d’Parlament op Bréissel gewielt. Esou gouf d’Groussherzogtum an den 1830er Jore mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg nom belsche Gesetz administréiert.
Eréischt 1838 huet de Wëllem I. gemierkt, datt ëmmer méi Entreprisen a Bierger d’Haaptstad verlooss hunn, fir sech virun de Maueren an der Belsch néierzeloossen, well do de Maart méi grouss war an een ouni Douanestaxe konnt Wueren aus der ganzer Belsch akafen. Doropshin huet en akzeptéiert, iwwer eng Opdeelung vum Groussherzogtum ze verhandelen. Den 19. Abrëll 1839 gouf zu London decidéiert, de westlechen Deel vum Groussherzogtum definitiv zur Belsch ze schloen an den ëstlechen Deel, an deem lëtzebuergesch geschwat gouf, als Groussherzogtum ënner der Souveränitéit vum Wëllem I. ze loossen.
De Vertrag gouf an der belscher Chamber mat 58 géint 42 Stëmme ratifizéiert. All d’Lëtzebuerger Deputéierten, ausser dem Jean-Baptiste Nothomb an dem Jean-Pierre Willmar, déi Minister an der belscher Regierung waren, hu géint d’Trennung gestëmmt, also fir e vereenegt belscht Kinnekräich.
1840 ass de Wëllem I. zeréckgetrueden an säi Jong Wëllem II. gouf Kinnik-Groussherzog.
Hien huet 1841 als éischten Herrscher d’Groussherzogtum besicht, ausdrécklech fir d’Suergen an d’Besoine vun den Awunner gewuer ze ginn. No Gespréicher mat Leit aus der Wirtschaft an der Verwaltung huet en decidéiert, dem Land eng eege Regierung aus Lëtzebuerger ze ginn.
Fir deen neie Staat hunn sech dräi Problemer gestallt: a) en institutionelle Kader schafen, b) eng eege Verwaltung opbauen a kompetent Beamten astellen, c) déi ekonomesch Zukunft vum Land sécheren.
1841 huet de Wëllem II. dem Land eng Charte des États vun uewen operluecht: eng Zort Verfassung, zwar wäit ewech vun där liberaler belscher Verfassung vun 1830, mee ëmmerhin huet se de 34 Notablen erlaabt, deen extraordinairë Budget ze stëmmen. Den Opbau vun engem eegene Verwaltungsapparat fir Lëtzebuerg wor wuel deene Männer hir gréisst Leeschtung.
Si hu vun der Steierverwaltung iwwer d’Post an d’Gendarmerie, de Kataster an d’Ponts&Chaussées bal alles vun Null op missen opbauen. An der Assemblée des États konnten si sech zur Hallschecht nom Zensuswalrecht erneieren, nodeems de Kinnik-Groussherzog déi éischt 34 Membere selwer ernannt hat.
Gréisstendeels gouf sech um franséische Modell orientéiert, well déi Männer nach d’Erfarung aus de Joren 1795-1815 haten, mee a Sozial- a Wirtschaftsfroe war Preussen d’Virbild. Dat hat net zulescht domat ze dinn, datt de Wëllem II. 1842 decidéiert hat, datt Lëtzebuerg, datt Lëtzebuerg – op preisesche Wonsch hin – Member vum Deutschen Zollverein sollt ginn. Vill Gesetzer, déi deemools op de Wee bruecht goufen, waren intelligent an originell Syntheese vu franséischen, belschen an däitsche Virlagen.
Zu de Gesetzer mat laanger Wierkung gehéieren ë. a.: D’Gemengegesetz (1843): De Buergermeeschter an de Schäfferot waren net nëmmen do, fir de Wëlle vun hire Wieler an der Gemeng ze realiséieren, mee och fir déi staatlech Decisiounen um lokale Plang duerchzesetzen. D’Schoulgesetz (1843): Wuel gouf nach keng Schoulflicht fir all Kand agefouert – déi koum eréischt 1881 –, mee d’Gemengen hu missen eng Primärschoul ubidden, an där Héichdäitsch a Franséisch enseignéiert goufen. 1844 gouf och eng Arméi geschaf, e Bundeskontingent, dat de Wëllem I. ni op d’Bee kritt hat.
Firwat de Bäitrëtt zum Zollverein sou wichteg war, weist d’Geschicht vun der Schampesfabrik Mercier.
A. Lëtzebuerg an d’Revolutioune vun 1848
1848 sinn a ganz Europa mat Ausnam vun der Belsch Revolutioune géint déi absolutistesch Regierungen ausgebrach. Och zu Lëtzebuerg, wou jonk Leit, déi zu Paräis a soss a Frankräich am Déngscht oder an der Ausbildung waren, déi Iddie matbruecht haten. De Wëllem II. huet direkt Konzessioune gemaach: En huet d’Pressezensur ofgeschaaft an den 23. Mäerz 1848 ass déi éischt Nummer vum Luxemburger Wort erauskomm. En huet och d’Wal vun enger Constituante zougelooss. An Däitschland war mam Ruff no Fräiheet a Gläichheet, also demokratesche Rechter, och de Ruff no nationaler Eenheet verbonnen.
Zu Lëtzebuerg huet sech dofir d’Fro gestallt, ob och d’Groussherzogtum en Deel vum neien Däitschland géif ginn, dat d’Versammlung an der Paulskirche zu Frankfurt grad am Gaang war ze grënnen. An dësem Kontext koum et zu folgenden Aussoen.
