D’Lëtzebuerger Literatur kuckt mëttlerweil op eng 200-järeg Geschicht zeréck. Hir Entwécklung am 19. an an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert ass enk mam Natiounebildungsprozess verbonnen. Wat waren deemno d’Viraussetzungen, fir datt zu Lëtzebuerg iwwerhaapt eng Literatur konnt entstoen? Wéi huet se sech entwéckelt? Wéi spigelt se gesellschaftlech Themen a Realitéiten erëm?
Wat ass, doriwwer eraus, hire Bäitrag zur Konstruktioun vun der Natioun? Wat ass hier Roll, wa mer dovun ausginn, datt se verschidde gesellschaftlech Funktiounen huet, wéi Vermëttlung vun neiem Wëssen un e breede Public, den Agrëff a politesch a sozial Prozesser, Mythebildung oder Bedeelegung an der Konstruktioun vun enger nationaler Identitéit, etc.
Als kulturellt Gediechtnes, als Plattform vun der Kontestatioun an als Forum fir d’Ausernanersetzung mat gesamtgesellschaftleche Prozesser registréiert a reagéiert d‘Literatur souwuel op politesch, wéi op wirtschaftlech, sozial a kulturell Prozesser, déi se ästhetesch duerstellt, kritesch hannerfreet an innovativ weiderdenkt. Dëst gesäit ee fir Lëtzebuerg besonnesch gutt bei den Theme vun der Industrialiséierung an der Migratioun, deenen hir Duerstellung an der Literatur mer méi am Detail wäerte kucken. Ausserdeem wäerte mer gesinn, wéi sech an der zäitgenëssescher Literatur mat der rezenter wirtschaftlecher Image-Campagne vum nation branding auserneegesat gëtt.
Am 19. Jorhonnert entwéckelt sech duerch de Beamtenapparat eng Mëttelschicht, déi sech geziilt vun der Aarbechterschaft an de Baueren ofsetzt: Eisebunner, Schmelz- a Regierungsbeamten, Architekten, etc. Si ginn op Héichschoulen an Universitéiten am Ausland forméiert. D‘Mobilitéit vun dëser Schicht bedeit, datt nei Iddien an d’Land kommen, déi zum Opbau vun de verschiddene Beräicher bäidroen.
Vill vun den Acteuren am Literaturbetrib komme justement aus dësem Milieu; de Michel Rodange war Schoulmeeschter, de Michel Lentz war Beamten bei der Chambre des Comptes, de Frantz Clément Journalist, de Jean-Pierre Erpelding an den Nik Ries ware Proffen asw. Vill vun hinnen hunn en akademesche Cursus op auslänneschen Unien absolvéiert an hu sech un der literarescher a wëssenschaftlecher Aktivitéit an de jeeweilege Länner inspiréiert, fir zu Lëtzebuerg de Beräich vun der Literatur virunzebréngen.
Dat gesäit sech besonnesch gutt am Fall vun den Dichter a Schrëftsteller, déi um Ufank vun der méisproocheger Lëtzebuerger Literatur stinn. Den éischte Gedichtband a Lëtzebuerger Sprooch E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus (1829) ass vum Mathematiksprofesser Antoine Meyer (1801-1857). Den Impuls fir dësen ze schreiwen, kënnt ënner anerem vun den Aarbechten a Schrëften, déi belsch Intellektueller zur selwechter Zäit iwwer wallounesch Dialekter gemeet hunn.
Dem Meyer seng Carrière huet praktesch ganz an Holland an an der Belsch stattfonnt. Fir d’éischt war hien, zur Zäit vum Vereente Kinnekräich vun den Niederlanden, Mathematiksprofesser op de Militärakademie zu Breda a méi spéit, no de Kreatioun vum belsche Kinnekräich, hat hien de Léierstull fir Mathematik zu Léck. De Louis Marchand (1807-1843), Pionéier vun der däitschsproocheger Literatur zu Lëtzebuerg mat sengem Rittergedicht „Rudolph und Adelhaide” (1826), war Päerdsdokter am Haaptquartéier vun der hollännescher Arméi. Hien huet zu Paräis an zu Utrecht studéiert a mir huelen un, datt seng laang Openthalter am Ausland säint Schafe maassgeeblech gepräägt hunn.
De Félix Thyes (1830-1855) ass eng Schlësselfigur an dëser Ugangsphas vun der Lëtzebuerger Literatur. Als Student op der Université Libre de Bruxelles (ULB) publizéiert hien 1854 net nëmmen eng éischt literaturhistoresch Etude iwwert déi lëtzebuergeschsproocheg Literatur – vun deeër méi wäit nach wäert Rieds goen – ma hien publizéiert och den éischte franséischsproochege Roman vun der Lëtzebuerger Literatur mam Titel Marc Bruno, profil d’artiste (1855). Vum Thyes wësse mer, datt hien staark vun der wëssenschaftlecher a literarescher Aktivitéit op der ULB beaflosst war an datt déi hien motivéiert huet fir den éischte literaturwëssenschaftlechen Text iwwer d’Lëtzebuerger Literatur ze verfaassen.
