Back to top

Kulturpolitik

/sites/default/files/styles/background/public/2019-05/bg1.jpg?itok=3rwSWxRS
7
  • /sites/default/files/styles/background/public/2019-05/bg2_0.jpg?itok=g1PIXXWQ
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2019-05/bg2_0.jpg?itok=0nT6dNAM
    /sites/default/files/styles/background/public/2019-05/bg3.jpg?itok=Ta8TOV16
  • /sites/default/files/styles/background/public/2019-05/bg1_1.jpg?itok=Yw6g7N43
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2019-05/bg1_1.jpg?itok=YYVHsjC8
    /sites/default/files/styles/background/public/2019-05/bg2_3.jpg?itok=beyD53mF
  • /sites/default/files/styles/background/public/2019-05/bg-white1_0.jpg?itok=rrcuOs18
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2019-05/bg-white1_0.jpg?itok=0ScT0J1t
37
  • Gerd Hergen Lübben, Text-Transparent „KULTUR IST …“
    Während dem Diskursprojet „KULTUR 90“ 1988 zu Essen aus der Fenster gehang.

„Kulturpolitik“ ass keen einfache Begrëff, well e schwéier ze faassen ass a seng Bedeitung am Laf vun der Zäit ännere kann. Et ass eng Zesummesetzung aus zwee Begrëffer, déi eenzel och erëm schwéier ze definéiere sinn: Kultur a Politik.
Kulturpolitik ass déi Politik, déi d’Kultur als Objet huet, déi d’Kultur ënnerstëtzt a fërdert. Dat ass allerdéngs nach eng ganz vereinfacht Beschreiwung, bei där sech d’Fro opdrängt, wat da Kultur ka sinn.

37

Aus enger historescher Perspektiv kann ee keng kloer Definitioun ginn. Dat sollt allerdéngs kee Problem stellen a vläicht mécht grad déi Schwieregkeet eng historesch Approche interessant. Et kann een och doriwwer diskutéieren, wéi wäit Kulturpolitik eigentlech zeréckgeet. De franséische Soziolog Philippe Urfalino datéiert d’„Opkommen“ vun der Kulturpolitik a sengem Buch L’invention de la politique culturelle op d’Joer 1959, wéi Frankräich e Ministère des affaires culturelles geschafen huet.  Allerdéngs heescht dat net, dass de Staat virdrun ni Mesurë geholl hätt, déi ee kéint mat enger Kulturpolitik identifizéieren, souguer wann dee Begrëff net benotzt gouf.

Een Aspekt ass allgemeng unerkannt: Kulturpolitik ass eng ëffentlech Politik. Se gëtt vun enger ëffentlecher Autoritéit bedriwwen, definéiert an ëmgesat. Dat ka vun engem supranationalen Niveau wéi d’EU bis erof zur klengster Gemeng reechen. Déi Niveaue kënnen och vu Land zu Land ënnerschiddlech sinn. Zu Lëtzebuerg gëtt et just den nationalen a kommunalen Niveau.

Zousazinformatioun

An Däitschland, dat e Föderalstaat ass, huet een nieft der Bundesregierung och nach d’Bundesländer an d’Gemengen (Kommunen). An der Belsch ass d’Situatioun nach méi komplex, well et net nëmmen de Staat gëtt, mee och Provënzen, Regiounen, Communautéiten a Gemengen. Wéi d’Zesummespill tëschent den eenzelen Niveauen ass a wéi vill Gestaltungsméiglechkeeten d’Autoritéiten op engem bestëmmten Niveau am Beräich vun der Kultur hunn, hänkt also vu Land zu Land of. Dat kann historesch bedéngt sinn, mee sech och am Laf vun der Zäit änneren. Wärend Frankräich duerch e staarken Zentralstaat charakteriséiert ass, ass et am Laf vun de Joerzéngten schrëttweis zu enger Regionaliséierung a Kommunaliséierung vun der Kulturpolitik komm.  An Däitschland huet ëmgedréint d’Bundesregierung versicht, hir Kulturpolitik auszebauen. Obwuel et do keen nationale Ministère gëtt, ass 1998 de Poste vum „Bundesbeauftragter der Bundesregierung für Kultur und Medien“ geschafe ginn.

37

Kulturpolitik kann sech am Laf vun der Zäit änneren, jee no historeschem Kontext, der Regierungszesummesetzung oder der Staatsform, no den Acteuren, déi deelhuelen, awer och nom Verständnis vun der Kultur. Dat Verständnis ka ganz enk sinn, wéi no der Definitioun vum Matthew Arnold a sengem Buch Culture and Anarchy (1869): „the best which has been thought and said in the world.“ Kultur kann och ganz breet definéiert ginn, wéi et verstäerkt zanter den 1970er Joren de Fall ass. D’Unesco vertrëtt eng anthropologesch Definitioun vun der Kultur, déi an der Deklaratioun vu Mexiko (1982) festgehale gouf.

UNESCO Deklaratioun vu Mexiko 1982

38

A. D’Entwécklung vun der Administratioun: vun den „arts et sciences“ zu engem eegestännege Kulturministère

Zu Lëtzebuerg huet sech um administrativen Niveau, wat dee fir d’Kulturpolitik zoustännegen Departement betrëfft, wärend ville Joerzéngten näischt fundamental geännert. Duerno ass et etappeweis zu enger Entwécklung komm vun den „arts et sciences“ bannent engem Ministère (dee changéiere konnt vun enger Legislaturperiod zur nächster) hin zu engem eegestännege Kulturministère. Déi Entwécklung ass awer och net ouni Ënnerbriechunge gewiescht.

38

Bis an d’1960er Joren ass dat, wat als Kulturpolitik bedriwwe gouf, ënnert „arts et sciences“ zesummegefaast ginn, verbonne mat de Wëssenschafte resp. der Recherche. De Begrëff „Kultur“ war keng administrativ Kategorie a „Kulturpolitik“ ass a kengem offiziellen Dokument gebraucht ginn. De Begrëff „arts“, also Konscht, dréckt och éischter eng limitéiert Opfaassung vun der Kultur aus (déi „schéi“ Konscht oder beaux-arts).

Zousazinformatioun

Arts et sciences“ ass och keng lëtzebuergesch Erfindung; et gouf deen Ausdrock schonn an enger ähnlecher Form an anere Länner, wéi z. B. an der Belsch mat engem Ministère des Sciences et des Arts vun 1907 bis 1932. Kloer definéiert ass „arts et sciences“ ni gewiescht. Am nooste kënnt een un eng Definitioun erun, wann een d’Staatsbudgete vun all Joer kuckt: Ënnert der Iwwerschrëft „Arts et Sciences“ ware Subsiden a Subventiounen un Associatiounen an Eenzelpersounen opgelëscht, esou wéi d’Ausgabe vun enger eenzeger staatlecher kultureller Institutioun, dem Staatsmusée, aus deem an den 1980er Joren de Musée National d’Histoire et d’Art (MNHA) an de Musée National d’Histoire Naturelle (MNHN) ervirgaange sinn. Déi zwou aner Institutiounen, déi et deemools scho gouf an déi haut kloer vum Kulturministère ofhängeg sinn, waren d’Nationalbibliothéik an d’Staatsarchiven (haut d’Nationalarchiven). Allerdéngs loungen se net am Kompetenzberäich vun „Arts et Sciences“.

38
  • BNF, PD
    De Joseph Bech 1933

Traditionell war d’Kulturpolitik ëmmer un den Educatiounsministère gebonnen, och wann et Ausname gouf. Dee Minister, deen am längste fir d’Kulturpolitik responsabel war, war de Joseph Bech (Rietspartei a CSV): vun 1926 bis 1937 als Educatiounsminister (a gläichzäiteg Premier), a vun 1937 bis 1945 als Ausseminister.

38

Eng éischt Ännerung an der staatlecher Administratioun ass 1959 agetrueden. Fir déi éischte Kéier ass wärend der Regierungsbildung an der Opdeelung vun de Ministèren an hire Responsabilitéiten de Begrëff „affaires culturelles“ opgedaucht – als Kompetenz vum Educatiounsminister (Emile Schaus, CSV). Gläichzäiteg war awer den Inneminister (Pierre Grégoire, CSV) responsabel fir „arts et sciences“.

