Back to top

/sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.1_0.png?itok=LbGWjWhI
5
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.2.png?itok=p9cc6AL2
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.2.png?itok=9OLsWk_L
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.1.png?itok=nKpXRQ_f
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.2_0.png?itok=QH_yGKa9
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.2_0.png?itok=7sF-4_MA
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.3.png?itok=RPADxfcF
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.3.png?itok=0LrCJQJV
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.4.png?itok=4Kp7_DZZ
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.1_1.png?itok=aoTkMhF_
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.1_1.png?itok=FCfk8nLG
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.2_1.png?itok=LPbS6laA
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.3_0.png?itok=2vI1A5eU
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.3_0.png?itok=5VL_plaC
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_5.4_1.png?itok=SoSu6Ptx
23

A. Aleedung

Eng Theaterlandschaft ze analyséieren an ze beschreiwen ass keng einfach Entreprise. Do ginn et vill Acteuren ze berécksiichtegen a virum allem gëllt et ze erkennen, wéi eng Evenementer, Situatiounen, Beweegungen op eemol nei Kräften, nei artistesch Projeten entstoen dinn: d’Schauspiller, d’Metteur-en-scènen, d’Theaterdirekteren, all déi Männer a Fraen, déi den Theater (an seng Evolutioun) gepräägt hunn. Et muss een awer och den Theater als Institutioun kucken, d’Entstoen, zum Beispill, vun Theaterhaiser, Theaterkompanien, der Theaterfederatioun an net ze vergiessen d’Schrëftsteller.

Am Februar 2018 koum en Artikel vum Metteur en scène an Intendant vun der Comédie vu Saint-Etienne, dem Arnaud Meunier, an der Zeitung Libération eraus, mam Titel: „Pour des états généraux des écrivains de théâtre.“

23

Den Arnaud Meunier plädéiert fir eng méi grouss Circulatioun vun den Theatertexter, fir eng Sensibilisatioun vun den Theaterkënschtler fir d’„nouvelles écritures“, also fir déi nei Texter, fir besser Remuneratioune fir Theaterauteuren. Säin Artikel adresséiert sech net ausschliisslech un de grousse Public, nee, och un déi ganz franséisch Theaterlandschaft, un de professionelle Milieu. Et geet ëm Zesummenaarbechten, Theaterdirekteren, déi déi nei Texter liesen, Metteur-en-scènen, déi se sollen ausprobéieren. Theater maache geet nëmmen am Grupp, vum Produktiounsteam bis zum Schauspiller, deen en Text no den Indikatioune vum Metteur en scène virdréit.

Sou Revendicatioune wéi déi vum Arnaud Meunier sinn u sech näischt Neits, si tauche reegelméisseg op, schafe Repercussiounen, wéi e Steen, deen een an d’Waasser pucht, deen seng Kreesser mécht, an esou verännert sech dann, oder och net, eng bestëmmte kulturell Landschaft: well d’Missioun vu de Kënschtler an den Institutiounen a Fro gestallt gëtt. Sou Revendicatioune goufen et och schonn zu Lëtzebuerg. An doriwwer geet et och hei.

23

B. D’Theaterlandschaft zu Lëtzebuerg am Joer 2018

Fir eng Theaterlandschaft ze analyséieren, musse folgend Froe beäntwert ginn:
Wéi eng Kräfteverhältnisser hunn dës Landschaft gepräägt, hu Saachen entstoe gelooss? Wéi eng Missiounen hunn Theaterinstitutiounen haut? A mat wéi enge Missioune sinn se entstanen?
Wa mer also elo vun enger professioneller Theaterlandschaft schwätzen, da mengt een domadder als éischt emol déi Kënschtler a Schauspiller a Metteur-en-scènen, déi dëst haaptberufflech maachen.

Zousazinformatioun

Professionell Theaterhaiser sinn Institutiounen, wou Personal schafft, dat aus Produzenten, PR-Leit, Techniker a Comptabele besteet, all plus ou moins fest agestallt, a wou Theaterproduktiounen engem Publikum proposéiert ginn, fir déi d’Kënschtler, déi d’Aarbecht op d’Bün bréngen, bezuelt ginn, no Kontrakt. Eng professionell Theaterlandschaft ass also eng, wou Institutioune genuch entwéckelt sinn, datt Theaterkënschtler hire Beruff ausübe kënnen. Professionel ass also kee Qualitéitssigel, mee effektiv just d’Beschreiwung vun engem Statut.

23
  • Open Source
    De Groussen Theater
  • Open Source
    Den Escher Theater

Eis professionell Theaterlandschaft gesäit am Moment esou aus: Et gi sechs Theateren, dat sinn zwee Stadtheateren, d’Théâtres de la Ville de Luxembourg (de Groussen Theater, um Rond-Point Schuman, an de Kapuzinnertheater, an der Rue des Capucins, an der Stad, zesummen ënnert enger Institutioun) an den Escher Theater, also den Théâtre Municipal d’Esch-sur-Alzette, an der Uelzechtstrooss zu Esch.

23

Zu Lëtzebuerg ginn d’Theaterdirekteren à vie genannt, d. h. bis zur Pensioun.
Stadtheatere sinn ëffentlech Theateren, déi virun allem vun der Stad resp. vun der Gemeng finanzéiert ginn, an där se stinn. Anescht wéi zum Beispill an Däitschland fonctionnéieren déi Lëtzebuerger Stadtheateren net mat Ensembelen, wou Schauspiller oder Metteur-en-scènë fest ugestallt an engem Theater schaffen an un dee gebonne sinn, duerfir awer all Mount eng Pai kréien. Zu Lëtzebuerg hu mer éischter den En-Suite-Betribsystem, dat heescht d’Theaterkënschtler sinn all fräischaffend a gi vu Projet zu Projet gebucht a per Kontrakt bezuelt, bilden da fir d’Dauer vun engem Projet eng Equipe, déi sech no der Dernière vum Stéck erëm opléist.