Fir ze verstoen, wéi d’Literatur um Natiounebildungsprozess deelhëllt, ass et wichteg sech virun An ze halen, datt nieft de politesch-wirtschaftlechen Elementer – Volléck, Territoire, Souveränitéit, Gesetzgebung, Wirtschaft, Sprooch – déi symbolesch grad esou eng wichteg Roll spillen: dozou ghéieren Nationalhym, Wopen, Heldefiguren, Dichter an Epos. Besonnesch d‘Hymn, Heldefiguren, Dichter an Epos gehéieren zum Ressort vun der Literatur.
Dem Félix Thyes (Lëtzebuerg 1830-1855 Bréissel) säin Essai sur la poésie luxembourgeoise – den Ofschlossmémoire vu sengem Studium op der Université Libre de Bruxelles – gëtt 1854 an der Revue trimestrielle zu Bréissel publizéiert. Beim Essai handelt et sech ëm déi éischt literaturhistoresch Skizz vun der emergenter lëtzebuergeschsproocheger Literatur bis d’Mëtt vum 19. Joerhonnert.*
Bemierkenswäert fir dem Thyes säin Text ass d’Selbstbewosstsinn, mat deem hie Begrëfflechkeeten wéi „Nationalgefill“ , „Nationalliteratur“ an Lëtzebuergesch als Literatursprooch gebraucht, grad wéi wann déi ganz Prozesser vun der nationaler Konstruktioun zum Zäitpunkt wou hie schreift, also 1854, schonn ofgeschloss wieren.
*An der Chronologie vum Text ginn noenaner Landschaft a Leit, d’Séil vum Lëtzebuerger Vollék, Bräich an historesch wichteg Evenementer, d’Lëtzebuerger Sprooch, d’Entstoen an d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur, e Portrait vum Antoine Meyer mat enger Analys vu senge Fabelen, Gedichter a Balladen, en Iwwerbléck vun der Produktioun vum Jacques Diedenhoven (1809-1866), dem Jean-François Gangler (1788-1856) an dem Henri Gloden (1804-1894), en Exkurs iwwer Texter vun de jonken debutéierenden Dichter Dicks (1823-1891) a Michel Lentz (1820-1893) presentéiert. D’Conclusioun ass e Luefgesang op Lëtzebuerg.
Déi national-ideologesch Ausriichtung vum Essai gëtt direkt an den Ufankspassage vum Text däitlech. De Fokus läit um Lëtzebuerger Vollék, dat zënter dem 10. Jorhonnert bestan hätt a sech troz de „friemen Dominatiounen“ trei bliwwe wier:
„La population du Grand-Duché de Luxembourg possède encore de nos jours quelque chose de primitif qui lui donne un cachet singulièrement original. Au milieu des civilisations si diverses qui l’entourent, elle a conservé une langue, des mœurs, une nationalité propres. Deux causes ont surtout contribué à la préserver, jusqu’à un certain point, des influences étrangères ; la configuration de son sol protégé, de toutes parts, par des montagne, des forêts et de larges rivières, et le caractère du peuple même auquel la race saxonne a transmis cette vitalité indomptable qui survit encore à dix siècles de domination tour à tour franque, austro-espagnole, austro-allemande, française et néerlandaise.“ (aus: Thyes, 1854, S. 5.)
Ähnlech onvergänglech gëtt och d’Nationalgefill vun der Volléksgemeinschaft beschriwwen:
„Bien que, aux fêtes publiques, trois ou quatre drapeaux flottent sur les créneaux et les clochers de la capitale, bien que cette capitale elle-même soit occupée par une garnison prussienne, le sentiment de la nationalité est profondément enraciné dans le cœur du Luxembourgeois.“ (aus: Thyes, 1854, S. 10)
D'Nationalgefill, wouduerch dem Vollék Laangliewegkeet zougeschriwwe gëtt, datéiert den Thyes, wéi an der Meeschtererzielung vun der Natioun üblech, an d‘10. Joerhonnert zeréck. A sengem Verständnes vermësche sech deemno Volléksgemeinschaft an nationaalt Zesummegehéieregkeetsgefill. Fir d’Literatur an d’Sprooch geet den Thyes d’selwecht vir, wann hien ganz onkomplexéiert als Literatursprooch bezeechent:
„La littérature du Grand-Duché de Luxembourg a cela de particulier qu’elle date à peine de vingt […] ans. Toutes ses richesses se composent à peine de deux ou trois minces volumes de vers […] mais […] disons, en quelques mots, ce qu’était cette langue, et comment elle existait en quelque sorte déjà à l’état de langue littéraire avant qu’on eût songé à l’écrire.“ (aus: Thyes, 1854, S. 23 f.)