Arrêté grand-ducal du 7 mars 1959 portant constitution des départements ministériels, in : Mémorial A n° 10 (1959), S. 137.

Zousazinformatioun

Bis 1964 gouf et also zu Lëtzebuerg eng Situatioun, an där zwee verschidde Ministèren (an och zwee Ministere) responsabel fir d’Kulturpolitik waren. Wärend awer „affaires culturelles“ am Arrêté grand-ducal vum 7. Mäerz 1959 iwwer d’Opdeelung vun den Departementer guer net weider definéiert gouf, ass de Kompetenzberäich vum Inneministère méi präziséiert ginn: „Cultes – Arts et Sciences; Commission des cinémas – Musées; Monuments et sites – Bibliothèque Nationale; Archives et Bibliothèque du Gouvernement“.

38

1964 gouf méi Kloerheet geschafen. D’kulturell Kompetenze goufen all an engem eenzege Ministère zesummegeholl. Fir déi éischte Kéier goufen „affaires culturelles“ an den offiziellen Titel vum Ministère integréiert: Ministère de l’Education nationale et des Affaires culturelles, ënnert dem Pierre Grégoire. Den Titel ënnersträicht gläichzäiteg déi enk, traditionell Relatioun tëschent Kultur an Education.

1969 goufen d’Affaires culturelles vum ëffentlechen Unterrechtsministère getrennt an et gouf e Ministère des Affaires culturelles et des Cultes geschafen, mam Madeleine Frieden-Kinnen, déi éischt Fra, déi zu Lëtzebuerg e Ministerposte krut. 1972 gouf de Ministère erëm opgeléist, „affaires culturelles“ goufen eng Kompetenz vum Staatsministère ënnert dem Pierre Werner (CSV). Staatssekretär fir Kultur gouf de Jacques Santer.

Zousazinformatioun

1974 ass d’Kultur erëm bei den Educatiounsministère zeréckkomm. Och wann d’„affaires culturelles“ net méi am offiziellen Titel ernimmt goufen, esou ass den zougehéieregen Departement (an deem just véier Leit geschafft hunn) oft als „Ministère des affaires culturelles“ opgetrueden. En huet vill méi staark wéi an de Joerzéngte virdrun och Reklamm fir sech selwer bedriwwen duerch Publicatiounen. Zanter 1972 goufen och all Joer Aktivitéitsberichter vum Kulturministère verëffentlecht: eng wichteg Quell fir Historiker hautdesdaags, well se en Iwwerbléck iwwert d’Approche an d’Initiativ vum Ministère ginn. Dass de Kulturdepartement méi siichtbar gouf, war just een Deel vun de Changementer an de 1970er Joren. 1979 ass d’Kultur erëm bei de Pierre Werner komm.

38
  • LSE Library, PD
    De laangjährege Minister fir Kultur Robert Krieps (LSAP) 1990

Eréischt 1984 ass dann offiziell en eegestännege Ministère des Affaires culturelles entstanen, ënnert dem Robert Krieps (LSAP), dee schonn tëschent 1974 an 1979 fir Kultur zoustänneg war. De Kompetenzberäich vum Kulturministère hat awer kaum changéiert. Vun 1984 u konnt de Kulturministère och op eng Stabilitéit bauen. Och wa verschidde Kompetenzberäicher changéiert hunn, esou ass d’Existenz vum Kulturministère net méi a Fro gestallt ginn, dat wuel och, well d’Ausgabe fir d’Kultur geklommen an nei Institutiounen dobäikomm sinn.

Zousazinformatioun

1995 gouf aus dem Ministère des Affaires culturelles dann e Ministère de la Culture ënnert der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges (CSV). Et war éischter e symbolesche Changement, well d’Responsabilitéite vum Ministère net beaflosst goufen.

38
  • CC BY-SA 3.0
    Den aktuelle Sëtz vum Ministère de la culture am Hôtel des Terres rouges an der Stat

Vun 1999 bis 2009 goufe Kultur, Recherche an Enseignement supérieur an engem grousse Ministère zesummegefaasst. An engem gewësse Sënn war hei erëm déi al Iddi vun arts et sciences opkomm, just dass d’Begrëffer mëttlerweil changéiert (Kultur a Recherche) an eng méi breet an oppen Definitioun kritt haten. 2009 gouf dëse Ministère opgespléckt an d’Kultur hat erëm e Ministère fir sech.

38

Den Iwwerbléck iwwert déi administrativ Evolutioun soll weisen, wéi onsécher Kultur als administrativ Kategorie war. Mat der progressiver Erhéijung vun de staatlechen Ausgabe fir d’Kultur, mam Ausbau vun der kultureller Infrastruktur a mam ëmmer méi staarke Stellewäert vun der Kultur – och als wirtschaftleche Facteur – ass aus enger Annexe en eegestännege Kulturministère ginn. Et ass ganz seele vun offizieller Säit erkläert ginn, firwat et déi administrativ Ännerunge gouf. 1964 hat de Staatsminister Pierre Werner a senger Regierungserklärung den Zesummeschloss doduerch erkläert, dass et d’Koordinéierung vun der Politik géif verbesseren.

Eng Analys vun der administrativer oder ministerieller Entwécklung ass awer just een Deel vun der Geschicht vun der Kulturpolitik. En aneren Deel ass déi vun der Entwécklung vun der Kulturpolitik selwer, vun hire Bréch a Kontinuitéiten.

38

B. D’Kulturpolitik bis an d’1960er Joren: eng enk Definitioun vun der Kultur an de Staat als Gestionnaire

Bis an d’1960er Joren hat sech d’Kulturpolitik zu Lëtzebuerg am Wesentleche kaum verännert, mat Ausnam vun e puer Gesetzer, déi zu där Zäit gestëmmt goufen. Och den Zweete Weltkrich huet kaum fir e grousse Broch gesuergt. Wärend der Occupatioun war d’Situatioun zwar eng ganz aner par rapport zur Zäit virdrun an zur Zäit duerno, an och déi international Situatioun hat sech wesentlech verännert no 1945, mee zu Lëtzebuerg ass awer d’Kulturpolitik vun der Tëschekrichszäit weidergefouert ginn.

38
  • Inconnu 1939, (c) copyright Phototèque de la Ville de Luxembourg
    Den hëllege Willibrord um Cortège am Kader vunn de Feierlechkeete vun der honnertjäreger Onofhängegkeet 1939

Een Evenement, dat d’Kulturpolitik vun der Zäit resuméiert huet, waren d’Feierlechkeete vun der honnertjäreger Onofhängegkeet 1939. Am Kader vun deem Evenement gouf en historesche Cortège mat Personnagen an Evenementer aus der Lëtzebuerger Geschicht an der Haaptstad organiséiert. Dee Cortège hat och d’Meeschtererzielung iwwerholl, mat der Iddi z. B. vun engem autonome Lëtzebuerg am Mëttelalter an duerno de „Friemherrschaften“ an der Neizäit. De Cortège huet haaptsächlech Personnagë gewisen, déi um Territoire vum haitege Lëtzebuerg gebuer waren. Herrscher wéi déi éisträichesch Keeserin Maria-Theresia, déi un d’Zäit vun der sougenannter „Friemherrschaft“ erënnert hunn, goufen ewechgelooss. Wéi d’Feierlechkeete vun 1939 stoung och d’Kulturpolitik generell an där Zäit ganz am Sënn vum Nation-Building: Lëtzebuerg sollt als Nationalstaat legitiméiert ginn, dat och duerch d’Kultur.

Zousazinformatioun

De Michel Rodange, de Michel Lentz an den Edmond de la Fontaine (Dicks) (déi „lëtzebuergesch Trinitéit“ ) sinn z. B. als grouss Vertrieder vun der Nationalliteratur ugesi ginn. Dat war och nach nom Zweete Weltkrich de Fall.

38

An den éischte Joren nom Krich war d’Kulturpolitik am Prinzip net vill anescht wéi virun 1939, allerdéngs manner am Fokus, well Lëtzebuerg dorop konzentréiert war, d’Wirtschaft erëm opzebauen a politesch a sozial Strukturen hierzestellen. De Budget fir arts et sciences hat sech a senger Struktur an Opdeelung kaum geännert. D’Kulturpolitik hat eng erzéieresch Funktioun, se hat sech op eng ganz enk Definitioun vun der Kultur beschränkt, als Héichkultur mat de beschten a schéinste Wierker, an op déi traditionell Institutiounen.