Et däerf een net vergiessen, datt deemools all Mënsch d’Sprooch, déi am Groussherzogtum geschwat gouf, ‚Lëtzebuerger Däitsch‘ genannt huet. Den 28. Abrëll sinn dräi Deputéierter op Frankfurt geschéckt gi mam Optrag, déi lëtzebuergesch Onofhängegkeet ze verdeedegen a kengem Vertrag zouzestëmmen, ier d’Chamber hiren Accord ginn hätt. Well d’Paulskirchenversammlung awer souwisou gescheitert ass mam Versuch, en däitscht Räich mam preisesche Kinnek als Keeser opzeriichten, wor d’Fro vun enger Integratioun vu Lëtzebuerg an dat Räich séier hifälleg.
Nom Krich weist sech, datt och Frankräich an d’Belsch Lëtzebuerg wollten annektéieren. Däitschland huet awer de Krich verluer a Frankräich huet zugonschte vun enger Militärallianz mat der Belsch verzicht. Trotzdeem koum et um Enn vum Krich zu Onrouen.
Wéi an Däitschland hunn eenzel Gruppen eng sozialistesch Republik mat méi Rechter fir d’Aarbechter gefuerdert. Anerer wollte just d’Monarchie ofschafen, well se der Groussherzogin Marie-Adelheid virgeworf hunn, am Krich ze vill däitschfrëndlech gewiescht ze sinn an nom Doud vum Paul Eyschen (1915) eng minoritär Regierung wëllen duerchzesetzen, déi just vun der Rietspartei ënnerstëtzt gouf.
Extrait aus der Ried vun der Grande-Duchesse Charlotte am Exil (05.09.1940)
Anescht wéi am Éischte Weltkrich huet déi groussherzoglech Famill de Wee an den Exil gesicht. Vun do aus huet sech d’Grande-Duchesse Charlotte iwwer Radio un d’Lëtzebuerger Bevëlkerung geriicht.
Wéi den 30. August 1942 de Gauleiter Gustav Simon och nach d’Wehrpflicht agefouert an all d’Jonge vun de Joergäng 1920-1926 zwangsrekrutéiert huet, koum et an en etlechen Uertschaften zum Streik, op déi d’Nazie-Standgeriichter mat 21 Doudesuerteeler an enge sëllege Prisongsstrofen a mat der d’Deportatioun a Kazetter geäntwert hunn.
D’Regierung war an der Nuecht vum däitschen Amarsch an den Exil gaangen an eng Verwaltungskommissioun huet probéiert, sech wéi am Éischte Weltkrich mat de Besatzer z’arrangéieren.
Si huet souguer hir antisemitesch Politik matgemaach an der Hoffnung, d’Onofhängegkeet vum Land ze retten, mee ëmsoss. Anerer ware bereet, Lëtzebuerg „heim ins Reich“ ze féieren, also selwer Nazi ze ginn. Trotzdeem ass nom Krich an de Käpp hänke bliwwen, d’Lëtzebuerger hätten all „wéi ee Mann“ Resistenz gemaacht. Well d’Exilregierung sech vun Ufank un op d’Säit vun den Alliéierte gestallt hat, huet sech nom Krich jiddefalls d’Fro vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet net méi gestallt.
C. Europäesch Integratioun
Aus den Erfarunge vum Zweete Weltkrich eraus huet Lëtzebuerg schonn 1944 zesumme mat der Belsch an Holland d’Benelux gegrënnt a war och vun Ufank un derbäi, wéi de Robert Schuman, franséischen Ausseminister, deen zu Lëtzebuerg op d’Welt koum, 1950 zur Grënnung vun der Communauté européenne du charbon et de l'acier (CECA) opgeruff huet.
D’Stad Lëtzebuerg gouf provisoresche Sëtz vun der Haute Autorité vun der CECA a bis haut hunn do eng ganz Rëtsch europäesch Institutiounen hir Büroe mat Dausende vu Beamten aus ganz Europa. Eleng schonn aus wirtschaftleche Grënn hat Lëtzebuerg keen anere Choix, wéi all d’Etappe vum gemeinsamen europäesche Maart matzemaachen. D’Ofschafe vun de Bannegrenzen huet och d’Migratiounen erliichtert, ouni déi Lëtzebuerg ni genuch Aarbechtskräfte gehat hätt, fir dee wirtschaftlechen Opschwonk fir d’éischt vum Stolsecteur, dono vum Finanzsecteur ze droen.
Fir deen Asaz zugonschte vun engem integréierten Europa krut d’Lëtzebuerger Vollek 1986 den Oochener Karlspräis. An dach hunn 2005 beim Referendum iwwer eng europäesch Constitutioun nëmme 56 % vun de Wieler – alles Lëtzebuerger – derfir gestëmmt. 2018 ass den Undeel un Awunner ouni Lëtzebuerger Pass op 48 % geklommen. Kaum nach een wëllt op dee kulturelle Räichtum verzichten, deen si matbréngen. Dee koum ganz besonnesch zum Ausdrock, wéi Lëtzebuerg 1995 an 2007 europäesch Kulturstad war.
Deemools ass och kloer ginn, datt eng ganz Rei kulturell Infrastrukture misste gebaut ginn, fir där neier Dynamik am Kulturliewe Rechnung ze droen. Besonnesch déi 180.000 Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen a kaum Lëtzebuergesch schwätzen, sinn dogéint fir eng Rëtsch Leit en Dar am A, deen se Europa an d’Schong schëdden.
Videoquellen
- Extrait aus dem Film „Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier". Produzéiert vu Marzen an Edisons Elektrisches Theater (1907). Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA)
- Extrait aus dem Documentaire "Heim ins Reich" vum Claude Lahr (2004). Produzéiert vun CNA/Nowhere Land Productions/Les films de la mémoire. Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA)