Back to top

/sites/default/files/styles/background/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v15.jpg?itok=HQ27RXKf
10
  • /sites/default/files/styles/background/public/2021-09/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v15.jpg?itok=5wpaTFdQ
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2021-09/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v15.jpg?itok=41TG0PtR
    /sites/default/files/styles/background/public/2021-09/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v15_0.jpg?itok=hlv1NtdG
  • /sites/default/files/styles/background/public/2021-07/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v16%20%281%29.jpg?itok=BZtOWMM-
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2021-07/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v16%20%281%29.jpg?itok=1eGO2xSH
    /sites/default/files/styles/background/public/2021-07/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v17%20%281%29.jpg?itok=lPi6GK1_
  • /sites/default/files/styles/background/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v13_1.jpg?itok=rT-YroNF
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v13_1.jpg?itok=oFudADg7
    /sites/default/files/styles/background/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v12_0.jpg?itok=_QVyVUlA
  • /sites/default/files/styles/background/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v18_1.jpg?itok=YSo9WcyF
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v18_1.jpg?itok=IulTWa7q
    /sites/default/files/styles/background/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v19_1.jpg?itok=8Ii9OV-L
  • /sites/default/files/styles/background/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v1_0.jpg?itok=33qyXVjb
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v1_0.jpg?itok=wSM4lKH5
    /sites/default/files/styles/background/public/2021-06/MEN_Kulturgeschicht_2020_Update_Kapitel11_v14_1.jpg?itok=urP8WMks
101

Historiker wéi den Denis Scuto an de Michel Pauly hu schonn op déi politesch a wirtschaftlech Wichtegkeet vun der Industrialiséierung an virun allem vun der Entwécklung vun der Eisenindustrie fir de Staat higewisen. D‘Literatur reflektéiert dës Entwécklung vum Ufank vum 20. Joerhonnert un. D’Duerstellung dovu variéiert jee no zäitgeschichtlechem Kontext a reflektéiert doriwwer eraus déi verschidden Entwécklungsstadien an och d’Krise vun der Stolindustrie. 

Déi wëssenschaftlech Entwécklung an den technologesche Fortschrëtt am Kontext vun der industrieller Revolutioun hunn – och zu Lëtzebuerg – d’Literatur an d’Konscht nodréiglech gepräägt. D’Literatur zelebréiert d’Exploite vun der Industrialiséierung a beweist doduerch den Impakt, deen déi nei Technologien op d’Sënner, d’Warnehmung an d’Imaginatioun vun de Schrëftsteller an Dichter haten.
 

De folgenden Iwwerbléck gëtt eventuell den Androck, datt d’Eisenindustrie en heefegt Thema an der Literatur ass; et ass awer wichteg ze wëssen, datt de Korpus vun Texter déi sech domadder befaassen, éischter kleng ass an datt réischt vun der Stolkris an der 2. Halschent vum Joerhonnert, d’Eisenindustrie zu enger méi heefeger Thematik gëtt.

D’Blütezäit vun der Industrie gëtt an der Poesie festgehal; an de Romaner an Erzielungen ass se éischter rare; an der 2. Halschent vum Joerhonnert sinn dogéint de Roman an d’Drama den Uert vun der Ausernanersetzung mat der Thematik. 

102
  • J.P. Wiwinius (onbekannt), Archives nationales de Luxembourg (ANLux), ICO-3-1-0389.
    Vue ob d'Arbed, Esch/Uelzecht

D’Eisenindustrie huet eng entscheedend Roll an der Transformatioun vum Land gespillt, datt sech a kierzester Zäit vun engem veraarmten a réckstännegen Agrarstaat an e vun de weltwäit wichtegste Stolproduzenten entwéckelt.