D’Staatsmuséeën, d’Nationalbibliothéik an d’Staatsarchiven hunn dann och déi kulturpolitesch Landschaft dominéiert. Iwwert d’Kultur sollten och demokratesch a spirituell Wäerter verbreet ginn.

Zousazinformatioun

An de parlamentareschen Debatten iwwert déi järlech d’Staatsbudgete sinn och ëmmer erëm déi selwecht Themen opkomm: Musek, national Kultur resp. déi national Dichter Dicks, Lentz a Rodange, Restauréierung a Konservéierung. Den Intressi un der Kultur ass awer am Laf vun de Jore geklommen: Wärend Enn den 1940er Jore kaum en Deputéierten sech zu den arts et sciences ausgeschwat huet, goufen et an den 1960er Jore vill méi Interventiounen. Doduerch goufen och méi Revendicatioune gestallt, z. B. wat d’Dezentraliséierung oder d’Schafe vu regionale Muséeë betrëfft. De Staat huet sech hei awer zeréckgehalen an huet esou eng Politik net duerchgesat. Trotz de Revendicatioune goufen awer d’Kulturpolitik an d’Konzeptioun vun der Kultur net fundamental a Fro gestallt.

38

Dat éischt Gesetz an der Kulturpolitik nom Zweete Weltkrich war enk mat der neier internationaler Situatioun verbonnen: de 17. Juli 1947 gouf an der Chamber iwwer d’Unesco-Konventioun ofgestëmmt. D’Konventioun gouf mat 45 Stëmmen ugeholl.

Grënnungskonventioun vun der UNESCO aus dem Joer 1945

Zousazinformatioun

Den Afloss vum Kale Krich hat sech awer och hei bemierkbar gemaach: Fënnef Enthalunge gouf et vun der kommunistescher Fraktioun, mat der Begrënnung, dass d’Reussite vun der Unesco wéinst der „fënnefter Kolonn“ an den Administratiounen an de Kollaborateure vum Hitler an der Wirtschaft onméiglech wär.  Sécherlech hat och d’Positioun vun der Sowjetunioun matgespillt: Si war net ënnert de Grënnungslänner vun der Unesco.

38

De Staat hat zwar an de Joerzéngten nom Zweete Weltkrich keng nei Institutioune geschafen, duerfir awer versicht, bei deenen, déi et scho gouf, méi gesetzlech Kloerheet ze schafen. De 5. Dezember 1958 goufen d’Nationalarchiven an d’Staatsarchiven duerch e Gesetz organiséiert.  Eng wichteg Neierung war den dépôt légal, d. h. d’Nationalbibliothéik kritt vun all Publikatioun, an och vun all Muséksstéck, alle photographeschen a cinematographesche Wierker, déi zu Lëtzebuerg verëffentlecht ginn, eng Kopie.

Mam Gesetz vum 17. August 1960 gouf dann och de Staatsmusée (Musée de l’Etat) organiséiert.  Am Exposé des motifs vum Gesetzesprojet gouf de Staatsmusée als wichteg Institutioun am kulturelle Liewen duergestallt a seng Roll an der Formatioun vum Lëtzebuerger Public ënnerstrach.

Zousazinformatioun

Dat drëtt Gesetz am Kader vun der Kulturpolitik gouf den 21. Mäerz 1966 gestëmmt a betrëfft d’Ausgruewungen an de Schutz vum sougenannte mobille kulturelle Patrimoine, d. h. all Zort vun Objeten, déi bei Ausgruewunge kënne fonnt a mat ewechgeholl ginn. Dat Gesetz sollt dozou bäidroen, illegal Ausgruewunge (vun Amateuren) ze verhënneren an der Exportatioun vun historeschen a kënschtlereschen Objeten entgéintzewierken. An den Debatten zum Gesetzesprojet hat de Minister Pierre Grégoire och ënnerstrach, dass de Staat d’Dezentraliséierung an d’Schafe vu Regionalmuséeë fërdere géif. Och d’Demokratiséierung vun der Kultur war vum Grégoire ugeschwat ginn.

38
  • Theo Mey, 196300371, nég28A, (c) copyright Phototèque de la Ville de Luxembourg
    De Chantier vum Grand théatre de la ville de Luxembourg 1963, deen ee Joer drop seng Diren sollt opmaachen

Generell kann ee festhalen, dass d’Kulturpolitik u sech net grondleeënd a Fro gestallt gouf an d’Kulturopfaassung och ganz limitéiert war. Dat heescht awer net, dass et bis an d’1960er Jore guer keng Ännerunge gouf: Déi dräi Gesetzer sinn ee Beispill, genau esou wéi de Begrëff vun der Demokratiséierung an de 1960er Joren, oder nach d’Verdränge vum Ausdrock „arts et sciences“ duerch „affaires culturelles“. Déi Changementer sinn awer all am Kader vun der deemoleger Kulturpolitik bliwwen an hu kaum zu enger Verbreedung vun der Kulturpolitik bäigedroen. De Staat huet just geréiert, mee net innovéiert.

38

C. 1969-1974: eng Transitiounsphase an der Kulturpolitik

Ab dem Enn vun de 1960er Jore koumen eng Rei Changementer, déi spéider Entwécklunge wäerte virgräifen, ouni awer déi deemoleg konkret Kulturpolitik a Fro ze stellen. Wéi 1969 eng nei Regierung zesummegestallt gouf, war och den Departement vun de Affaires culturelles vum Educatiounsministère ofgespléckt ginn. Et gouf e Ministère des Affaires culturelles et des Cultes geschafen, ënnert der Ministesch Madeleine Frieden-Kinnen (CSV), Wittfra vum 1959 verstuerwene fréiere Premierminister Pierre Frieden.

D’Madeleine Frieden-Kinnen war dann och déi éischt Fra iwwerhaapt, déi zu Lëtzebuerg e Ministerposten iwwerholl huet. Dass allerdéngs d’Kulturpolitik sech net déifgräifend géif veränneren – och am Kontext vu Mee 1968 net –, dat weisen d’Aussoe vun der neier Ministesch, déi e positive Bilan vun der Entwécklung vun der Kulturpolitik an der Nokrichszäit gezunn huet:

38
« […] depuis la guerre et surtout au courant des dernières années, ce ministère a connu un développement d’envergure et est devenu un centre rayonnant d’où partent et où aboutissent des activités multiples et souvent remarquablement efficaces »
Madeleine Frieden-Kinnen
(source)
Chambre des députés, Compte-rendu de la session extraordinaire de 1968-1969. 12e séance (18 mars 1969), S. 699
38

Wat sech allerdéngs geännert hat an där Period vun 1969 bis 1974, déi een och als Transitiounsphas kann ugesinn, dat waren d’Discoursen iwwer d’Kultur an d’Gesellschaft. Nei Theme goufen ugeschnidden, net nëmme vun der Ministesch, mee och vun de Deputéierten: gesellschaftlech Verännerungen, Medien an nei Technologien. Fir d’Madeleine Frieden-Kinnen gëtt Kultur als e Moyen ugesinn, spirituell Wäerter ze verbreeden. Kultur wär och net méi op eng kleng privilegiéiert Schicht limitéiert, mee géif och déi breet Populatioun concernéieren. Doduerch, dass d’Aarbechtszäiten sech reduzéiert hätten, géif der Bevëlkerung och méi Fräizäit zur Verfügung stoen. D’Demokratiséierung vun der Kultur gouf och ugeschwat – wéi schonn zur Zäit vum Pierre Grégoire.

Zousazinformatioun

Wierklech konkret ëmgesat gouf se allerdéngs net, zemools well d’Definitioun éischter vag formuléiert gouf. Et sollt sech weder ëm eng Vulgariséierung handele vun der Kultur nach ëm en einfachen Accès fir d’„Massen“ zur „héijer Kultur“, déi hinne friem wär. Jidderee sollt „conformément à ses goûts et à ses besoins“ um kulturelle Liewen deelhuele kënnen.