Zousazinformatioun

Reegelméisseg gëtt dëst a Fro gestallt, mee an engem Land vun der Gréisst vu Lëtzebuerg, wou de Pool u Schauspiller a Kënschtler schonn net grouss ass, wär et komplizéiert, d’Hallschent vun deene fir en eenzegt Haus ze verflichten. Virdeeler vum En-Suite-Spillbetrib sinn, datt zum Beispill e Bünebild, also en Dekor, net ëmmer erëm opgeriicht an ofmontéiert muss ginn.

23

Mee doduerch gëtt et och kee richtege Repertoiresystem: D’Stécker ginn oft just fir eng eenzeg Saison gewisen, och wann se e groussen Erfolleg waren. Am En-Suite-System ass et schwéier, e Stéck ze verlängeren, wat gutt gelaf ass, well dat nächst jo scho programméiert ass, well d’Kënschtler schonn anerwäerts verflicht sinn, am Repertoiresystem kënnt e Stéck dann einfach d’nächst Saison erëm op de Programm.

Zousazinformatioun

A Repertoiretheatere kann deemno bal all Owend en anert Stéck aus dem Repertoire gewise ginn, och wann d’Première scho laang hier ass. An der Schaubühne zu Berlin sinn elo nach Stécker um Programm, déi 2009 hir Première haten, wéi Trust vum Falk Richter.

23

D’Théâtres de la Ville an den Escher Theater sinn alle béid dat, wat ee Méi-Sparten-Haiser nennt, dat heescht, et steet net nëmme Schauspilltheater um Programm, mee och Danz (vu Ballet bis zu all zäitgenëssescher Danzform), Musiktheater (Oper, Operett, Musical) a Kannertheater.
Béid Haiser hunn och eng duebel Missioun, an zwar op där enger Säit déi vun engem Gastspielhaus – dat heescht en Haus, wat aner Theaterproduktiounen, déi grad op Tournee sinn, akeeft, fir eng Rei vun Datumen. Op där anerer Säit ginn an deenen zwee Haiser och Kreatioune vu Lëtzebuerger Kënschtler produzéiert. Eng Kreatioun am Theater ass, wann e Wierk eng éischte Kéier op enger Bün gewise gëtt.

Zousazinformatioun

D’Théâtres de la Ville hunn och eng grouss Roll als Koproduzent an Europa: D’Stéck gëtt entweder an den Théâtres de la Ville kreéiert, oder awer, wann d’Kreatioun net am Groussen Theater ass, mee an engem aneren Theater, deen dann den Haaptproduzent ass, kënnt d’Stéck fir puer Datumen op Lëtzebuerg. Den Theater séchert sech mat engem finanzielle Support d’Rechter op e puer Virstellungen.
D’Théâtres de la Ville haten zum Beispill an der Saison 2017/2018 72 Produktiounen op der Bün: 9 Operen, 27 Danzspektakelen, 27 Theater- a Musiktheaterspektakelen an 9 Kannertheaterspektakelen. Vun de 27 Theaterproduktioune waren et 11 Gastspiller, 10 Kreatiounen a sechsmol waren se Koproduzent, mat der Kreatioun op enger anerer Plaz.

23

Nieft den zwee Stadtheatere ginn et nach véier Privattheateren: den Théâtre national du Luxembourg an der Avenue du X Septembre zu Merel, de Kasemattentheater an der Rue du Puits zu Bouneweg, den Théâtre du Centaure, och Dierfge genannt, an der Groussgaass, an den Théâtre ouvert Luxembourg, den TOL, an der Rue de Thionville zu Bouneweg.

An deenen allermeeschte Kreatioune vun de Privattheatere sinn d’Equippe mëttlerweil genee sou international wéi an den Théâtres de la Ville. Et ass och net méi wierklech en Ënnerscheed am Fokus vun der Programmatioun ze gesinn. Alles an allem ënnerscheede sech hautdesdaags d’Missioune vun de jeeweilegen Theateren zu Lëtzebuerg kaum nach.

Zousazinformatioun

Am Géigesaz zu den Theateren, déi an ëffentlecher Hand sinn, verdanken d’Privattheateren enger Privatinitiativ hir Grënnung a sinn och a Privatbesëtz. Déi véier Privattheatere sinn Asblen, gehéieren also enger Personne morale. Wat net heescht, datt se keng Subventioune kriten. D’Privattheatere kann een och „konventionéiert Theateren“ nennen, well se eng fest Konventioun mam Kulturministère hunn, deen hinnen all Joer e bestëmmte Montant zur Verfügung stellt, fir hir Programmatioun z’entwéckelen.

23
  • Open Source
    Den Théatre National du Luxembourg (TNL)

Dat Eenzegt, wat am Moment nach kloer Trennlinnen huet, wat virun allem déi dräi kleng Privattheateren ugeet, ass d’Sproochepolitik. Wärend am TNL Stécker an alle Sproochen ze gesi sinn (et gëtt souguer eng portugisesch Kreatioun dës Saison), gëtt am Kasemattentheater just op Däitsch (an heiansdo op Lëtzebuergesch) gespillt. An am Centaure an am TOL gëtt just op Franséisch (an heiansdo op Lëtzebuergesch) gespillt.

24

Och wann de Lëtzebuerger Theater eng méi wéi 150 Joer al Traditioun huet – säin offizielle Grënnungsmoment ass dem Dicks (dem Edmond de la Fontaine) säi Stéck De Scholdschäin, dat am Februar 1855 vun der Société de Gymnastique am Cercle-Gebai op der Place d’Armes déi éischte Kéier opgeféiert gouf –, ass dës Traditioun dominéiert vum Divertissementsstéck, vum Trivialtheater:
 
Gréisstendeels sinn dat Stécker, déi dem Genre vum Vaudeville, der Operett, dem Kaméidistéck ugehéieren. „Kaméidistéck“ ass e Lëtzebuerger Begrëff, deen e ganz bestëmmte Genre ausmécht, an zwar d’Comedie mat lëschtegem Gesang. Kaméidi wéinst Komödie, mee natierlech och wéinst Kaméidi, also „Lärm“.