Dëse Prozess féiert dozou, datt de Minett, am Laf vum 20. Jht, net just den Uert vum technologeschen an industrielle Progrès gëtt, mee als Terres Rouges eng wichteg Plaz am kollektive Gediechtnes anhëlt:

[…] étroitement associé à la sidérurgie et à l’industrie lourde, [le bassin minier] a en effet souvent été considéré comme le fondement même de l’indépendance politique et de la prospérité du Luxembourg et en ce sens, il a joué un rôle central dans la construction des identités collectives.“ (aus: Sünnen, 2010, S. 9.)

102

Wéi mer nach wäerte gesinn, entsteet duerch d’Industrialiséierung eng Dichotomie tëscht Industrie an Agrikultur, déi verschidde Beräicher beréiert: d’Dichotomie ass souwuel raimlech tëscht dem Norden an dem Süden (Eislék a Guttland), politesch (tëscht Sozialisten an Kathoulesch-Konservativen), ideologesch (tëscht enger progressiver a konservativer Weltusiicht) wéi och demographesch (tëscht engem ëmmer méi groussen Aarbechterwuesstem am Süden an enger Landflucht am Norden).

An der Literatur dréckt dat sech des Oppositioun an engem grousse Korpus un Texter mat engem Fokus op d‘Heemechtsthematik, dem Duerf- oder Baureroman aus, an an engem méi klenge Korpus vun Texter, déi sech méi geziilt mat den industrielle Produktiounsprozesser, der Technologie, dem Fortschrëttsgedanken an der Aarbechterschaft auserneesetzt. 

Zousazinformatioun

An dem kuerze Kapitel Aux pays des crassiers am Nicolas Ries sengem Roman Sens-Unique (1940) zum Beispill, gëtt e Site vun der Stolindustrie aus der Vugelperspektiv beschriwwen ; dem Lieser gëtt déi Escher Industrielandschaft  presentéiert, de „spectacle féerique“, dee sech tëscht dem Mont Soleuvre an de Fabricke vun Athus, Rodange, Mont-Saint-Martin, Audun-le-Tiche, Diddeleng an Diddenhuewe gesäit, e Landstreech, dee vun engem Himmel bedeckt ass, wou „des gerbes d’étincelles emmêlées de bouillons fauves“ sech vermësche mat „panaches de fumée, bouquets de fleurs de flammes et [de] milliers de lumières multicolores et clignotantes embras[ent] l’horizon“ .

No an no senkt sech de Bléck iwwer dat flaacht Land, bei d‘Schlaakebierger, a Richtung Opstach vun de risege Mailer vun den Héichiewen. Nieft der Siicht op de Site gëtt och déi akustesch Landschaft beschriwwen, mam Tapage vun de Motoren, dem grelle Päife vun de Lokomotiven, dem Quiitsche vun de Bremsen, dem Klappere vun de Waggonen, déi d’Häng vum Dagesofbau erofjubbelen. Schliisslech kéint de Bléck am Labyrinth vun den ënnerierdesche Galerien un, déi wäit iwwert d’Grenzen erausginn:

„… il y a la ville souterraine, des minières étagées poussant leurs ramifications dans les entrailles de la terre de France, où les légions d’ouvriers accourus de tous les coins du globe creusent leurs terriers à coup de perforatrices et d’explosifs terrifiants“.

102

D‘Gedichtbänn Hochofen vum Nik Welter vun 1913 an La pourpre sur les crassiers vum Paul Palgen vun 1931 konzentréiere sech op d’Beschreiwung vun de Maschinnen, vun de spezifeschen Aarbechtsvirgäng an der Fabrick a vun der industrieller Architektur. Dës Beschreiwungen drécken d’Faszinatioun vun den Dichter fir d‘Technologie an d’Produktiounsprozesser aus.

102

Besonnesch d’Monumentalitéit vum Héichuewen huet den Dichter et ugedou. Am Gedicht „Hochofen“ kritt den Héichuewen d’Wuert an dréckt seng Kraaft a seng Muecht, seng Zentralitéit am Produktiounsprozess aus:

Nur ein Turm, roh, ungeschlacht,

Wachs ich mit Gestell und Schacht,

Wie ein Unhold, dessen Wut

Machtlos zwischen Eichen ruht.