38
  • CC BY-SA 3.0
    Den Escher Kino Ariston, dee mat Ënnerbriechungen tëschent 1962 an 2016 a Betrieb war

Gläichzäiteg hat déi nei Ministesch awer och d’Konsumgesellschaft kritiséiert an d’Kultur als e wichtege Facteur ugesinn, fir immateriell Wäerter ze schützen. D’Medie géifen zur Verbreedung vu „Géigewäerter“ („contre-valeurs“) bäidroen. Ënnert den „neie“ Medien huet se dann och Tëlee, Schallplacken, Radio, Kino an d’Bandes dessinées opgezielt, och wann se schonn net méi als nei kënne bezeechent ginn zu deem Zäitpunkt.

Zousazinformatioun

D’Ministesch Frieden-Kinnen huet eng konservativ a kathoulesch Positioun ugeholl, déi och schonn an ähnlecher Aart a Weis an den 1950er Jore vum deemolege Poopst Pius XII. vertratt gouf, z. B. a sengem Bréif iwwer d’Televisioun vum 1. Januar 1954.  Allerdéngs koum déi Kritik net nëmme vu kathoulescher Säit, och vun der marxistescher Frankfurter Schoul koume Kriticken un d’Massekultur, z. B. am Buch L’homme unidimensionnel (1964) vum Herbert Marcuse. D’Iwwerleeunge vum Madeleine Frieden-Kinnen hunn sech an de generelle Kontext vun der deemoleger Zäit ageschriwwen.
Aner Aspekter haten sech awer net verännert. Fir d’Frieden-Kinnen gouf et véier Secteure vun der Kulturpolitik: Konservéierung, Schutz, Kreatioun an Diffusioun vun de kulturelle Wäerter. Och wann et explizit formuléiert gouf, esou huet sech dat alles kaum vun deem ënnerscheet, wat schonn an der Kulturpolitik an de Jore virdru gemaach gouf. Souguer d’Kreatioun gëtt just indirekt ënnerstëtzt duerch Subventiounen. De Staat sollt net ze vill agräifen, fir d’Fräiheete vun der artistescher Expressioun ze garantéieren.

38
„Ké Geld, keng Leit a ké Raum."
René Van den Bulcke (LSAP)
(source)
Chambre des députés, Compte-rendu de la session ordinaire de 1970-1971. 2e séance (10 novembre 1970), S. 483.
38

Ab dem Enn vun den 1960er Joren hu sech och d’Kriticken un der Situatioun vun de kulturellen Institutioune geheeft. D’Publikatioun vum Joresrapport vum Kulturdepartement vun den 1970er Joren un huet sécherlech och dozou bäigedroen. Déi Rapporte regruppéieren zu engem groussen Deel déi eenzel Rapporte vun den Institutiounen, déi dann och op d’Problemer opmierksam maachen.

38
  • CC BY-SA 3.0
    De fréiere Jesuitekolléisch, bis 2019 Sëtz vun der Nationalbibliothéik

An där Zäit war d’Nationalbibliothéik, déi virdrun op dräi Gebaier verstreet war, an den alen Athenée an der Stad geplënnert (d’Gebai nieft der Kathedral), mat awer schwieregen éischte Joren. D’Staatsmuséeën haten och Problemer mat der Plaz, wougéint d’Situatioun fir d’Nationalarchive besser war. E weidere Problem vun de kulturellen Institutioune war de Manktem u Personal. Dat huet sech bei der Nationalbibliothéik an ageschränkten Ëffnungszäiten erëmgespigelt (23 Stonnen d’Woch), an d’Muséeën hu méi Surveillanten an Ausgruewungsexperte gefrot.

38

Wat de Budget fir d’Kultur betrëfft, sou huet en an där Zäit stagnéiert: 0,42 % vun de Staatsdepensen 1969, 0,47 % 1972 an 0,44 % 1974. Dat huet dann och dem Ministère seng Méiglechkeeten ageschränkt. 1971 weist sech d’Ministesch Frieden-Kinnen trotzdem optimistesch: Hire Previsiounen no sollte bannent fënnef Joer d’Ausgabe fir d’Kultur op 0,9 % vun de gesamte Staatsausgabe klammen. An der Realitéit ass deen Taux awer net virun 1997 erreecht ginn. Vun 1973 huet sech dat Ganzt awer méi positiv entwéckelt. De Budget fir déi kulturell Institutiounen ass souguer  schonn zanter 1969 geklommen.

D’Statistik baséiert op dem Budget, deen explizit ënnert Arts et Sciences, dem Kulturdepartement oder -ministère stoung. Aner Ministèrë kënnen och Ausgaben hunn, déi mat der Kultur verbonne sinn (wéi den Educatiounsministère oder den Ausseministère). Déi sinn net mat agerechent.

38

D’Immigratioun an déi demographesch Entwécklung haten och en Afloss op kulturpolitesch Discoursen. Et goufe Revendicatioune gemaach, fir déi lëtzebuergesch Kultur a Sprooch ze promouvéieren.

Zousazinformatioun

D’Deputéiert Astrid Lulling (Sozialdemokratesch Partei) hat 1973 virun engem Verschwanne vun de Lëtzebuerger an enger „Iwwerfriemung“ gewarnt.  Hir Befierchtungen hunn sech an engem méi generelle Kontext ageschriwwen. An den 1970er war de Bericht vum Gérard Calot verëffentlecht ginn, deen d’Regierung an Optrag ginn hat. Doran hat e virun engem Verschwanne vun der Lëtzebuerger Populatioun gewarnt.  Esou Befierchtungen huet net jiddereen explizit gedeelt. D’Immigratioun an deen ëmmer méi groussen Undeel vun der auslännescher Populatioun waren awer an de politeschen Debatte präsent. De Victor Abens (LSAP) huet eng kulturell Erzéiung vun den Immigrante gefuerdert.  De Jaques Santer huet 1973 d’Ënnerstëtzung vum Lëtzebuergeschen als Moyen fir d’Integratioun vun den Auslänner ugesinn.

38

D. 1970er an 1980er Joren: déi nei Kulturpolitik an hiren Afloss

1974 ass et zu engem gréissere Changement koum. Fir déi éischte Kéier gouf eng Regierung ouni CSV-Bedeelegung zesummegesat. Koalitiounspartner waren DP an LSAP, mam Gaston Thorn (DP) als Premierminister. De Robert Krieps (LSAP) huet den Educatiounsministère iwwerholl, zu deem och de Kulturdepartement gehéiert huet. Dee Changement hat sech och an den Aktivitéitsberichter vum Ministère néiergeschloen. Vun 1975 u schwätzen d’Berichter dann och vun der Philosophie an der Approche vum Ministère zur Kultur, amplaz just eng Iwwersiicht vun den Aktivitéiten ze ginn an d’Rapporte vun den eenzele staatlechen Institutiounen zesummenzedroen.

38

Nieft der Demokratiséierung vun der Kultur, déi dorop ofziilt, dass Institutioune méi accessibel gi fir de Public an och hir eege véier Wänn verloossen, z. B. duerch d’Organisatioun vun Ausstellungen op anere Plaze wéi de Muséeën, goufe vun 1975 un zwee nei zentral Begrëffer agefouert: kulturell Demokratie an „éducation permanente“. Deen éischten Aspekt, kulturell Demokratie, baséiert am Géigesaz zur Demokratiséierung op enger bottom-up Approche, also vun ënnen erop. Kultur soll net vun uewen erof diktéiert ginn. D’Leit mussen zu kritesche Reflexiounen iwwer hir Ëmwelt ugereegt ginn, d’Kultur soll dozou bäidroen, dass se sech ausdrécke kënnen, dass hir Liewensqualitéit verbessert gëtt, a si solle selwer aktiv un der Kultur participéieren.

Dat bréngt och mat sech, dass d’Definitioun vun der Kultur vill méi breet gëtt an sech och op populär Kultur bezitt, op Kultur vu soss vernoléissegte soziale Gruppe wéi Migranten oder Aarbechter. Eng gréisser Initiativ am Kader vun der kultureller Demokratie waren déi sougenannte semaines oder quinzaines culturelles, déi an den Dierfer a Stied uechtert d’Land organiséiert goufen.

Zousazinformatioun

Déi éischt war vum 15. bis den 30. November 1975 zu Diddeleng. De Kulturministère huet sech zwar finanziell a materiell bedeelegt, mee et war un de lokale Populatiounen an Associatiounen, déi Kulturwochen duerchzeféieren an dorun deelzehuelen. D’Iddi hannendru war och, en dauerhaften Afloss ze hunn, wéi z. B. d’Schafe vu lokale Kulturkommissiounen unzereegen. D’Leit solle mat neien Ausdrocksforme konfrontéiert ginn an nei Interessien entdecken; lokal Autoritéite solle fir d’Kultur sensibiliséiert ginn.

38

Um Niveau vun der Aussepolitik gouf et och verschidden Entwécklungen. Wa bis Enn vun den 1960er Jore Kulturverträg (accords culturels) ausschliisslech mat westeuropäesche Länner ofgeschloss goufen, esou ass 1969 e Vertrag mat der Sowjetunioun ënnerschriwwe ginn. An de Joren duerno sollten da Verträg mat anere kommunistesche Länner nokommen. Um Niveau vum Europarot (Conseil de l’Europe) a vun der Unesco ass den Engagement vu Lëtzebuerg och méi staark ginn.

Vertrag mat der Sowjetunioun

38
  • CC BY-SA 3.0
    Dëst Gebai vun der Abtei Neimënster ass de Sëtz vum Service des sites et monuments nationaux

Ënnert dem Robert Krieps gouf et och verschidden Ännerungen am Beräich vum Patrimoine, déi allerdéngs scho viru sengem Mandat ugefaangen haten. 1971 war de Service des monuments historiques geschafe ginn. 1977 gouf en duerch de Service des sites et monuments nationaux (SSMN) ersat , deen et och nach haut gëtt. Am Géigesaz zu 1971 hat deen neie Service e legale Kader mat méi Kompetenzen. Sécherlech hat och d’Année européenne du patrimoine architectural vun 1975 zu enger Sensibiliséierung bäigedroen. De Schutz vum Patrimoine gouf net méi op eenzel Monumenter limitéiert, mee hat an der neier Konzeptioun vun den 1970er Joren och ganz Quartiere mat ageschloss. Net ëmmer awer huet de Schutz vum Patrimoine fonctionnéiert. D’Zerstéierung vun historesche Gebaier huet och net ënnert dem Robert Krieps opgehalen. Dacks konnt en allerdéngs net direkt intervenéieren, well et Entscheedunge vun Eenzelnen oder lokalen Autoritéite waren. Ee Beispill ass d’Loeschenhaus, e barockt Gebai bei Iechternach, dat ofgerappt gouf, fir e kënschtleche Séi ze amenagéieren.

38

Den Departement vun den Affaires culturelles huet och méi (Eege)Reklamm gemaach: Esou goufe Broschüre publizéiert, déi z. B. déi kulturell Institutiounen an dat kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg presentéieren. Op der internationaler Foire um Kierchbierg hat de Ministère dann och e Stand. Obwuel just am Ganze véier Leit fir den Departement geschafft hunn, ass en no baussen net als Deel vum Educatiounsministère opgetratt, mee als Ministère des Affaires culturelles.

38

Obwuel et nei Initiativen an Approchë gouf, si keng nei kulturell Institutiounen entstanen. Wuel och well de Budget fir d’Kultur ze kleng war. Den Deel vun de Kulturausgaben am Verglach zu de gesamte Staatsausgaben ass esouguer tëschent 1974 an 1979 gefall, vun 0,44 % (1974) op 0,34 % (1977). De Kontext vun der Stolkris huet hei eng Roll gespillt. Déi nei Kulturpolitik hat awer och de Virdeel, net onbedéngt vill Suen ze brauchen. Déi sozio-kulturell Animatioun huet op lokalen Initiative baséiert. D’Initiative vum Kulturministère an d’Autopromotioun verstoppen an engem gewësse Sënn déi budgetär Restriktiounen.

(baséierend op dem originalen Organigramm an den Débats parlementaires sur le projet de budget 1978. Mémoire concernant les activités en 1977 et les projets pour 1978 du Ministère des affaires culturelles, Luxembourg: Ministère des Affaires culturelles, S. 11-12).

38
  • Aktuelle Logo vun der Focuna

1979 gouf et eng nei Regierung, mam Pierre Werner als Staatsminister. De Kulturdepartement koum bei de Staatsministère. D’Initiative vum Robert Krieps goufen net weider a Fro gestallt. Déi wichtegst Initiativ ënnert dem Pierre Werner war d’Schafe vum Fonds culturel national (FOCUNA), deen et nach ëmmer gëtt. De Focuna promouvéiert de Mäzenat, also d’Finanzéierung vu kulturelle Projeten duerch privat Acteuren. An Zäite vu Stolkris an engem restriktive Budget war et dann och eng nei Finanzéierungsquell fir d’Kultur.

38

Vun 1984 bis 1989 war de Robert Krieps erëm Kulturminister, dës Kéier allerdéngs och mat engem eegestännege Ministère. An den 1980er Joren ass den audiovisuelle Secteur vum Staat ënnerstëtzt an institutionaliséiert ginn. 1989 ass de Centre National de l’Audiovisuel (CNA) an d’Liewe geruff ginn, deen zu Diddeleng säi Sëtz huet. Och huet de Kulturministère selwer Gebrauch vun den audiovisuelle Medie gemaach a Filmer an Optrag ginn, esou z. B. D’Bicherbank an der Ënneschtgaass (1986), fir d’Nationalbibliothéik méi bekannt ze maachen, oder och nach Schwaarze Schnéi (1985) iwwert d’Konzentratiounslager am Kader vum 40.

Anniversaire vum Enn vum Zweete Weltkrich an der Befreiung vun de Konzentratiounslageren. Iwwerhaapt huet d’Geschicht an d’Erënnerung méi e grousse Stellewäert kritt an den 1980er Joren. De Resistenzmusée zu Esch/Alzette ass an där Zäit renovéiert ginn an 1987 zum Nationale Resistenzmusée ginn. 1986 ass e Centre d’études et de documentation historiques an den Nationalarchive geschafe ginn.

Zousazinformatioun

Zur Kulturpolitik an där Zäit, an enk verbonne mat der audiovisueller Politik, huet och d’Mémoire collective audiovisuelle gehéiert, also d’Sammele vun audiovisuellen Dokumenter iwwert dat alldeeglecht Liewe vun den „einfache“ Leit. Et sinn och Interviewe mat Zeien ë. a. vum Zweete Weltkrich duerchgefouert ginn, déi nach haut um Site vun den Nationalarchive kënne gelauschtert ginn. Den Intressi fir den industrielle Patrimoine ass och geklommen – nodeems mat der Stolkris dann och lues a lues den industrielle Secteur u Wichtegkeet am Verglach zum Finanzsecteur verluer huet. Et sollt drëms goen, d’Liewe vun den Aarbechter an der Stolindustrie festzehalen.

38
Intro vum Film "Schwaarze Schnéi" (1885)
(source)
Prod. AFO / Production pour le Ministère des Affaires Culturelles du Grand-Duché de Luxembourg , Archives : Centre national de l'audiovisuel (CNA)
38
Intro vum Film "D'Bicherbank an der Enneschtgaass" (1986)
(source)
Prod. AFO / Production pour le Ministère des Affaires Culturelles du Grand-Duché de Luxembourg , Archives : Centre national de l'audiovisuel (CNA)
38

Et war och eng Zäit vun enger Nationaliséierung vun der Kultur. 1988 sinn all staatlech Kulturinstitutioune reforméiert ginn – a sinn dann och all zu „nationalen“ Institutioune ginn. De Staatsmusée gouf gesetzlech reforméiert an opgespléckt. Aus him sinn de Musée national d’histoire et d’art (MNHA) an de Musée national d’histoire naturelle (MNHN) entstanen. D’Staatsarchive goufen an Nationalarchiven ëmbenannt. 1989 gouf den 150. Anniversaire vun der Onofhängegkeet gefeiert. An deem Kader gouf d’Ausstellung De l’Etat à la Nation an der Victor-Hugo-Hal organiséiert. En Dokumentarfilm iwwert déi Ausstellung gouf vum nei geschafenen CNA produzéiert. Deem Film no hätt den Zweete Weltkrich d’Enn vun engem laange Prozess markéiert, deen aus dem lëtzebuergesche Vollek eng eegestänneg Natioun gemaach hätt.