Dem Thyes seng Iwwerzeegung, datt d’Lëtzebuergescht sech als Literatursprooch eegent, deelt awer nach laang net jiddereen. Säi Kolleg, de Peter Klein, stellt grad dës Méiglechkeet a Fro an argumentéiert a senger sproochwëssenschaftlecher Ofhandlung Die Sprache der Luxemburger vun 1855:
„Man hört […] unsere mdt könne sich wol zu einer schriftsprache ausbilden und dereinst gleich der holländischen eine eigene literatur besitzen. Obgleich die Vaterlandsliebe, die diesem gedanken zu grunde liegt, lobend anerkannt werden muss, scheinen solche hoffnungen doch etwas sanguinisch.“
(aus: Welter, 1929, S. 141.)
Dës Begrëfflechkeeten „nationalité propre“, „domination étrangère“, „sentiment de nationalité“, „langue littéraire“ an déi Zouversiicht, mat deeër se gebraucht ginn, verwonneren, bedenkt een den historesche Kontext vun der Zäit. Erënnere mir drun, datt virun 1840 vun engem Nationalbewosstsinn vun de Lëtzebuerger net ka geschwat ginn.
1830 haten d‘Lëtzebuerger kloer fir déi belsch Onofhängegkeet vun Holland Partei ergraff an 1839 haten déi Lëtzebuerger Vertrieder am belsche Parlament géint eng Trennung vun der Belsch gestëmmt. Eréischt no 1848, wou den Uschloss un dat Däitscht Räich kuerz zur Debatt stoung, gesäit sech déi emergent politesch Klass dozou genéidegt, iwwert d’Eegestännegkeet vum neie Staat nozedenken .
En Nationalbewosstsinn léisst sech, dem Michel Pauly no, réischt 1859 feststellen a fënnt Ausdrock am Michel Lentz sengem fir d’Aweiung vun der Eisebunn eegens verfaasste Gedicht „De Feierwon“.
Ähnlech wéi an aneren europäesche Länner am 19. Joerhonnert ergräifen Lëtzebuerger Intellektueller philologesch, wëssenschaftlech a literaresch Initiativen, déi dozou bäidroen, déi national Gemeinschaft ze entdecken, se ze historiséieren an hir eng Geschicht ze ginn.
Dem Michel Rodange säi Plaidoyer vun 1854 fir eng Literaturzeitung, spigelt dësen Initiativgeescht rëm:
„Es ist also nicht zu bezweifeln, dass ein Unternehmen, das sich zum Ziel setzt, den Nationalcharakter in literarischen Kunstdarstellungen wiederzugeben und selbst zu heben, und im Vaterland selbst die Gegenstände seiner Kunstbildung nehmend, dem Volke Genüsse ästhetischer Art zugänglich zu machen, mit dem glänzendsten Erfolg gekrönt werden wird.“ (aus: Hilgert, [1987] 2008, S. 10.)
Déi Intellektuell (Proffen, Schoulmeeschteren, Beamten), déi sech um Nationalstaatsbildungsprozess bedeelegen, waren der Iwwerzeegung, datt se keng national Mythen an Traditiounen géingen erfannen, mee datt se en éiwegt Lëtzebuerg, wat a Vergiessenheet gerode wier, géinge rëmentdecken. D’Grënnung 1845 vun der Société pour la Recherche et la Conservation des Monuments Historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg * gëtt am Esprit gemaach, dat kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg ze beräicheren. An engem emotionalen „Appel aux Luxembourgeois” vun 1845 legitiméieren d’Matbegrënner Antoine Namur an François-Xavier Würth-Paquet „die Errichtung der neuen Gesellschaft als ‘ein fehlendes nationales Monument’” an hir Deklaratioun, datt „Notre histoire nationale vaut la peine d’être étudiée; elle n’est pas stérile, elle n’est pas de fraiche date”
ass Ausdrock vun hirer Iwwerzeegung vun der Perennitéit vun der Natioun als historesch Entitéit. Den Impakt vun dëser Iwwerzeegung war enorm: d’Literatur gëtt als Ausdrock vun der Séil vun der Natioun verstanen an d’Literaturgeschicht als Geschicht vun der Séil vun der Natioun. D‘Essenz vun der Nationalséil gëtt dobäi als onverännerbar ugesinn; hir Entwécklung gëtt als organesch ugeholl; d’Aufgab vum Literaturhistoriker ass et, dës Entwécklung an der Literaturproduktioun nozeweisen.
*De Site vunn der Section Historique vum Institut Grand-Ducal ass den Nofolger vunn der Société pour la Recherche et la Conservation des Monuments Historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg.
Dem Thyes seng literaturhistoriograph Skizz léisst sech folglech zu den Initiative zielen, déi, wéi dem Paquet säi Geschichtsbuch an d’Grënnung, 1845, vun der Société pour la Recherche et la Conservation des Monuments Historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, sech drumaachen, d’Laangliewegkeet, de Fortbestand, vun der Natioun ze beweisen.
Déi ideologesch Funktioun, déi dem Thyes sengem Essai ënnerläit, ass déi, am Kontext vun der Tensioun an der Onsécherheet vum Weiderbestoe vum Nationalstaat, d’Existenz justement vun enger Nationalséil selbstsécher ze affirméieren an ervirzesträichen.