Zousazinformatioun

Och wann de Lëtzebuerger Theater eng méi wéi 150 Joer al Traditioun huet – säin offizielle Grënnungsmoment ass dem Dicks (dem Edmond de la Fontaine) säi Stéck De Scholdschäin, dat am Februar 1855 vun der Société de Gymnastique am Cercle-Gebai op der Place d’Armes déi éischte Kéier opgeféiert gouf –, ass dës Traditioun dominéiert vum Divertissementsstéck, vum Trivialtheater:
 
Gréisstendeels sinn dat Stécker, déi dem Genre vum Vaudeville, der Operett, dem Kaméidistéck ugehéieren. „Kaméidistéck“ ass e Lëtzebuerger Begrëff, deen e ganz bestëmmte Genre ausmécht, an zwar d’Comedie mat lëschtegem Gesang. Kaméidi wéinst Komödie, mee natierlech och wéinst Kaméidi, also „Lärm“.

24
Extrait aus dem Kaméidistéck "D'Kiermesgäscht" vum Edmond de la Fontaine (Dicks).
24

Den éischte grousse Wandel, deen an der Lëtzebuerger Theaterlandschaft ze bemierken ass, ass d’éischt emol d’Grënnung vun zwee vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Stad Esch gefouerte Stadtheateren, wou Personal agestallt gëtt. An der Stad Lëtzebuerg ersetzt en Neibau den Alen Theater, deen net gutt an der Rei gehale war. De 15. Abrëll 1964 gëtt sou den Théâtre Municipal de la Ville de Luxembourg, wéi en am Ufank geheescht huet, inauguréiert, méi oder manner mat Zäit fir d’Joerdausendfeier vun der Stad. Den Escher Theater geet souguer schonn zwee Joer éischter, 1962, op. Soumat stinn déi éischt zwee professionell Theateren.
Virun allem kënnt et zu enger Moderniséierung vun der Infrastruktur.

Zousazinformatioun

Et ginn deier Plaze geschaf, wat een op Däitsch „Spielstätten“ nennt, wou no de modernste Standarde vun der Technik Theater gespillt ka ginn. Dëst huet awer, zemools um Ufank, net vill mat enger Erneierung vum Contenu, dee gewise gëtt, ze dinn.

24

Den TML hat schonn deemools als Haaptmissioun den Accueil vun auslännesche Produktiounen an eng sou breet wéi méiglech Programmatioun fir de bourgeoisë Grand public. De Fokus läit op de Klassiker aus der europäescher Literaturgeschicht.

Zousazinformatioun

Vu 550 Theaterstécker aus de Saisonen 1959/1960 bis 1978/1979 si 462 Produktioune vun auslänneschen Ensembelen, dat si 84 %. Nëmme 16 % si Lëtzebuerger Produktiounen.
Vun deene 462 auslännesche Produktioune sinn der 159 vun dem Paräisser Tourneeensembel Galas Karsenty-Herbert. Déi meeschtgespillten Auteure stamen aus der klassescher europäescher Literaturgeschicht, wéi de Molière, de Shakespeare, oder si klassesch modern Auteure wéi de Jean Anouilh. Et gëtt och vill op bekannte Schauspiller gesat, déi mat hirem Prestige da solle vill Leit ulackelen. Dat gëtt nach ëmmer an den Théâtres de la Ville gemaach, an der Saison 2016/2017 konnt een zum Beispill den Jude Law kucke goen. Alles an allem haten esou Virstellunge wéi déi vun de Galas Karsenty-Herbert, och wann, oder vläicht well et vill Boulevardtheater war, awer e grousse Succès: D’Lëtzebuerger kruten do e Stéck Paräis zerwéiert. Dat ass den deemolege prestigiéisen Theater, et geet op deenen Owender genee sou vill drëms, sech bei esou Virstellungen ze weisen, wéi drëms, wat op der Bün gewise gëtt.

24

De Programm vum Escher Theater gesäit och net vill anescht aus, och wann e vläicht relativ schnell eng méi grouss Plaz fir déi autochthon Produktioune bereetstellt. Déi ginn, effektiv, vum TML marginaliséiert, als Ausdrock vun de kulturpolitesche Prioritéiten, wéi een et einfach nëmme bemierkt, wann ee feststellt, datt keng Lëtzebuerger Produktiounen an den Abonnementer vum TML vun där Zäit erëmzefanne sinn. Emblematesch fir dës Decisioun ass zum Beispill d’Argument, datt d’Lëtzebuerger Truppen net kéinte mat de professionellen Truppen aus dem Ausland mathalen.

24

« Quant à l’intégration de leurs productions dans les abonnements, j’en vois les dangers ; une troupe luxembourgeoise risque en particulier de pâtir de la comparaison avec des troupes étrangères, en ce qui concerne p.ex. le professionnalisme du travail théâtral. C’est un problème qu’il faut d’abord étudier sérieusement avant de se prononcer. »
Joseph Paul Schneider (1983) (Source)

D’Prioritéiten louche selbstverständlech beim auslänneschen Tournee-Theater. Dat ass eng Saach vu Kultur-Politik an do huet sech bis haut näischt geännert um Rond-Point. Mir sin zwar elauter fei Jongen a Meedercher mä abille solle mer äis näischt wanechgelift: well eises Kascht seet deem bessere Publikum net vill. An eis Gesiichter och net. Bong. Da musse mer [sic] huele wat bleift. Wann d’Fransousen, d’Belsch an d’Preise bis zerwéiert sin, da kommen d’Lëtzebuerger drun. Déi Friem hu jo awer och eppes anescht ze bidde wi mir kleng Pisserten. D’accord."
Pol Greisch (1989) (Source)

25
  • Foto vum François Besch. Open Source
    Fernand Fox (*1934)

Bis haut huet sech do natierlech relativ vill dru geännert, mee an de 60er a 70er Joren haten déi lëtzebuergesch Produktioune net d’Gonscht vun der Kulturpolitik, trotz engem gewësse Succès beim Publikum, dee virun allem d’Kompanie ronderëm den Eugène Heinen, déi sech „Lëtzebuerger Theater“ genannt huet, hat. De „Lëtzebuerger Theater” ass aus der Trupp „Les Compagnons de la scène“ ervirgaangen, déi schonn 1949 gegrënnt gi war. Zu där Zäit huet den Heinen däitsch a franséischsproocheg Klassiker op d’Bün bruecht. 1955 kritt hien dann den Optrag, un der Dicks Jubiläumsfeier matzewierken, an hie plangt dräi Inzenéierungen, De Ramplassang, Den Här an d’Madame Tullepant an d’Kiirmesgäscht. Dat Ganzt huet sou e groussen Erfolleg, datt den Heinen decidéiert, sech méi dem Mondaarttheater zouzewenden. Domadder kënnt och dann d’Ëmbenennung.