Et gëtt och eng Kontinuitéit suggeréiert, déi et esou net gouf, wann d’Erzielerstëmm mam Saz ophält: „Du premier Luxembourgeois jusqu’au Luxembourgeois d’aujourd’hui, un peuple qui sait ce qu’il veut“, an dobäi de Loschbur-Mann weist, déi ronn 8000 Joer al stierflech Iwwerreschter vun engem Mënsch, déi um haitegen Territoire vu Lëtzebuerg fonnt goufen.

38

E. Kulturpolitik zanter den 1990er Joeren: d’Kultur als Markenzeeche vu Lëtzebuerg?

Zanter den 1990er Joren huet d’Kulturpolitik, an och d’Kulturlandschaft, eng wesentlech Entwécklung duerchgemaach. De Budget vum Kulturministère ass vun 0,70 % vum gesamte Staatsbudget 1990 op 1,40 % am Joer 2007 geklommen. Duerno ass en zwar tendenziell erëm gefall, och wéinst der Finanz- a Wirtschaftskris, louch awer 2017 nach bei 0,88 %. Nei kulturell Institutioune sinn dobäikomm a Lëtzebuerg war zweemol Kulturhaaptstad (1995 an 2007). D’Kultur ass och verstäerkt a méi explizit benotzt ginn, fir Lëtzebuerg no baussen ze presentéieren.

Am Ganze loossen sech an der Kulturpolitik vun den 1990er Joren u véier Themen identifizéieren, déi mateneen enk verbonne sinn: multikulturell Gesellschaft a kulturell Identitéit; kulturell Infrastrukturen; den Image vum Land an d’Groussregioun.

An den 1980er Jore gouf schonn den nationalen Aspekt an der Kulturpolitik méi staark betount. Vun den 1990er Joren un ass d’Fro vun der nationaler oder kultureller Identitéit nach méi präsent a reegelméisseg an de politeschen Discoursen opkomm. Se a och zu enger Zilsetzung vum Kulturministère ginn. Fir de Kulturministère war et kloer, dass no 1989 déi kulturell Identitéit vu Lëtzebuerg misst weider gestäerkt ginn:

38

« ... la célébration du 150e anniversaire de notre indépendance nationale a clairement montré qu’il fallait continuer, surtout en vue de 1993 [Maastricht-Vertrag an d’Aféierung vun der gemeinsamer Wirtschaftsunioun], d’affirmer notre identité culturelle et de développer des initiatives qui sont promotrices de notre patrimoine culturel. »

Ministère des Affaires culturelles, Rapport d’activité 1990,
Luxembourg: Ministère des Affaires culturelles, 1991, S. 6.

38

Den europäeschen Integratiounsprozess an d’Grënnung vun der Europäescher Union duerch den Traité vu Maastricht (1993) hunn dann och zu deels widderspréchlechen Discourse gefouert. Engersäits wollt d’Regierung déi kulturell Identitéit vu Lëtzebuerg stäerken an engem gemeinsamen Europa an déi och no bausse weisen. Anerersäits huet sech Lëtzebuerg och als Europa am klenge gesinn, als „Europe en préfiguration“, wéi et am Rapport vum Kulturministère vun 1994 heescht. Déi multikulturell Gesellschaft géif dann zu enger Beräicherung bäidroen. Et wär en Zesummeliewe vun der „eegener“ Kultur an deene vun deenen anere Länner.

38
  • CC BY-SA 3.0
    D'Servais-Haus zu Miersch (2011)

D’Sprooch an d’Literatur waren e wichtege Beräich an deem Kontext, an dat geet deels bis an d’1980er Joren zeréck duerch d’Schafe vu Präisser oder dem Opkafe vu Bicher duerch de Ministère. Mat der Aweiung vum Centre national de littérature (CNL) am Joer 1995 am renovéierte Servais-Haus zu Miersch ass de Secteur dann och institutionaliséiert ginn.

Zousazinformatioun

Den CNL dréit zur Recherche iwwer déi lëtzebuergesch Literatur bäi a publizéiert och reegelméisseg Bicher a Studien. Allerdéngs huet en och 2007, am Kader vun der zweeter Kulturhaaptstad, dozou bäigedroen, d’Erzielung iwwert déi vermeintlech historesch Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a Sibiu ze verbreeden, obwuel se sech schonn an den 1950er Joren als falsch erausgestallt haten.  Nieft dem CNL als Kulturinstitutioun huet de Staat 1998 och de Conseil national du livre (CNLi) agesat, ee Joer drop ass de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL) nokomm. Dësen huet dann och zu enger Kodifikatioun (d’Opstelle vu Reegelen an Normen) vun der Lëtzebuerger Sprooch bäigedroen.

38

Am Kader vun den Discoursen iwwer d’kulturell Identitéit huet och de Patrimoine eng Roll gespillt. An den 1990er Joren, besonnesch am Kader vun de Preparatioune fir d’Kulturhaaptstad 1995, huet de Staat an d’Opwäertung vun de Festungsiwwerreschter investéiert, déi zanter 1994 op der Lëscht vum Unesco-Weltkulturierwe stinn. Dat goung allerdéngs net ouni Kritik iwwer d’Bün: Déi eng hu gefaart, d’Stadentwécklung kéint dorënner leiden. Anerer, wéi den Historiker Michel Pauly, hunn ënnerstrach, dass d’Festung no der Schläifung am 19. Joerhonnert verschwonne war. Hien huet dann och d’Renovatioune vum SSMN an de Manktem vun historeschem Versteesdemech kritiséiert.  De Journalist Romain Kohn huet sengersäits d’Initiative vum SSMN als „bonbonfarbene Disneyland-Renovierungen“ bezeechent.

Zanter den 1990er Joren huet de Staat Pläng ausgeschafft an Initiative geholl fir gréisser kulturell Projeten.Nei Infrastrukture sinn zu Lëtzebuerg geschafe ginn, wéi den CNL, de Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (CCRN), de Musée d’art moderne Grand-Duc Jean (Mudam), de Musée de la Forteresse (oder Musée Dräi Eechelen), d’Philharmonie, d’Rockhal oder déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg. D’Projete selwer, vun der Planung bis zur Ouverture, hunn sech iwwer Joren higezunn.

Zousazinformatioun

Gläichzäiteg sinn se benotzt ginn, fir Lëtzebuerg no baussen ze verkafen an de Kriticken als Finanzplaz mat zweiwelhafte Praktiken entgéintzewierken. Esou hunn de Kulturministère an d’Agence luxembourgeoise d’action culturelle (ALAC), déi aus dem Kulturjoer 1995 ervirgaange war, eng Ausstellung mam Titel Les équipements culturels du Luxembourg: Réalisation et grands projets (1985-2000) organiséiert, déi ë. a. och zu Paräis gewise gouf.

38
  • PD
    Den Ieoh Ming Pei (2006)

En erënnerungswierdegt Beispill vun de kulturellen Infrastrukturen ass de Mudam. Wéi de groussherzogleche Palais Ufanks vun den 1980er Jore fir Renovéierungsaarbechte sollt zougemaach ginn, huet missen eng provisoresch Léisung fonnt ginn. Dem Journalist Rosch Krieps no hat de Staat fir d’éischt de Bau vun engem Musée envisagéiert, deen dann och zäitweileg als Palais déngen an e Kaddo fir de 25. Throunjubiläum vum Grand-Duc Jean 1989 sollt sinn. Schlussendlech gouf zwar de Pescatore-Musée als provisoresche Sëtz an der Stad benotzt, d’Iddi vun engem Musée war awer net ganz verschwonnen.  D’Anne Fabeck, Member vum nationale Kulturrot, hat 1987 fir d’Schafe vun engem „Centre d’Art Contemporain“ plädéiert.  1988 gouf d’Association pour la création d’un Centre d’art contemporain (CEDAC) gegrënnt. Schlussendlech huet d’Regierung d’Iddi opgegraff an de chinesesch-amerikaneschen Architekt Ieoh Ming Pei engagéiert, deen och schonn d’Pyramid vum Louvre zu Paräis konzipéiert hat.

38

Am Laf vun den 1990er Jore sollt de Mudam oder Centre d’art contemporain (CAC), wéi en an enger éischter Phas geheescht huet, ee vun deenen am meeschte contestéierte Projete ginn. Manner wéinst der Iddi u sech, mee vill méi wéinst enger Rei Froe ronderëm: de Site, wou de Musée sollt gebaut ginn, d’Konzept vum Musée, d’Käschte vum Musée a budgetär Onkloerheeten. De Pei hat geplangt, de Fort Thüngen um Dräi Eechelen an de Plang vum Musée ze integréieren. Dat hat enge Rei Acteuren awer net gefall, déi 1991 en Aktiounskommittee ageruff an eng Petitioun lancéiert haten. Se haten de Site vun de Rotonden zu Bouneweeg als Alternativ proposéiert. 