An enger Zort historeschem Roman gëtt am Laf vum Buch dem Jang de Blannen seng Geschicht bis hinn zu sengem Heldendoud um Schluechtfeld vu Crécy erzielt.
„Der Held, welcher in dieser Geschichte dem Leser entgegentritt, ist ein Luxemburger ; er ist der Nationalheld des luxemburger Landes und des luxemburger Volkes. Fast jedes Land hat irgend einen grossen Mann aus längstvergangener Zeit als Nationalheld, und man weist mit gerechtem Stolze auf denselben hin, so der Deutsche auf seinen Arminius, oder Hermann, dessen grossartiges Denkmal den Teutoburger Wald ziert ; so der Schweizer auf seinen Wilhelm Tell, der Befreier der Schweiz ; so der Friese auf seinen Gerold u.s.w.
Fehlt irgend einem Volke ein historische Heldengestalt, dann hat es wenigstens einen mythischen Helden, und selbst solchen sind nicht selten Denkmäler errichtet. Warum sollte also der Luxemburger sich nicht begeistern für seinen Heldengrafen Johann, den ritterlichen Sohn des deutschen Kaisers Heinrich VII.“ (aus: Reuland, 1885)
Wat fir d’Konstrutkioun vum Nationalheld gëllt, gëllt och fir d’Konstruktioun vum Nationalepos. Heldenepen waren am 19. Jht tatsächlech eng Ugeleeënheet vun Nationalstolz an all Natioun wollt hier historesch Legitimatioun op Grënnungsmythen oder Nationalepen baséieren. Dem Michel Rodange säi Renert. De Fuuss a Frack an a Maansgréisst vun 1872 gehéiert zu de wichtegste Bicher, déi je zu Lëtzebuerg verëffentlech gi sinn a gëtt, zënter den 1920er Joren, als Nationalepos gehandelt. Anescht wéi dem Reuland säin Text, dee sech ausdrécklech dem Erschafe vun enger nationaler Heldefigur widmet, leet de Rodange et awer net drop un, en Nationalepos ze produzéieren.
De Renert gëtt réischt nodréiglech als solcht declaréiert an dat virdergrënneg aus sproochäesthetesche a -politesche Grënn, déi enk mam ideologeschen, geschichtlechen a politeschen Kontext vun den 20er Joren ze dinn hunn.
Schonn den Titel mécht kloer, schreift d’Germaine Goetzinger am Band Lieux de mémoire au Luxembourg iwwert de Renert, datt et sech hei net ëm eng Déieregeschicht handelt, ma ëm d’Geschéien ënner Mënschen. Den Text erzielt d’Geschicht vum Fuuss Renert, deen iwwer déi herrschend Gesetzer a Moralvirstellungen eraus déijéineg hannert d’Liicht féiert, déi wéinst senge Verstéiss wëlle géint hie virgoen. Andeems hie se zu Opfer vun hirer eegener Dommheet mécht, weist de Rodange, datt net d’Moral d’Welt beherrscht, mee Ligen a Verlugenheet, Egoismus a Striewen no Muecht.
De Personnage vum Renert gehéiert sonner Zweifel zu den faszinantsten duerchdriwwene Gestalten aus der Lëtzebuerger Literaturgeschicht.
Fir et kuerz ze maachen : de Renert war kee Bongen.
„Die sieben Hauptsünden haben sich bei ihm einquartiert und feiern in seinem Rotpelz das üppigste Tummelfest. Er gehört allen Klassen und Ständen an. ‚Kanaljen, Communister, Freimaurer, Jesuit, Preis, Franzkilljong, Irzschällem‘ schimpft ihn der plumpe Wolf, und er ist das alles: die Verkörperung der Hinterlist, der Doppelzüngigkeit, der Selbstsucht und Gemeinheit in jedem Gewande.
Renert betrügt den Mächtigen um seine Ehre, den Schwachen ums Leben, den Armen ums Brot, das Kind um die Unschuld, die Kirche um ihre Würde, das Land um den Wohlstand, die Menschheit um den allwaltenden Schöpfer. Er duldet neben sich keinen anderen Gott. Die eigene Haut sichern, den eigenen Leib zu pflegen, das ist das Abc seiner Lebensweisheit, das Ideal seiner Weltanschauung.“ (aus: Welter, 1929)
Dem Rodange säi Renert behandelt ee vun den eelste Stoffer aus der Weltliteratur, dat zënter Joerdausenden an a verschiddene literaresche Kulturen weider- an ëmgeschriwwe gëtt. D’Déirefabelen oder d’Déirenepen, an deenen Déieren als stellvertriedend fir mënschlech Handlungen a Schwächten stinn, fanne sech schonn an der fréier indescher an och, mam Äsop senge Fabelen, an der algriichescher Literatur erëm.