Zousazinformatioun

De Lëtzebuerger Theater war eng semi-professionell Theatertrupp. Den Eugène Heinen hat selwer eng schauspilleresch Ausbildung zu Frankfurt an zu Nanzeg gemaach an huet am Conservatoire Dictioun a Schauspilltraining enseignéiert. Zu senge Schüler hunn de Pol Greisch an d’Juliette François gehéiert, mee och de Fernand Fox, de Marc Olinger an nach anerer.
Mat senge Schüler, oder Ex-Schüler, déi den Eugène Heinen dunn an seng Kompanie opgeholl huet, huet hien och all Joer op d’mannst een Theaterstéck am TML dierfen op d’Bün bréngen, ee Mäerchen (zum Beispill Rapunzel, Schneewittchen oder de Rumpelstilzchen vum Norbert Weber), an och déi alljäerlech “Revue”.

 

25
„Keng Beruffsschauspiller, awer och keng bluddeg Amateuren, well mer jo awer gréissten Deels eng Formatioun haten.“
Pol Greisch (1989)
(source)
Pol Greisch, Blummen um Wee a Steng an de Féiss, an: 150 Jahre Theater in Luxemburg, Echternach (1989), S. 65.
25

De Succès kënnt net nëmmen dovun, datt et déi éischte Stécker sinn, déi an der Nokrichszäit op Lëtzebuergesch opgeféiert ginn, mee och dovun, well se gréisstendeels zum Genre vum Kaméidistéck gehéieren. Virun der Grënnung vum Théâtre Municipal huet de „Lëtzebuerger Theater“ vill vun de „klassesche“ Lëtzebuerger Auteure gewisen, Goergen, Dicks, Batty Weber, mee duerno waren et virun allem Stécker vu liewegen, zäitgenësseschen Auteuren. Tëscht 1964 an 1975 war de Fernand Hoffmann dee meeschtgespillten Auteur am TML.

25

Déi meeschte Stécker, déi de Lëtzebuerger Theater zu där Zäit op d’Bün bruecht huet, follegen entweder dem traditionelle Muster vum Kaméidistéck, also dem rengen Divertissementsstéck, mat den übleche Coden, mat de Witzer iwwer d’Drénken, klenge Lidder, Verwiesslungen an Happy Endings (schonn eleng d’Titele vu verschiddene Stécker verroden dat, wéi zum Beispill: Eng Sëffecht op der Musel).

Oder si si méi seriö, mee gehéieren nach zum populäre Vollekstheater, wéi D’Kierch am Duerf vum Fernand Hoffmann oder D’Pöltches Famill vum Tit Schroeder, dat éischt Stéck, dat am TML gewise gouf. An deene Stécker geet et meeschtens ëm eng konservativ Vue op d’Liewen an d’Gesellschaft, d’Kierch hält d’Duerf zesummen, de Paschtouer ass den Tréischter an de Psycholog aus dem Duerf, deen de Leit a schwierege Fäll hëlleft, oder et geet ëm d’Wäerter vun der Famill, d’Léift vun engem Papp fir seng Kanner, d’Autoritéit vun den Elteren, d’Roll vun der Fra am Stot asw.

25

Déi eenzeg Stécker, déi dëst Weltbild a Fro stellen, sinn Äddi Charel a Besuch vum Pol Greisch a Wëlle Mann vum Fernand Barnich. Déi Stécker gehéieren zu den éischte Moderniséierungstendenze vum Lëtzebuerger Theater, well se d’Gesellschaft a Fro stellen: Si weisen de Mënsch par Rapport zu der Gesellschaft, si weisen, wéi eleng a verluer de Mënsch do steet, oder, wéi de franséischen Theaterwëssenschaftler an sengem Buch iwwer d’Poetik vum modernen Drama seet, si weisen „un homme séparé“:
 

« L’homme du XXe siècle – l’homme psychologique, l’homme économique, moral, métaphysique, etc., – est sans doute un homme « massifié », mais c’est surtout un homme « séparé ». Séparé des autres (du fait, souvent, d’une trop grande promiscuité), séparé du corps social qui pourtant le prend en étau, séparé de Dieu et des puissances invisibles et symboliques… Séparé de lui-même, clivé, éclaté, mis en pièces. Et coupé […] de son propre présent. »
Jean-Pierre Sarrazac (2010) (Source)

26
  • © Archives Kasemattentheater / CNL
    Tun Deutsch (*1932-1977†)

Bannent der Trupp vum Lëtzebuerger Theater kënnt et awer e puermol zum Clash. Déi éischte Kéier tëscht dem Tun Deutsch an dem Eugène Heinen.
Den Deutsch wollt eng Alternativ ubidden. Hie fënnt d’Stécker, déi de Lëtzebuerger Theater programméiert, ze vill provënziell, net modern genuch, ze vill Ënnerhaltungstheater. Hie wëllt déi modern an avantgardistesch Auteuren, déi dee Moment an den Haiser an de grousse Stied vun den Nopeschlänner gespillt ginn, zu Lëtzebuerg op d’Bün bréngen. Zum Broch mam Heinen kënnt et, wéi hien decidéiert, en eegene Rezitatiounsowend am TML ze programméieren, obwuel den Heinen, deen als Tyrann bekannt war, et net toleréiert huet, wa Membere vu senger Trupp aner Engagementer haten.

Zousazinformatioun

Den Tun Deutsch (1932-1977) war ee vum Heinen senge beschte Schüler, deen e Schauspillstudium zu Düsseldorf, Nanzeg a Paräis absolvéiert hat an als zweesproochege Schauspiller erëmkoum. Hien hat ganz nei Stécker an Auteure kennegeléiert wärend sengem Openthalt am Ausland. Hie war deen Éischten, nom Heinen, deen eng professionell Ausbildung hat, wéi en zeréckkoum.