Rings die werkellaute Welt,

Mein die Stärke, die sie hält;

Rad und Rädchen hängen still,

Wenn mein Hauch nicht kreisen will.

102
Das malerische Luxemburg/Le Luxembourg Pittoresque ( Régie : Félix Medinger,1912)
102
  • Archives nationales de Luxembourg (ANLux), Arbed-PH-00167
    Aarbeschter an der Diddelenger Kofferschmelz (1903)

D’Installatioun beschreift sech als eegestänneg an onofhängeg Kraaft, déi sech stänneg selwer erneiert an Energie regeneréiere kann:

Selbst erneure ich die Kraft,

Die in mir und um mich schafft,

Sturmumschüttert, rauchumwallt,

Still, ein Held in Knechtsgestalt. (aus: Welter, 1913, S. 27.)

Ähnlech Duerstellungsprozesser gesi mer beim Welter och fir aner Deeler vun der Produktiounsketten an de Gedichter, „Auf der Gichtbühne“, „In der Zentrale“, „Der Konverter“ oder „Im Walzwerk“.

102
  • Tableau vum Harry Rabinger (1895-1966), Les Terres Rouges (fir d'Paräiser Weltausstellung vun 1937), Musée nationale d'histoire et d'art Luxembourg.

D’Duerstellung vun der Industrie huet awer net just e reng deskriptiven Zweck; duerch déi literaresch Sprooch ginn d‘Produktiounsprozesser ästhetiséiert an d‘Technologie phenomenaliséiert. Opfälleg ass dobäi de Réckgrëff op Metapheren aus der Mythologie, deen eenzege Beräich, sou schéngt et zumindest, deen ubruecht ass fir dat Monumentaalt vun der Industrie erëmzeginn. „Riesentiere scheinen’s, Drachen, / Aus der fernsten Vorzeit Tagen“, beschreift den Nik Welter d’Dynamoen an d’Maschinnen a sengem Gedicht „In der Zentrale“. D’Referenz op de Schatz vun den Nibelungen ass hei rekurrent. 

102
  • Tableau vum Hans Kortengräber (1924-?), Thyssen’s Meiderich Steel Works by Night (onbekannt)Grohmann Museum, Milwaukee, Wisconsin.

Ähnlech wéi den Nik Welter beschreift och den Nicolas Ries d’Aktivitéit vun der Eisenindustrie déi mat hirem Kaméidi den alen Druiden-Bësch Claire-Chêne ersetzt. Andeems de Ries op al Vollékslegenden aus dem Minett zeréckgräift, gëtt d’Siderurgie an eng virgeschichtlech, mythologesch Zäit versat:

Les fées de la vieille forêt du Clair-Chêne y luttent avec les génies du fer, la vierge du Mont Saint-Jean avec les serpents sortis de leurs antres souterrains, des charbons ardents se changent en or. Les vierges blanches et les fées ne sont plus, le génie du fer a battu les forêts druidiques. Mais les longues files de wagonnets chargés de minerai s’avancent en serpentant des galeries souterraines vers les usines d’où l’immense brasier des fourneaux fait jaillir le fer et la richesse. (aus: Ries, Hausemer, 1928, S.146.)

102
  • Tableau vum Philipp Jakob Loutherbourg dem Jéngeren (1740-1812), Coalbrookdale by Night (1801) Science Museum, London.

De Réckgrëff op de Beräich vun der Mythologie versteet sech als Versuch, dat Monumentaalt vun den industrielle Prozesser a Wierder ze faassen – dat huet et jo an dem Ausmooss nach nit ginn – an och wann dës Sprooch äis haut vläicht iwwerdriwwe schéngt, sou gëtt se awer den déiwen Androck erëm, deen d’Revolutioun vun de mechanesche Prozesser op d’Leit vun deemools hat; eng profan Alldagssprooch wier dem nit gerecht ginn.