Allgemeng gëtt ugeholl, datt dem Goethe säi Reineke Fuchs aus dem Joer 1794, dem Rodange als Virlag gedingt huet. Dat wëll awer net heesche, datt de Renert just eng Iwwersetzung, eng Adaptatioun oder eng Imitatioun vum Goethe-Text ass. Am Géigendeel : de Renert besteet als eegestännegen Text, den am Bezuch op From, Stil, Metrik, Sprooch an Thematik dezidéiert eege Weeër geet.
Besonnesch d’Annexiounsbestriewunge vun vereenzelte Memberen vun der Uewerschicht an den Industriellen, deene vill dru geleeë war fir d’Land un auslännesch Interessenten ze verkafen, gi schaarf kritiséiert. De Rodange geet schonungslos géint d’kathoulesch Kierch vir, bezichtegt se der Missionnéierung an den deemools fären éislécker Géigenden a gräift se wéinst dem Versuch, e Pädophilie-Skandal ze vertuschen un. Der Bourgeoisie werft hien Ausbeutung vir, dem Proletariat, datt et sech ausbeute léisst. Och dat konservatiivt Baurentum an déi fortschrëttlech Kreesser vun Industrie an Eisebunn kommen net gutt eweg.
Spéitstens elo muss e sech froen, wéi esou e kontestatäre Personnage wéi dem Rodange säi Fuuss an en ikonoklasteschen Text wéi de Renert zu engem Nationalepos konnt eruräifen. Dës Carrière, dës Evolutioun huet verschidde Grënn, ënner anerem awer och deen, datt sech vum fréien 20. Jorhonnert un, ausschliisslech op dem Rodange säi Sproochgebrauch konzentréiert ginn ass:
„Dem Rodange säi Gedicht hat déi schlëmmste Kränkt vun der Lëtzebuerger Literatur opgeraf. Et ass déi Kränkt, fir sech blann an daf fir dat ze stellen, wat e Buch seet. A jhust ze froen, wéi et et seet. Si frësst all eise Bicher bannewänneg d’Geträips op. Bis d’Buchdeckelen eidel Schuele sinn.“ (Hilgert, [1987], 2008)
An dat trëfft sécher fir kee Buch méi zou, wéi fir de Renert : mir kennen en alleguer, hunn awer nëmme vague Notiounen vun der Geschicht vum faméise Fuuss, hunn Tendenz se mam Dicks sengem Gedicht de Wëllefchen an de Fiischen ze verwiesselen. Deemno ass et interessant, no der Symbolwerdung vum Renert ze froen, ebe grad wann e weess, datt den Text no senger Publikatioun a wéinst sengem gesellschaftskriteschen explosiven Inhalt, doudgeschwiige ginn ass, wéi den Nik Welter et a senger Literaturgeschicht vun 1929 schreift. De Schlëssel dozou fënnt sech an der Rezeptiounsgeschicht vum Text, déi nit vum sproochpolitesche Kontext ze trennen ass.
D’Unerkennung vum Renert spillt sech vir d’éischt um sproochsymboleschen Niveau of. Mat dësem Text geléngt et dem Rodange d’Lëtzebuergescht als Literatursprooch ze etabléieren, e Potential an eng Kompetenz, déi dem Dialekt laangzäit oferkannt gi war. D’Unerkennung, déi dem Rodange entgéintbruecht gëtt, geet op säint sproochästhetescht Kënnen zeréck an de Romain Hilgert geet esouguer souwäit, de Rodange als den eigentlechen Dichter vum 19. Jht unzegesinn :
„Wat aus dem Rodange en Dichter mecht, vläicht deen eenzege vu senger Zäit, dat ass d’Anerweis, wéi e sech vum hellege Goethe lassgerappt huet. En huet nët lëtzebuergesch Wierder op déi däischt gepescht. E stoung mat zwee Féiss an der Sprooch, ass bannendran hin an hier getrëppelt, och emol gesprong, och emol gedanzt. En huet eege Biller a Wuertspiller gedicht, wann anerer blatzeg Reimen op ‘Häerzer’, ‘Stären’ a ‘Rouse’ gesicht hunn.“ (Hilgert, [1987] 2008)
Ugangs vum 20. Jht setzt dann déi éischt Rezeptiounsphas an, an zwar duerch den Engagement vun de sozialisteschen Deputéierten Dr Michel Welter a Caspar Mathias Spoo. De Welter bréngt de Renert an d’Chamber an zitéiert en an der Debatt iwwert d’Ausbezuele vun enger Pai un e fortgelafene Paschtouer, deem Pädophilie nogesot gëtt. Doduerch, datt d’Versen an d’Chamberbliedchen opgeholl ginn, kritt den Text seng éischt grouss Opmierksamkeet an der Ëffentlechkeet. De Spoo geet an senger Aarbecht fir d’Unerkennung vum Wierk nach méi engagéiert vir, wann hien uechter d’Land op Rodange-Liesunge geet a laang Passagen aus dem Renert virdréit .