26

D’Alternativ, déi den Deutsch gesäit, ass d’Grënnung, den 11. Dezember 1964, vum Centre Grand-Ducal d’Art Dramatique – dee spéider de Spëtznumm Kasemattentheater krut, well eben eng Zäit laang do gespillt gouf. Mee offiziell heescht den Theater nach ëmmer Centre Grand-Ducal d’Art Dramatique.
Dës Grënnung kann ee schonn als eng kleng Revolutioun am Theatermilieu gesinn.

D’Missioun vum Centre Grand-Ducal d’Art Dramatique war, sou den Deutsch, d’Spille vun däitschen a franséische Stécker, dohier sollt et keng direkt Konkurrenz mam Heinen senger Trupp ginn. Et ass dem Deutsch virun allem ëm de modernen an zäitgenësseschen Theater gaangen, ëm den avantgardisteschen Theater an Europa.

Zousazinformatioun

Um Programm waren och, an den éischte Saisonen, déi bekanntsten Auteuren aus dem Courant vum absurden Theater, wéi Ionesco, Beckett oder de polnesche Schrëftsteller Slawomir Mrozek. Et muss ee bedenken, datt den absurden (oder anerwäerts avantgardisteschen) Theater vu Paräisser Schrëftsteller wéi dem Beckett, dem Ionesco, dem Adamov, dem Boris Vian an nach aneren an de 50er a 60er Joren a ganz Westeuropa um Spillplang vun de groussen Theatere stoung. De Literaturskandal, deen déi éischt Opféierung 1953 vun En attendant Godot vum Beckett mat sech bruecht hat, an der Mise en scène vum Roger Blin, war nach frësch an de Käpp. Den absurden Theater huet e gewëssen Nerv vun der Zäit getraff, well en d’Fro nom Sënn vun der Existenz gestallt huet, sech mat dem Elengsinn an den Ängschte vum Mënsch befaasst huet. Deen Theater ass parallel zu de grousse politeschen a gesellschaftleche Froen opkomm, déi sech an der Nokrichszäit an duerno am Kale Krich gestallt hunn.

26
„Es ging um neue Inszenierungsstile, eine andere, demokratischere Probenerfahrung, innovative Spielstätten und vor allem auch zeitgenössische Autoren.“
Marc Limpach (2014)
(source)
Marc Limpach „Streifzüge durch die Geschichte und die programmatische Ausrichtung des Kasemattentheaters“, an: 50 Jahre Kasemattentheater 1964-2014, Centre Grand-Ducal d’Art Dramatique, Bönen/Westfalen, 2014. S. 16
26

An esou ass dem Tun Deutsch säi Ionesco-Festival, deen 1965 organiséiert gouf, wou d’Stécker La Leçon a La Jeune Fille à marier gewise goufen, fir d’éischte Kéier mat Lëtzebuerger Besetzung (och wann déi Stécker am TML scho vu franséischem Tourneetheater gewise gi waren) en zimlechen Erfolleg. Hie stellt sech also géint d’Traditioun vun dem kathoulesch-konservativen Theater aus dem Lager Heinen-Hoffmannn, fir e méi engagéierten a politeschen Theater.
 

Interessant ze bemierken ass, datt den Tun Deutsch keng Stécker op Lëtzebuergesch programméiert hat, an senger Zäit als Direkter vum Kasemattentheater, an och just een eenzegt Stéck vun engem Lëtzebuerger Auteur, an zwar Les Tigres vum Edmond Dune, an der Saison 1966/1967. Fir lëtzebuergeschsproocheg Theaterproduktioune gëtt et also zu där Zäit keng richteg Alternativen zum Lëtzebuerger Theater.

26
« Le but final que le CENTRE se propose d’atteindre, est une troupe permanente, subventionnée par l’Etat, dotée du personnel et du matériel nécessaire au fonctionnement normal, avec éventuellement, le domicile dans un théâtre luxembourgeois. »
Extrait aus de Statute vum Centre Grand-Ducal d'art Dramatique
(source)
Fonds Kasemattentheater CNL, CNL T19
26

Den Deutsch wollt mat engem professionellen Ensembel qualitativ héichwäerteg Produktioune programméieren an esou eng Alternativ fir den dominante Gastspillsystem bidden. Propose vum Auteur: Dofir waren och déi zwee aner Schauspiller, déi de Kasemattentheater matgegrënnt hunn, de Georges Ourth an de Charles Schmitt, allebéid professionell Schauspiller (am Ausland). De Rescht vum Comité waren Administrateuren.

Fir déi éischt Projete konnt den Deutsch nach op d’Hëllef vu Studiekolleegen zielen, mee säin Zil war et, op laang Dauer vläicht eng Partie professionell Schauspiller, déi am Ausland gelieft hunn, fir säin Ensembel ze verflichten an op Lëtzebuerg zeréckzekréien. Mee schonn eleng wéinst dem Finanzement war d’Saach schwiereg. Den Deutsch war sech bewosst, datt esou eng Missioun net ouni Subventionéierung vum Staat géif fonctionnéieren.

Zousazinformatioun

Sou schafft den Deutsch punktuell mat Schauspiller wéi dem Georges Ourth, deen 1975 dem Mrozek säi Stéck Die Emigranten am Kasemattentheater inzenéiert an d’Stéck duerno mat als Gastspill op d’Salzburger Elisabethbühne bréngt, wou hien zënter 1973 kënschtleresche Leeder ass. 40 Joer duerno programméiert de Kasemattentheater d’Stéck Furcht und Wohlstand des Luxemburger Landes, och nach Migrant betitelt, en Ensembel vu klenge Stécker vun néng Lëtzebuerger Auteuren, déi dës Mise en scène nach emol honoréiere soll. Och de Jos Noerden, dee vun 1949 bis 1953 am Brecht sengem Berliner Ensembel engagéiert war, inzenéiert e puermol am Kasemattentheater. Wat ganz wichteg ass, a wat dee Moment ebe geschitt, ass datt dës Schauspiller, déi am Ausland liewen, hir Kolleege matbréngen, an esou Zesummenaarbechten entstinn tëscht lëtzebuergeschen an auslännesche Kënschtler, déi dem Publikum weisen, datt et och Qualitéitsaarbecht zu Lëtzebuerg gëtt.