Wéinst dem Drock vun der Zivilgesellschaft, awer och der Entdeckung vun neien Iwwerreschter um Site Dräi Eechelen, gouf dem Pei säi Plang ëmgeännert.

Et war awer net nëmmen de Site u sech, dee Kritik provozéiert huet, och d’Virgoe vun der Regierung punkto Finanzéierung gouf als net konform zur Konstitutioun ugesinn. 

Zousazinformatioun

Esou hat se d’Konzipéierung vum Musée dem Architekt Pei iwwerlooss, ouni awer d’Ausgabe vun der Chamber guttheeschen ze loossen. Weider Kriticken hunn och de Konzept an de Programm vum Musée betraff. Fir den CAC hat sech de Staat beim Musée fir modern Konscht zu Saint-Etienne (Frankräich) inspiréiert, allerdéngs ass deem seng Kollektioun lues a lues gewuess mat der Ënnerstëtzung vum Musée national d’art moderne zu Paräis. Beim Mudam war dat net de Fall. De Premierminister Jacques Santer hat an engem Interview ënnerstrach, dass ee fir d’éischt en „architektonescht Konschtwierk“ baue misst, fir Konschtwierker unzezéien. Och géif Lëtzebuerg duerch de Musée eng kulturell Dimensioun kréien a weisen, dass et net nëmmen eng Finanzplaz wier.

38
  • GNU
    De Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean
  • CC BY-SA 3.0
    Déi grouss Hal vum Mudam

1992 huet de Regierungsrot decidéiert, de Bau vum Musée op Äis ze leeën. 1996, nom Kulturjoer, hat d’Regierung en neie Projet fir de Mudam proposéiert, deen dann och ëmgesat ginn ass. De Fort Thüngen gouf net méi an d’Architektur integréiert, mee ass e Festungsmusée ginn. De Bau vum Mudam huet 1999 ugefaangen an de Musée konnt 2006 seng Dieren opmaachen, mat Zäit fir d’Kulturjoer 2007.

38

E wichtegt Evenement an den 1990er Joren war Luxembourg – Ville européenne de la culture 1995.

Internetlink op d'Säit vum Architekt Colum Mulhern zur Ausstellung Imago Luxemburgi

D’Kulturhaaptstad 1995 hat zu Lëtzebuerg net nëmmen d’Discoursë vun der multikultureller Gesellschaft opgegraff an en Afloss op den Ausbau vun de kulturellen Infrastrukturen, mee war och Deel vun enger Strategie, déi d’Bild vum Land sollt opbesseren. An deem Kader war et net déi eenzeg Initiativ. Iwwer d’Ambassaden an d’Aussepolitik, wéi z. B. d’Maison du Grand-Duché de Luxembourg zu Bréissel, goufe kulturell Aktivitéiten am Ausland organiséiert. D’Ausstellung Imago Luxemburgi, déi ë. a. weise sollt, dass Lëtzebuerg e modernt Land mat enger eegener kultureller Identitéit ass , gouf 1991 am Ausland gewisen. Fir de Kulturministère géif déi Ausstellung dann och an déi Zäit falen, an där Lëtzebuerg misst seng Plaz op internationalem Plang verdeedegen.  1992 huet Lëtzebuerg un der Weltausstellung zu Sevilla deelgeholl, wou ähnlech Themen opgegraff goufe wéi am Imago Luxemburgi.

Zousazinformatioun

Dat europäescht Kulturjoer gouf 1985 vun der EG, der Europäescher Gemeinschaft (Virgänger vun der Europäescher Unioun), lancéiert, op Initiativ vun der griichescher Kulturministesch Melina Mercouri. Den Titel vu Kulturhaaptstad gëtt all Joers un eng Stad an der EU verginn (mëttlerweil sinn et zwou Stied pro Joer). D’Kulturjoer sollt en Evenement sinn, dat d’Liewensqualitéit verbesseren an d’Zougehéieregkeetsgefill zur Communautéit verstäerke soll. 1989 hat Lëtzebuerg seng Kandidatur agereecht.

38

D’Kulturjoer 1995 sollt fir de Kulturministère e laangfristegen Afloss op d’kulturellt Liewen hunn. De Staat an d’Stad Lëtzebuerg haten d’Associatioun Luxembourg, ville européenne de la culture 1995 gegrënnt, déi d’Joer organiséiere sollt. Déi meescht Evenementer goufen an der Haaptstad organiséiert, allerdéngs ware verschiddener iwwer d’Land verspreet, ganz am Sënn vun der Dezentraliséierung. Den Dialog war als Haaptthema vum Kulturjoer erausgesicht ginn.

Fir d’Associatioun sollt d’Kulturjoer 1995 d’Bild vu Lëtzebuerg am Ausland verbesseren a Viruerteeler vun engem Bankeparadis bekämpfen. Gläichzäiteg sollt d’Joer eng Alternativ zum Nationalismus bidden a weisen, dass d’Identitéit net duerch Oppenheet an Austausch menacéiert wär.  Lëtzebuerg wär eng Plaz vun der Begéignung am Häerz vun enger grousser transnationaler Regioun.

38
  • François Buny 1995, alb. 51 (C) copyright Phototèque de la Ville de Luxembourg
    Le Monstre du Loch Ness vum Niki de Saint Phalle ob der Theaterplaz am Kulturjoer (1995)
  • Raymond Faber 1995, alb. 20 neg 14 (c) copyright Phototèque de la Ville de Luxembourg
    D'Zeltstat um Helleggeeschtplateau (1995)
  • rtl.lu
    De Plakert um offizielle Programmheft vum Kulturjoer 1995

D’Kulturjoer hat fir eng gréisser Polemik gesuergt – déi ëm de „Plakert“, en hallef plakegen Akrobat, deen op der Broschür vum Kulturjoer ze gesi war – an och fir Kriticken. De Journalist Guy Rewenig hat 1995 als „ein auf Landesdimensionen vergrößerter ‚Cactus‘“ bezeechent, „in dem es für einmal nicht nur Gemüse und Putzmittel zu kaufen gab, sondern auch Musik, Theater und bildende Kunst, garantiert frisch, für den bedenkenlosen Verzehr hervorragend geeignet.“ D’Kulturjoer hätt also net zu enger kritescher Reflektioun bäigedroen an dat vermëttelt Verständnis vu Kultur wär just op dat „Schéinst“ an dat „Bescht“ beschränkt gewiescht. D’Kriticken haten allerdéngs am Laf vun de Joren ofgeholl an d’Kulturjoer hat och e laangfristegen Afloss op d’Kulturpolitik an déi kulturell Zeen.

38

Am Kontext vun 1995 war d’Ausstellung The Family of Man opgaangen, de Wenzelstour an der Stad ass amenagéiert an d’Gesetz fir d’Aféiere vun engem kulturelle Congé gestëmmt ginn. D’Kulturzeen huet sech méi organiséiert a professionaliséiert. Déi éischt Kollektiver goufen 1995 geschafen, wéi MASKéNADA oder Independent Little Lies. 1996 gouf d’Theaterfederatioun gegrënnt. De Forum Culture(s) ass 1996 entstanen, eng informell an zivil Plattform, déi d’Kulturpolitik am ëffentlechen Debat promouvéiere wëll. Déi politesch Responsabel waren sech dem Manktem vun de kulturellen Infrastrukture bewosst ginn.

38

„In den letzten 15 Jahren, ziemlich genau seit dem Jahre 1995, als Luxemburg als ‚Kulturhauptstadt Europas‘ erstmals international gefordert wurde, hat sich sehr viel in Bezug auf die Kultur im Kleinstaat nicht nur geändert, sondern wesentlich gebessert. Eine imposante Anzahl prächtiger Gebäude wurden für die Kultur errichtet. Die Liste ist so lang, dass sie einen ganzen Absatz dieses Prologs füllen würde.”