Wéi dës Ausféierungen däitlech gemeet hunn, ass, datt d’Literatur nit onofhängeg vum zäitgeschichtlechen Kontext an de soziale Begebenheeten ze verstoen. Se spigelt des ëmmer mol méi mol manner explizit erëm. En Thema wat d’Literatur an de läschte Joren deemno och beschäfteg huet war an ass och nach ëmmer déi zënter 2013 ugelafen Nation-Branding-Kompagne, eng wirtschaftlech motivéiert Image-Kampagne, deeër hiert d’Zil et ass, Lëtzebuerg international méi attraktiv Konturen ze ginn. Se trëtt zäitgläich op de Plang mat den nationalen Identitéits- an Zougehéieregkeetsdebatten.
Froen no deem wat Lëtzebuerg ausmécht, nom nationale Selbstverständnis, d’Verhältnes tëscht de Sprooch(en), si vill diskutéiert Themen an et kéint en net dolaanscht du moins um strukturelle Plang Ähnlechkeete mam Natiounebildungsprozess ze gesinn. Wëll och hei geet et ëm Eegendefinitioun, d’Erausshiele vu Charakteristiken, kuerz ëm d’Konstruktioun vun engem Selbstbild. Wat dem Nation-building seng Konstruktioun vun Nationalhelden, Hymnen, Wopen an national Narrativer sinn, sinn dem Nation branding seng Emoxiën, Werbespots, Logoën a seng wirtschaftsliberal Narrativer. Den Nation-branding-Diskurs huet dann och zënter enger Zäit intensiv an der Literatur behandelt. An de satireschen Texter vum Jhemp Hoscheit („Sorry fir den Duercherneen“ vun 2017) an dem Guy Rewenig („Comment blanchir les bêtes noires sans les faire rougir“, och vun 2017) gëtt d’Image-Kampagne als banal Vermarktung vum Land entlarvt an als eng maartwiertschaftlech Natiouneniddi kritiséiert .
Net sielen setzte sech d’Texter och mat der Identitéisdebatt auserneen a vermeintlech identitéitsstëftend Symboler a Sloganen ginn op de Leesch geholl a am Kontext vun den Erausfuerderungen an de Chance vun der Migratiounsgesellschaft konfrontéiert, sou wéi dat am Claude Schmit sengem Roman Reynaert au Pays des Merveilles vun 2015 de Fall ass.
Am Nico Helminger sengem Roman Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge, deen 2018 Joer mam Servais-Präis ausgezeechent gouf, schafft den Haaptpersonnage Menn an enger Mediemarketing-Boîte, déi mat dem Ausschaffe vun der Nation-branding-Kampagne beoptraacht gëtt. Interessant am Roman ass, datt d’Entwécklung vun der Campagne parallel zu der Zerbrécklung vun der Identitéit vum Personnage gewise gëtt a wéi se sech géigesäiteg bedingen. D’Aarbecht un der Kampagne, d’Entwerfe vu verlugenen Messagen a Biller verspiert de Personnage ëmmer méi wéi e Verrot u sech selwer, sengen Iwwerzeegungen a senge Valeuren. D’Vermaartungs-Image vum Land a dat identitär Selbstbildnis vum Malkowitsch ginn ëmmer rëm mateneen konfrontéiert a verbon. Fir d’Land eendegt de Prozess an engem wiertschaftlechen Erfolleg, fir de Personnage an der Psychose.
« L’âme d’un peuple, dans sa manifestation la plus entière, c’est la langue.
Pour bien comprendre la littérature d’une nation, il faut être initié à ses mœurs,
à son caractère, à son histoire,
parce que la littérature n’est que l’expression de ces trois choses.»
(aus: Thyes, 1854)
D’Natioun ass just ee vun den Themen, mat deenen d’Literatur sech am Laf vun hierer Entwécklung beschäftegt. Eisenindustrie, Migratioun, Genderthemen, déi zwee Weltkricher, gesellschaftlech Ännerungen, Kultur, universal mënschlech Themen, ästhetesch Mouden, Méisproochegkeet an d’Schreiwen u sech sinn aner Themen déi duerchgaangen ëmmer rëm ogegraff ginn an zu de verschiddenen Epochen ënnerschiddlech behandelt ginn.