26

Trotz allem kritt de Centre keng Subventiounen, net emol e Büro, an den Tun Deutsch decidéiert dann, an de Kasematte vum Bockfiels eng Spielstätte anzeriichten. D’Anekdoten iwwer déi Plaz si sou witzeg wéi traureg. Et reent eran, et ass fiicht a kal, d’Dekore gi futti, et kann ee just am Summer spillen, well et net méiglech ass ze heizen an de kale Méint. An trotzdeem schaaft den Deutsch do eng Plaz, déi sech dem traditionellen Theater entgéintstellt. Eng ongewéinlech Plaz, wou d’Leit méi en direkten Zougang zum Büneprozess hunn. Et ass keng Plaz, wou een higeet, fir gesinn ze ginn, wéi am TML.

De Publikum ass e ganz aneren, et komme jonk Leit, fir déi de Stadtheater ze snob ass. Mee och wann dem Deutsch seng Entreprise vun der aler Garde net ënnerstëtzt gëtt, well se wuel Angscht ëm hir dominant Positioun huet, well de Kasemattentheater eng Alternativ zum Monopol vum TML ass, huet säin Engagement fir d’Theateraarbecht zu Lëtzebuerg Konsequenzen.

26
E kuerzen Extrait iwwert d'Liewe vum Tun Deutsch
27

Am Joer 1973 ginn direkt zwee nei Ensembele gegrënnt, an zwar den Théâtre Ouvert Luxembourg vum Marc Olinger an anere Schauspiller, an den Théâtre du Centaure vum Philippe Noesen.
Der éischtgenannter Grupp Leit geet et wéi Jore virdrun dem Deutsch: De Marc Olinger (1946-2015) krut Sträit mam Eugène Heinen. Och hie wëll kee Revuetheater méi maachen, och hie fënnt de Lëtzebuerger Theater kënschtleresch vun ze schlechtem Niveau.

Och hien huet zu Paräis studéiert an do en aneren Theater kenne geléiert a wëll d’Lëtzebuerger Bünepraxis moderniséieren, eng Moderniséierung, déi dem Heinen guer net gefält. Och hie gesäit sech als Alternativ vis-à-vis vun der aler Garde an den auslännesch Tourneetruppen.

27
De Marc Olinger am Interview iwwert d'Funktioun vum Theater (2010)
27

Beim Philippe Noesen (gebuer 1944) ass et anescht, hien huet kee Kontakt zum Heinen, an hien ass vun 1969 bis 1972 bei der Comédie Française zu Paräis. Zeréck zu Lëtzebuerg schaaft hien de Centre Culturel Français.
Hien ass awer net komplett onbekannt zu Lëtzebuerg; hie gouf schonn e puermol vum Deutsch engagéiert, fir a Stécker vu Camus (Le Malentendu, 1966) oder Beckett (Fin de partie, 1967) matzespillen. 1973 kreéiert hien da Le Puits de Fuentes vum Edmond Dune, mat dem frësch gegrënnten Ensembel vum Centaure, eng Commande vun der Escher Kulturkommissioun. Sou entsteet den Théâtre du Centaure, deen sech vun do u virun allem fir zäitgenëssesch franséisch a frankophon Auteuren interesséiert.

27

De Centaure an den TOL bedéngen sech bal ausschliisslech beim franséischen Theater, de Kasemattentheater beim däitschen, fir sech net ze vill an de Féiss ze sinn. Et kënnt och zu Zesummenaarbechten tëscht den Haiser. Mee ganz wichteg ze bemierken ass, datt déi Erneierung vun der Theaterlandschaft, zu där et deemools koum, och mat enger Erneierung vun der Theaterliteratur zesummenhänkt.

27

Dräi Auteuren an hir Texter kann een hei nennen, als éischt den Norbert Weber mam Stéck De Bretzert, e Stéck, dat op den éischte Bléck dem Kaméidistéck vill gläicht, fir dann duerno an eng deels grausam absurd Komödie ze rutschen – de Koschter Jupp kritt virgegaukelt, hie wär den neie Buergermeeschter, wéi en emol ze vill gedronk hat. Soubal hien dann an senger neier Funktioun opgeet, wëll hien all Mënsch, deen him net passt, erhänken a gëtt zum geckegen Tyrann. Den Humor ass op eemol guer net méi sou liicht, dat Ganzt kritt alpdramhaft Zich.

Zum Schluss gëtt de Jupp selwer gehaangen, ouni datt him dobäi eppes geschitt, an senger Fra gëtt virgespillt, e wär dout. Dëst Stéck, wéi eng an d’onermiesslecht hyperboliséiert a méi komplex Versioun vun engem Kaméidistéck, gëtt 1977 vum Marc Olinger inzenéiert a vum TOL produzéiert. De Marc Olinger selwer schreift am Programmheft vum Stéck, datt den TOL lëtzebuergesch an auslännesch Auteuren d’selwecht behandelt. Soulaang d’Stécker qualitativ gutt sinn, gi se gespillt.

Zousazinformatioun

Als zweete muss een de Pol Greisch nennen, deen sech mat sengen zwee Stécker Ënnerwee (1978) a Grouss Vakanz (1980) engülteg dem intimen Drama ugeholl huet. Wéi schonn säi Stéck Besuch sinn och dës zwee Stécker Familljendramen, wéi een se aus Däitschland vum Franz Xaver Kroetz kennt, deen zur selwechter Zäit esou Stécker zu Münche geschriwwen huet. Et geet an deenen neie Stécker ëm den erdréckenden Alldag, ëm Famillen, wou d’Kommunikatioun net méi stattfënnt, ëm Mënschen, déi resignéiert hir Dreem opginn hunn, oder déi ëmmer erëm verzweifelt probéieren, sech selwer ze verwierklechen an awer ëmmer erëm dru scheiteren, well se ze vill Angscht virum Onbekannten hunn an sech awer doheem méi a Sécherheet spieren. D’Kritiker si sech eens, datt een nach ni esou direkt an onverfälscht an de Lëtzebuerger Alldag erakucke konnt wéi an deenen zwee Stécker.