Zur gudder Lescht dréckt dës Glorifizéierung, dëse Lobgesang awer och en entscheedenden Ëmbroch an der Weltuschauung aus. 

Zousazinformatioun

Wéi d’Anne-Marie Millim et an hirem Artikel iwwer d’modernistesch Ästhetik an der Lëtzebuerger Literatur bemierkt:
The texts […] are remarkable because they directly address the overlap between industrial and artistic activities in order to advocate the intellectual and cultural advancement of society. They portray industrial activities, infrastructures and the related changes to the landscape as a symbol for a move away from conservative politics and aesthetics in order to allow Luxembourg to shed its agrarian identity and embrace a more cosmopolitan perspective.(aus: Millim, 2011, S. 165-166.)

102

D’Funktioun vun dësen Texter ass net just en ästhetesche Selbstzweck; grad wéi se en Ëmbroch an der Weltuschauung ausdrécken, dee sech an der Entwécklung vum Agrarstaat zum Industriestaat vollzitt, reagéieren se op déi konservativ Grondastellung vun der Politik.

Nach 1897 behaapt de Staatsminister Paul Eyschen, datt: „Nous ne sommes pas un pays industriel. Nous sommes un pays agricole“, an dat zu enger Zäit wou déi industriell Entwécklung an de massive Recrutement vun der Aarbechterschaft schonn zënter e puer Joerzingten a voller Expansioun war.

81

D’Industrialiséierung féiert tatsächlech zu engem substantielle Changement vun den traditionelle Strukture vum Agrarstaat, vun der Baueregesellschaft mat hiren Hierarchien, awer och an der Organisatioun vum Alldagsliewen: traditionell Wäerter, Mentalitéit, Liewensrhytmus, Duerffester si gréisstendeels aus der Liewensaart a Weis vun de Baueren ofgeleet.

Dat alles gëtt elo op de Kapp gestallt: nit nëmme veränneren sech ganz Landstreecher, ma déi jonk Männer ginn vun den Häff an aus den Dierfer fort an d‘Fabricke Sue verdingen, politesch ginn nei Richtungen ageschlou, wann am Süden éischt sozialistesch Deputéierten d’Wuert ergräifen, d’Sitten ännerne sech, d’Gesellschaft internationaliséiert sech duerch Zouwanderung, etc.

81

Deementspriechend entsteet, an Oppositioun zum progressisteschen Diskurs iwwert d’Industrialiséierung, e Verdeedegungsdiskurs fir déi traditionell Agrargesellschaft. Ee vun de grousse Verdeedeger dovu war den Nicolas Ries, deen a sengem Roman Sens-Unique (1940) souzesoen en Traité iwwert d’Agrikultur entwërft, wou en op de mysteriéisen, iwwerliwwerten an de sakrale Bezuch, deen de Bauer zu der Äerd huet, ze schwätze kënnt: Comme si l’agriculture était un métier et qu’on apprend. Non, […], l’agriculture ne s’apprend pas comme la cordonnerie ou la serrurerie. Ce n’est ni un métier ni une science ni un art. C’est un don du ciel et un héritage des générations. C’est le sang de nos cœurs et le sang de notre race. Si vous ne l’avez pas dans le sang, vous ne serez jamais qu’un gâche-métier et une lamentable singeur de rites séculaires.

(aus: Ries, 1940, S. 51.)

81
  • Marcel Schroedes, Archives nationales de Luxembourg (ANLux), ICO-3-1-07195
    Vue ob d'Fabrik Esch/Belval

Duerch d’Referenzen op generationell Transmissioun, d’Häerzblutt an d’Blutt vun der Rass gëtt d’Bauerentum hei essentialiséiert an als Schicksal vun der Lëtzebuerger Gesellschaft stiliséiert. Grad wéi dat Hellegt an dat Profaant schléissen d’Agrikultur an d’Industrie sech géigesäiteg aus. Am Roman ass et de Personnage vum Père Beauvent, Härebauer a Patriarch vum Bauerenduerf, deen den ënnerschiddleche Bezuch, deen de Bauer an den Industriellen zu der Äerd hunn, ausformuléiert.*

D‘Dichotomie tëscht Agrikultur an Industrie baséiert deemno net just op ënnerschiddleche Produktiounsprozesser a Liewensaart a Weisen; se gräift déif an d’Weltuschaaung an an d‘Verständnes vun der mënschlecher Existenz an. 