Am Laf vum 20. Joerhonnert ginn et Tendenzwenden, Momenter, an deenen ee sech an der Literatur dezidéiert vu fréiere Couranten, Positiounen, Schwéierpunkten a Weltanschauunge ofwent. Den Ufank vum 20. Jht bedeit fir d’Literatur esou eng Tendenzwend : eng verännert Wahrnehmung vun der Literaturproduktioun an de verschiddene Sproochen féiert dozou, datt d’Literatur vu lo un als eng dräisproocheg ugesinn gëtt. A wa wärend den éischten 3 Dekaden Gedenkfeiren fir d’Nationaldichter an der Heemechtssprooch organiséiert ginn, wende sech déi prominenst Schrëftsteller allerdings vum Lëtzebuergeschen of. Dës Ëmorientéierung signaliséiert en dezidéierten Intressi u sproochlecher Villfalt, an ass doduerch motivéiert, méi en enke literareschen Austausch a Kontakt mat den Nopeschliteraturen opzebauen.Aus der Provënz ausbriechen gëtt Programm : et gëtt sech vum national-heimatlechen ofgewennt fir sech an nei Richtunge weiderzeentwéckelen an och fir, an dat ass e wichtege Punkt, als Literaturen am Ausland Fouss ze faassen. D’Schrëftsteller interesséiere sech fir nei d’Themen, dorënner d’Industrialiséierung, d’Modernitéit vun de Metropolen (déi se als Studente kenneléieren), dat allgemeng Mënschlecht éischter wéi dat Heimatlecht ; aplaz vun engem Besangen vun der Schéinheet vun der Heemecht trett eng Ausernanersetzung mat hirer Provinzialitéit an hirer Réckstännegkeet an de Mëttelpunkt.
De Batty Weber speziell verdingt, datt mer äis e Moment méi laang mat him beschäftegen, eben wéinst der duebeler Wichtegkeet, déi him souwuel fir d’Literatur ma och fir d’Kulturgeschicht zoukënnt. Haut gëtt hien allgemeng als eng vun de wichtegste Lëtzebuerger Perséinlechkeeten ugesinn. Säin Numm, deen aus dem kulturelle Gediechtnes net wegzedenken ass, präägt och eis urban Landschaft duerch Stroossen- a Plazennimm an de wichtegsten Lëtzebuerger Literaturpräis, de Prix-Batty-Weber, deen een Auteur fir säi Liewenswierk auszeechent, ass no him benannt. Entscheedend ass awer och, datt se sech mat der kultureller Identitéit vu Lëtzebuerg ausernanersetzen an de Batty Weber, de Frantz Clément an den Nicolas Ries sinn hei déi féirend Kräften.
Se entwéckelen d’Denkfigur vun der Mischkultur, duerch déi se d’Méisproochegkeet an déi däitsch-franséisch Kulturmëschung als charakteristesch fir d’Lëtzebuerger Kulturliewen erausstellen. An dat och op internationalem Niveau. 1909 verëffentlecht de Batty Weber an de Münchener Neuesten Nachrichten säin entscheedene Bäitrag Über Mischkultur in Luxemburg. Säin Artikel ass eng vehement Riposte géintiwwer engem schwäizer Artikel an der selwechter Zeitung, an dem sech géint de franséischen Afloss an den däitschsproochege Kantonen ausgeschwat gëtt mam Argument, datt Mëschkultur – an dorënner versti se konkret däitsch-franséisch Zweesproochegkeet– „verderblech“ wier, zur „geeschteger Sterilitéit ging féieren“ an zitéieren als Beispill Elsass-Louthringen a Lëtzebuerg.
D’Bekanntheet an d’Beléiftheet vum Weber gi groussdeels op seng Feuilletonserie Abreisskalender * zeréck, déi hien tëscht 1913-1940 praktesch all Dag an der Luxemburger Zeitung verëffentlecht huet. Dem Anne-Marie Millim no, ass et de grousse Verdingscht vum Batty Weber, dat hie mat Hëllef vum Abreisskalender eng Lëtzebuerger Erënnerungskultur geschaf huet, déi sech am Medium vum Feuilleton, deen all Dag eng grouss Unzuel vu Leit erreecht huet, entwéckelt huet. De Weber initiéiert eng informell Zäit- an Alldaggeschichtsschreiwung, andeems hien aktuell a verschwonnen oder bal verschwonnen Gewunneschten, Erfahrungen an Usiichten thematiséiert.
Duerch seng mikrohistoresch Analysen an Alldagsplauderein zu den ënnerschiddlechsten Themen (Musik, Theater, Literatur, Film, Geschicht, Krich, Ausland, Wieder, Beruffer, Iessen, Verkéier…) setzt de Weber sech aktiv fir d’Schafung vun engem historesche Bewosstsäin vun der Bevëlkerung an. De Weber wëll duerch säi Feuilleton, sou d’Anne-Marie Millim weider, zu engem dauerhaften lëtzebuergeschen Kulturbewosstssäin ureegen, dat vun enger lokal geschafener Erënnerungskultur ausgeet . Mat Virléift thematiséiert de Weber a sengem Feuilleton de gelieften Alldag; ëffentlech Plazen, déi verschidde Beruffer an der Stad an uechter d’Land, Gebaier, iwwerhaapt d’Ëmwelt am allgemengen sinn Uloos fir seng Iwwerleeungen, déi senge Lieser matdeelt an duerch déi en e Gemeinschaftsgefill ervirrifft.
* Dem Batty Weber säin Abreisskalender an digitaler Form vum Institut für luxemburgische Sprach- und Literaturwissenschaft Universität Luxemburg an Zesummenaarbescht vunn den Nationalarchiv.
D’70er Joren sinn eng weider entscheedend Embrochsphas, déi zu enger allgemenger ideologescher a struktureller Zäsur féieren. Dat gëllt iwwregens fir sämtlech Konstschberäicher.