27

Zwee Stécker vum Guy Rewenig sollten och nach ernimmt ginn, an zwar Biergerkrich (1975) an Amerikanesch Zoustänn (1978). Virun allem dat zweet gëtt, no senger Opféierung vum Théâtre du Centaure, an der Mise en scène vum Philippe Noesen, als ee vun de wichtegsten Theaterevenementer vun der Saison gefeiert. Déi zwee Stécker innovéiere mat hirer dramaturgescher Struktur an engem staarke politesche Message. Am éischte Stéck kidnappen a folteren zwee Schmelzaarbechter hire Patron, nodeems ee vun hire Kolleege bei engem Accident gestuerwen ass, en Accident, dat vläicht vermeidbar gewiescht wär, wann d’Aarbechtskonditiounen net sou schlecht wieren. Am zweete Stéck, dat mat Momenter zur absurd grausamer Farce gëtt, geet et ëm e behënnerten a stomme Jong, de Pierre, deem seng Mamm probéiert, him bäizebréngen, Schrauwen zesummenzesetzen, fir datt e kéint an eng Fabrik schaffe goen an en normaalt Liewe liewen.

D’Zeene fänken all genee d’selwecht un, ausser datt de Pierre lues a lues léiert, mat de Schrauwen eens ze ginn. Zum Schluss kommen déi Responsabel vun der Fabrick selwer eran, verléieren sech a Discourse voller Plattitüden a feieren de Pierre un. D’Stéck gëtt zu engem groteske Portrait vun der Leeschtungsgesellschaft. Wéi de Guy Rewenig selwer am Virwuert zu sengem Stéck Biergerkrich schreift:

27

Auf dem Theater ist die Wirklichkeit der Arbeitnehmer fast nicht vertreten. Das Theater hat sich, von seinen kämpferischen Anfängen (als Instrument des politischen Ausgleichs und des Widerstandes) »veredelt« zur Tanzfläche einer bevorteiligten Bildungsschicht, die sich auf den Bühnen selbst ein Ständchen bringt und sich ebendort als Zentrum der sozialen Umwelt feiert. Das Theater hat sich generell zur Werkstatt für Ablenkungsmanöver und Vertuschunsaktionen rückentwickelt. was bleibt, ist ein bunter Spiegel für die schäbigen Neurosen des Kleinbürgers, ein fahler Zerrspiegel für die lage der arbeitenden Menschen.

Gewiß: die kämpfende Arbeiterklasse braucht andere Mittel und Wege, um ihre Anliegen darzustellen und ihre rechte durchzusetzen, als ausgerechnet die religiöse, paralytische Stimmung von Theatersälen. aber: wenn sich Kultur künftig an den sozialen und politischen Auseinandersetzungen ausrichten soll, um so erzieherische und kommunikative Energien freizusetzen, müssen die bestehenden Kultureinrichtungen endlich zum Reflektor des gesamten sozialen und politischen Fächers ausgebaut werden."
Guy Rewenig (1975) (Source)

27

Wat zu där Zäit an der Lëtzebuerger Theaterliteraturgeschicht passéiert, ass datt de Fokus wiesselt, um Niveau vun de Figuren, vun der Baueren- an Duerfgemeinschaft oder vun de biergerleche Famillen op déi Ënnerprivilegiéiert, an um Niveau vun den ugeschwaten Thematiken a vum Genre vun de Komödien op d’Gesellschafts- an Aarbechterdramen. D’Theatertexter sollen unecken, d’Auteure si politesch lénks an engagéiert, wiere sech géint all Zort vu reaktionärem Theater, deem se virwerfen, eng ganz Partie vun der Populatioun einfach ze vergiessen, déi, déi näischt hunn, d’Aarbechter, déi, déi leiden, déi, déi eleng sinn, déi Sequestréiert, déi Persekutéiert, déi, déi sech an hiren eegene Prisongen erëmfannen.

28

Eng lescht wichteg gréisser Revolutioun, déi nach muss genannt ginn, passéiert Jore méi spéit, an zwar am Joer 1995, wéi Lëtzebuerg Kulturhaaptstad ass. De Frank Hoffmann (gebuer 1954), deen 1990 vun der berüümter Theaterzäitschrëft Theater heute als „Nachwuchsregisseur des Jahres“ ausgezeechent gouf, a sech ebe virun allem op däitsche Büne schonn en Numm gemaach hat, ergräift op emol d’Chance, fir en Nationaltheater ze grënnen, den Théâtre National du Luxembourg (TNL). D’Lëtzebuerger Kulturzeen steet ënner Schock. Virun allem paradoxal ass, datt dësen TNL eben en Nationaltheater ass, et schafft och Personal do, mee als Asbl ass et och e Privattheater.

28

Den TNL mécht den 1. Oktober 1997 mat Ein Traumspiel vum August Strindberg seng Dieren op.

Ënnert dem Hoffmann senger Leedung, déi bis haut undauert, entwéckelt sech den TNL zum drëttgréissten Theater zu Lëtzebuerg a kooperéiert säit 2001 mat de Ruhrfestspiele vu Recklinghausen, déi de Frank Hoffmann 2004, nom Frank Castorf, iwwerholl hat, zwee Joer laang als Interimsleiter, dann als künstlerischer Leiter.
Dat Amt huet hien awer 2018 ofgeluecht. 2006 huet den TNL eng interessant Initiativ ergraff, an zwar déi vun der Auteureresidenz. All Joer, mat Ausnam vun 2014, ass ee Lëtzebuerger Auteur, egal a wat fir enger Sprooch hie schreift, wärend engem Joer „Auteur en résidence“ a muss zwee Projete fir den Theater schreiwen: ee gréissert Stéck an ee klenge Projet, eng Liesung oder eng Performance.