Zousazinformatioun

*„Le paysan tel que je le conçois est juste le contraire d’un industriel. Il fait travailler la terre alors que celui-ci met en mouvement des machines et ses mécaniciens. Pour lui, pas de calculs savants, pas de conjonctures à exploiter, pas de besoin à créer et à imposer par des inventions toujours renouvelées. Le paysan ne connaît qu’une méthode, celle que lui enseignent la terre et le soleil dans leurs révolutions saisonnières. (aus: Ries, 1940, S. 64.)

81
  • Musée d’Orsay, Paräis
    Tableau vum Jean-François Millet (1814-1875), Les Glaneuses, 1857
  • Jean Proess, Archives nationales de Luxembourg (ANLux), ICI-3-1-04680
    Landwirtschaft, Schaffpäerd

D’Agrikultur steet fir Kontinuitéit, Perennitéit, fir éiweg Erneierung, de sougenannte circle of life; d’Exploitatioun vun de Minnen dogéint fir Zerstéierung -  et muss déif an d’Äerd eragefriess ginn fir d’Äerz erauszehuelen, natierlech Ärdstrukture ginn doduerch zerstéiert an d’Ofholzung, den Ofbau, an d’Extraktioun vun den natierleche Ressourcen, déi sech ebe grad net erneieren oder regeneréieren, symboliséieren en Doud, eng Ausläschung. D’Opbléie vun der Heimatliteratur, dem Bauereroman, der Duerfidyll während der 1. Halschent vum 20 Jht hat deemno, reng ideologesch gesinn, den Zweck, eng Weltuschauung mat hiren Traditiounen a Wäertvirstellungen ze konservéieren, ze verteidegen. Och wann Ufanks vum 20 Jht d’Zuel vun de Leit, déi an der Landwirtschaft geschafft hunn schonn ënner 50% luch, ass Lëtzebuerg bis wäit an 60er Joren als Agrarland verstan ginn an de Bauer ass dacks als den Archetype vum Lëtzebuerger presentéiert ginn.

Zousazinformatioun

Initiativen, déi dozou sollte bäidroen d’Baueregesellschaft ze erhalen, waren d’Grënnung vun den Zeitunge „Landwuol“, déi vun 1923 bis 1937 vum Luxemburger Verein für ländliche Wohlfahrts- und Heimatpflege editéiert gouf, oder och nach „Herdfeier“, d’Zeitung fir d’Bauerefra an d’Baueremeechen, déi sech als explizit Missioun ginn hat, d’Bauerefra un hir Flichten ze erënneren an d’Baueremeedcher op der Scholl, um Duerf ze halen (Cf. Déngschtmeedercher).

81

Beruhigungsmittel waren also jene Topoi, Gemeinplätze, Klischees der Altluxemburger bäuerlichen Welt, die Mechel Lentz aus dem Nähkästchen zusammendichtete. Das war eine illusionäre Heimat, aus der die Brasseur- und Metze-Schmelz ein paar Kilometer weg im Süden so weit entfernt lagen wie der Mond. Dabei waren auf diesem Mond die Italiener schon dabei, unsere Heimat umzukrempeln, als sie sich daraus eine neue Heimat machten. Eine überkommene kulturelle Gewachsenheit stand plötzlich auf dramatische Weise dem Treibsand der modernen Zivilisation gegenüber. Auf einmal galt es Heimatrechte, Privilegien, wie sie am Heimatrecht immer gehangen haben, zu verteidigen gegen hereingeschwemmte Proletarier, die ein gleich doppeltes Elend kannten: sozial fremd zu sein und ökonomisch keine Bleibe zu besitzen. (aus:Klein, 1903)