KRIEPS, Rosch, Kultur im Kleinstaat 1879-1989. Ein kritischer Rückblick auf 110 Jahre, Esch-sur-Alzette: Editions Schortgen, 2006, S. 9–10.

38

Wéi Lëtzebuerg 2007 fir déi zweete Kéier Kulturhaaptstad gouf, zesumme mat der Groussregioun, huet d’Kulturlandschaft ganz anescht ausgesinn ewéi nach 1995. Allerdéngs ass de laangfristegen Afloss vun 2007 méi kleng gewiescht wéi dee vun 1995. Dat zweet Kulturjoer huet och en Discours integréiert, deen sech zanter den 1990er Jore verstäerkt hat: deen iwwer d’Groussregioun.

Zousazinformatioun

Déi Iddi war och net nei. Schonn 1981 hat de Ministère d’regional Kooperatioun als Zil festgeschriwwen. Am Laf vun den 1980er Jore goufen Austauscher organiséiert, wéi z. B. d’Tournée vum Théâtre ouvert Luxembourg an der Lorraine an an der Belsch 1986. An den 1990er krut awer déi Kooperatioun eng nei Dimensioun, fir d’éischt am Raum Saar-Lor-Lux (Saarland, Lorraine a Lëtzebuerg), méi spéit an der Groussregioun, déi och Rheinland-Pfalz an d’Wallonie mat abegräift. Wärend engem Sommet vun den Exekutivcheffe vun der Groussregioun zu Léck am Joer 2000 huet den deemolege Premier Jean-Claude Juncker (CSV) proposéiert, d’Kulturhaaptstad 2007 op d’Groussregioun ze erweideren. Doraus ass dann de Projet Luxembourg et Grande Région, capitale européenne de la culture 2007 entstanen.

38

D’Zil vun 2007 war ë. a., eng gemeinsam Identitéit an der Groussregioun ze stëften.  Allerdéngs huet sech de Ministère och e positive Bilan fir Tourismus, Kultur a Wirtschaft erhofft. Fir d’Kulturjoer ze organiséieren an ze koordinéieren, sinn zwou Associatioune geschafe ginn. Eng lëtzebuergesch ASBL mat Vertrieder vu verschiddenen Organer an Autoritéiten (dorënner och d’Regierung) an eng grenziwwergräifend ASBL mat Vertrieder vun den eenzele Regiounen. Nieft Projeten ewéi der Ausstellung All We Need an der Gebléishal (Hall des soufflantes) um Belval, dem Schafe vum Carré Rotondes zu Hollerech als kulturell Eventplaz oder der Konstantin-Ausstellung zu Tréier, hat 2007 och méi e laangfristegen Afloss: esou ass d’Associatioun Espace culturel Grande Région gegrënnt ginn an industriell Sitte si valoriséiert ginn.

Et gouf allerdéngs och Kritik um Kulturjoer, z. B. vum Journalist Romain Hilgert, deen ënnersträicht, dass 2007 kaum d’Ambitioun vu Lëtzebuerg verstoppe géif, sech als Haaptstad a wirtschaftlechen Zentrum vun der Groussregioun wëllen ze positionéieren.  2008 huet de Kulturministère e positive Bilan vun 2007 gezunn. Allerdéngs ware seng Conclusiounen och wäit ewech vun der Iddi vun enger Groussregioun: d’Bild vu Lëtzebuerg als kulturellen an artisteschen Zentrum an als kulturell Destinatioun hätt kënne gestäerkt ginn. Och hätt ee kënnen en anert Bild vu Lëtzebuerg presentéiere wéi just dat vun engem Finanzparadis.  Verschidde Kommentatoren hunn allerdéngs de Succès vun 2007 och relativéiert: mat enger Gesamtzomm vu 45 Milliounen Euro hätt Lëtzebuerg dräimol méi investéiert wéi all déi aner Regiounen zesummen. Déi sproochlech Barrièren hätten d’kulturell Mobilitéit ageschränkt an och d’Distanze mam ëffentlechen Transport wäre grouss geweischt an hätten domadder den Austausch ageschränkt.

38

Am Hibléck op d’Bild vum Land gouf 2014 vun der Regierung eng nei Initiativ lancéiert: den Nation Branding. Obwuel d’Kultur net den Haaptpunkt vum Nation Branding ass – deen ziilt éischter dorop of, e positiivt Bild vum Land ze entwéckelen, d’Wirtschaft an den Tourismus ze fërderen an auslännesch Investisseuren unzezéien–, sou ass se awer en Deel vum Nation Branding. An der éischter Broschür, déi publizéiert gouf an de Profil vum Land presentéiert, gëtt Lëtzebuerg als „melting pot“ vun de Kulture mat enger dynamescher Kulturzeen duergestallt.

Zousazinformatioun

De Projet mécht dann och Gebrauch vun de sougenannte kreativen Industrien, déi eréischt méi rezent am politeschen Debat zu Lëtzebuerg opkomm sinn an eng Rei Aktivitéiten abegräife kënnen, vun der Architektur iwwer d’Filmindustrie bis hin zum Webdesign. Am Kader vum Nation Branding ass net nëmmen e Logo ausgeschafft ginn, mee ë. a. ass och e Film commanditéiert gi bei der Produktiounsfirma ZEILT Productions, vun där och den Oscar-Gewënner Mr Hublot (2013) staamt.

39

D’Kulturpolitik an déi kulturell Landschaft vun haut sinn net méi ze vergläiche mat der Situatioun vun der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert. D’Gewiicht vun der Kultur ass méi grouss ginn – och wann de Kulturministère nach haut ee vun deene méi klenge Ministèren ass. D’Kulturzeen huet sech entwéckelt a professionaliséiert. National, regional a lokal Kulturinstitutiounen an -organer si geschafe ginn. Gläichzäiteg ass d’Kulturpolitik nach mat villen Defie konfrontéiert, gëtt awer och an der Ëffentlechkeet méi diskutéiert. Sief et d’Zukunft vun der Gebléishal um Belval, sief et d’Kulturhaaptstad Esch 2022, sief et de Patrimoine am Allgemengen. De Kulturentwécklungsplang, deen net nëmmen den aktuelle Stand vun der Kultur zu Lëtzebuerg analyséieren, mee och Entwécklungspisten an Objektiver fir d’Zukunft opweise soll, ass zanter 2017 am Austausch mam kulturelle Secteur virbereet ginn. Enn Juni 2018 gouf déi éischt Versioun  der breeder Ëffentlechkeet presentéiert.

 

Méi rezent hunn déi kreativ Industrien hiren Agang an d’Kultur- an d’Wirtschaftspolitik fonnt. An anere Länner sinn se schonn Deel vun de jeeweilege Kulturpoliticken, an och d’EU fërdert se. Eréischt 2013 sinn d’kreativ Industrien offiziell eng Kompetenz vum Kulturministère ginn. Déi Haaptinitiative sinn allerdéngs vum Wirtschaftsministère ausgaangen: de sougenannte Creative Industries Cluster ass 2017 an d’Liewe geruff ginn.

Do drängt sech och d’Fro op, ob déi kreativ Industrien éischter Deel vun der Wirtschaftspolitik oder vun der Kulturpolitik sinn – oder vu béidem.
 

39

Wéi mam Iwwerbléck iwwer d’Geschicht vun der Kulturpolitik soll gewise ginn, ass Kulturpolitik näischt Statesches. Se ännert sech am Laf vun der Zäit, jee no Kontext a Land, jee no Opfaassung vun der Kultur. Dat läit och dorun, dass Kulturpolitik net vun der Gesellschaft getrennt ass. An engem Land wéi Lëtzebuerg, wou bal d’Hallschent vun den Awunner keng Lëtzebuerger sinn, an déi ënnerteneen och net einfach en homogene Grupp bilden, muss sech och eng Kulturpolitik froen, wéi se den Accès zur Kultur fir jiddereen erméigleche kann, ob se dat iwwerhaapt wëll als Missioun hunn a wéi eng Kultur soll gefërdert ginn. Anerersäits erméiglecht dat och Chancen: en Austausch vu ville Kulturen a verschidden Erfarungen op enkem Raum. Virausgesat, déi Konditioune fir en Austausch ginn och geschafen.

Dat ass dann och d’Responsabilitéit vun de (Kultur-)Politiker, am Dialog mat der Gesellschaft an der Kulturzeen.

Rop

01

 

01

rof