Zousazinformatioun

Zënter der Saison 2016/2017, wou den Olivier Garofalo Auteur en Résidence ass, ass dëse klengen Optrag dee vun enger Ried, der sougenannter Rede vom Theater, déi am Centre national de littérature ofgehalen a verëffentlecht gëtt. An der Rede vom Theater soll et ëm d’Vue op déi eegen Theateraarbecht goen, d’Vue op d’Lëtzebuerger Theater- oder Dramen- oder Produktiounsgeschicht, op d’Schreiwe fir d’Bün am Allgemengen.

28
Presentatioun vum éischte Programm vum TNL
28

Firwat ass et esou wichteg, esou eng Initiativ ze ernimmen? Ma well et eben och am Professionaliséierungsprozess vum Auteur zu Lëtzebuerg wichteg ass, e Projet an d’Liewen ze ruffen, deen engem Auteur erméiglecht während engem Joer fir seng kënschtlerech Aarbecht bezuelt ze ginn. „Auteur en résidence“ ass fir d’Saison 2017/2018 den Daniel Dumont, e Lëtzebuerger Theaterauteur a Regisseur, deen zu Berlin wunnt.

28

Konklusioun

Vill Saache goufen hei net ugeschwat: Zum Beispill wat nom Doud vum Tun Deutsch, dee mat nëmme 45 un engem Häerzinfarkt gestuerwen ass, mam Kasemattentheater geschitt ass. Wéi de Cabaret-Programm vum Kasemattentheater lues a lues seng avantgardistesch Säit verluer huet. Wéi den Theater an den 90er Joren huet mussen aus de Kasematte plënneren, well déi renovéiert goufen, dunn eng Zäit am Tramsschapp (1991-1997) gespillt huet an du just nach aus Walisse gelieft huet, eng Kris no där anerer hat, mat etleche kënschtleresche Leeder, déi komm a gaange sinn, bis de Matbegrënner vum Theater, de Pierre Capesius, et fäerdegbréngt, dem Theater 1999 déi Plaz an der Rue du Puits ze besuergen, wou den Theater nach haut steet.

Oder wéi de Marc Olinger 1985 d’Direktioun vum Kapuzinnertheater krut, vun der Stad Lëtzebuerg, déi en dunn 2011 huet mussen opginn, well d’Stad decidéiert huet, de Kapuzinnertheater an de Groussen Theater zu den Théâtres de la ville ze verschmëlzen. Hien hat dat deemools ganz schlecht opgeholl, well e gefaart huet, d’Kreatioun géif extrem drënner leiden an d’Théâtres de la ville géifen, wéi zu Zäite vum TML, zu engem Gastspillhaus verkommen.

 

28

Et gouf och net genuch vum Frank Feitler geschwat, deen eng Zäit zu Basel an dunn zu Hamburg um Deutschen Schauspielhaus als Dramaturg geschafft huet. An Däitschland versteet een ënner Dramaturg eppes wéi e Conseiller dramaturgique, een, deen sech ëm Textfaassunge këmmert, dee Programmer schreift, deen Echangen organiséiert – e Posten, deen et a Frankräich (an zu Lëtzebuerg) net gëtt, ausser am TNL. Ënnert dem Frank Feitler ass de Stadtheater opgeblitt an an Europa huet sech e grousse Reseau opgebaut, vum Odéon-Theater zu Paräis bis zum Thalia-Theater zu Hamburg, wou vum Peter Brook bis zum Krysztof Warlikowski reegelméisseg Stécker gewise goufen a wou och Lëtzebuerger Kënschtler an de professionellste Konditioune schaffe konnten.

D’Grënnung vun dem Traffo an de Rotondes hätt kéinten ernimmt ginn, wärend dem 2. Kulturjoer. Dës Institutioun ass haut d’Héichbuerg vum Kannertheater.
Et war och net méiglech, vun der Grënnung vun den Theaterkompanien ze schwätzen, wéi Maskénada (1995 gegrënnt, eng laang Zäit gefouert vum Serge Tonnar, elo vum Misch Feinen), Independent Little Lies (och 1995 gegrënnt, geleet vum Linda Bonvini), de Kaleidoskoptheater vum Jean-Paul Maes oder d’Compagnie du Grand Boube vum Carole Lorang. Och d’Grënnung vun der Theaterfederatioun, 1995 natierlech, ënnert dem Impuls vum Kulturjoer, déi nach ëmmer eemol de Mount eng Theaterzäitschrëft erausbréngt, wou de komplette Programm vun de Lëtzebuerger Theateren a Kulturhaiser drasteet, gouf hei net wierklech ugeschwat.

28

Mee et gesäit een awer, och duerch de Stéchdatum 1995, wéi d’Theaterlandschaft sech zu Lëtzebuerg ëmmer erëm ruckaarteg weiderentwéckelt huet, wéi et ëmmer eng Zäit gebraucht huet, fir datt Saache sech tässelen, assimiléiert a veraarbecht ginn, an sech dann erëm eppes deet, ganz oft ënnert dem Impuls vun enger institutioneller Erneierung.Dohier kann een och gespaant sinn op d’Kulturjoer Esch 2022.

28

Videoquellen

  • Extrait aus dem Kaméidistéck "D'Kiermesgäscht" vum Edmond de la Fontaine (Dicks). Aus: RTL Kultur vum vum 23. November 1991. Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA). De Koseng Ficelle gëtt hei vum Fernand Fox gespillt. D'Interferenzen tëscht dem Lëtzebuergeschen a Franséische suergen fir en humoristeschen Effekt.
  • E kuerzen Extrait iwwert d'Liewe vum Tun Deutsch. Aus: RTL, Eng Stonn fir Lëtzebuerg vum 14. Dezember 1997. Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA)
  • De Marc Olinger am Interview iwwert d'Funktioun vum Theater (2010). Extrait aus RTL Kultur vum 23. Januar 2010. Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA)
  • Presentatioun vum éischte Programm vum TNL. Extrait aus der Emission RTL, Eng Stonn fir Lëtzebuerg vum 24. September 1997 iwwert  d'Präsentatioun vum éischte Programm vum TNL. Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA)
Dossier pédagogique
Rop

01

 

01

rof