Mat der Liberaliséierung vun de Werter déi an de 70er Joren asetzt an déi déifgräifend gesellschaftlech Verännerungen, déi duerch d’Studenten- a Schülerprotester, d’Fraebewegung, d’Enn vun der Agrargesellschaft, déi wuessend Immigratioun an déi sozioliberal Koalitioun erbäigefouert ginn ännert sech och d’Literaturlandschaft. D’Nokrichsgeneratioun went sech explizit an dezidéiert vun den national-patrioteschen an konservativ-kathoulesche Positiounen vun hire Virgänger of. Se fuerdern eng Erneierung vun der Literatur, deeër hir Aufgab si konkret an engem gesellschaftlechen Bäitrag verankeren.
Se fuerderen, fir d’Literatur, de Wiessel vun engem ideologeschen zu engem soziologeschen Standpunkt a si plädéieren dogéint fir eng kritesch Ausernanersetzung mat gesellschaftleche Realitéiten an en Asetzen fir gesellschaftspolitesch Projeten. An der manifestaarteger Aféierung zu der Anthologie Schriftbilder vun 1984, schreiwen de Georges Hausemer an der Roph Ketter: „Wer die Heimat besingt im Auftrag politischen und religiösen Kalkus, schreibt am lebenden Menschen vorbei. In diesem Sinne hat die heutige Schriftstellergeneration recht, wenn sie sich kopfschüttelnd von dieser Nationull-Literatur ab- und echteren Vätern zuwendet“ , an domadden ass eng Orientéierung um internationale Kontext gemengt.
(aus: Ketter, Hausemer, 1984, S. 8-9.)
Mat der Vague vum sougenannten neie Lëtzebuerger Roman, zu dem ënner a nerem dem Guy Rewenig säin Hannert dem Atlanik (1985), dem Roger Manderscheid säi schacko klak (1988) an dem Georges Hausemer säin Iwwer Waasser (1998) gehéieren, setzt déi entscheedend Erneierung an, déi der häiteger Literaturlandschaft zu hire Konture verhëllef huet.
- Goetzinger Germaine, „De Renert”, an : Sonja Kmec, Michel Margue (Ed.), Lieux de mémoire au Luxembourg – Gedächtnisorte in Luxemburg, Lëtzebuerg: Ed. Saint-Paul, 2007, S. 273-278.
- Hilgert Romain, „E Buch a Maansgréisst”, an: Rodange Méchel, Renert – De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert, Lëtzebuerg: Ed. Guy Binsfeld, [1987] 2008.
- Hilgert Romain, „Koum du mat séngem Bläistëft den Nannetsméchel”, an: Rodange Méchel, Renert – De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert, Lëtzebuerg: Ed. Guy Binsfeld, [1987] 2008, S. 5-27).
- Ketter Rolph, Hausemer Georges (Ed.), Schriftbilder. Neue Prosa aus Luxemburg, Lëtzebuerg: Ed. Guy Binsfeld, 1984, S. 8-9.
- Manderscheid Roger, „flug über das kuckucksnest. zur lage“, an: Idem, Leerläufe, Esch/Uelzecht: Kremer-Muller & Cie, 1978. S. 7-11, S. 11
- Reuland Adolf Heinrich, Johann der Blinde, Geschichte der abenteuerlichen Kriegszüge, tapferen Thaten und des rhumvollen Todes des Grafen vun Luxemburg und Königs von Boehmen. Nach den besten Quellen volksthümlich dargestellt, hg. von Ns. Gonner, Dubuque, Luxemburger Gazette, 1885.
- Schock Paul, „Imagining Luxembourg oder: Die Kunst, Beliebiges zu verewigen. Konstitution nationaler Identität in Luxemburg in der Mitte des 19. Jahrhunderts (Teil II)”, an: Hémecht. Revue d’Histoire luxembourgeoise, Heft 1/2016, S. 63—88.
- Thyes Félix, Essai sur la poésie luxembourgeoise, Revue trimestrielle, Bréissel: Henri Samuel et Cie, 1854.
- Welter Nikolaus, Mundartliche und hochdeutsche Dichtung in Luxemburg. Ein Beitrag zur Geistes- und Kulturgescchichte des Grossherzogtums, Luxemburg, Saint-Paul, 1929.
Videoquellen
- Opzeechnung vum Kaméidisstéck „D'Kirmesgäscht“ vum Edmond de la Fontaine (1897) ënnert der Régie vum Tun Deutsch (1979), aus: RTL, Hei Elei Kultur vum 23. November 1991. Archiv : Centre national de l’audiovisuel (CNA)
- Opzeechnung vum Kaméidistëck „En Teschtement“ vum Batty Weber (1921) ënnert der Regie vum Frank Feitler a Marc Olinger. Extrait aus: RTL Hei Elei Kuck Elei vum 8. Juli 1990. Archiv: Centre national de l'audiovisuel (CNA)