82
  • Archives nationales de Luxembourg (ANLux), Arbed-Ph-00063
    Grupp vunn Aarbeschter (ëm den 28.05.1919)

Wéi gëtt den Industrieaarbechter an der Literatur duergestallt? Gëtt en an de Verherrlechungsprozess integréiert? Gëtt op seng Liewensëmstänn higewisen? Dat sinn noutgedronge Froen, déi sech am Bezuch op d’Thematik stellen. An hei muss e soen, datt d’Literatur vun der éischter Halschent vum 20. Jht sech ganz wéineg mam Aarbechter a senge Liewensëmstänn befaassen. Vu datt d’Siderurgie zum Erfollegsmythos vun der jonker Lëtzebuerger Natioun bäigedroen huet, verleeft hier Duerstellung an der Literatur haaptsächlech op engem symboleschen, wirtschaftlechen an ästheteschen Niveau; eng sozial Dimensioun, déi sech dem Lous vum Aarbechter a senge Liewensëmstänn ging unhuelen, ass gréisstendeels ausgespuert.

Zousazinformatioun

An de Romaner erklärt sech dat deelweis doduerch, datt d’Eisenindustrie am Plott dacks just eng niewesächlech Roll spillt; eng aner Erklärung läit an de Biographie vun den Auteure selwer; déi meescht kommen aus der klenger Bourgeoisie, si Beamten oder Proffen an hinne feelt deemno d’Erfarung an och den Zougang zum Milieu. Hei sief och bemierkt, datt mer zu Lëtzebuerg praktesch keng Aarbechterliteratur hunn.Eng vun de raren Ausnamen ass de Roman Le chevalier aux fleurs (1929) vum Willy Gilson, en engagéierten Text, deen op dokumentaresch Aart a Weis d’condition humaine vum Aarbechterproletartiat duerstellt. Den Erzieler beschreift den Aarbechter als „une bête de somme qui ne coûte rien et dont on a l’embarras du choix“ a presentéiert säi Schicksal wéi dat vun ‘moderne Sklaven’. Déi sozial Ongerechtegkeet, déi d’Aarbechter zu hirer miserabeler Konditioun verdaamt, ass e wichtege Sujet am Buch an den Erzieler kritiséiert d’Feele vu sozialer Betreiung vum Proletariat. Um Beispill vun engem Aarbechter am Roman weist den Auteur op déi grave Konsequenzen hinn, déi déi strategesch Decisioune vun der Entreprise fir d’Aarbechter an hir Famillen hunn, besonnesch wat Periode vum hallwen oder ganze Chômage uginn; d‘selwecht och wann en Aarbechter sech verletzt an doduerch an der Fabrick nit méi asetzbar ass.

82

Am Beräich vun der Poesie ass et dem Nik Welter säi Gedicht „Die Schmiede“ vun 1903, dat sech explizit op d‘Lous vun den Aarbechter konzentréiert an doduerch a sozialistesche Kreesser groussen Uklang fonnt huet. Den Extrait ass interessant, nit nëmme wëll et eng vun de rare Geleeënheeten ass, wou d’Aarbechter d’Wuert kréien, mee wëll en d’Patronat och kloer als Ausbeuter nennt. Am Welter sengem Gedichtband Hochofen (1913) ass vun engem ähnlechen Engagement fir den Aarbechter säi Lous näischt méi ze fannen, e Fait deen déi sozial-demokratesch Aarbechterzeitung Der Arme Teufel (1903-1929) dann och däitlech bedauert. An enger Rezensioun zum Band heescht et, datt dëse sech ausschliisslech un „die oberen Zweihundert“ riicht. De Rezensent bedauert och, datt „so ängstlich ist darin vermieden was an die Gegensätze von Herr und Knecht, Reichtum und Armut, von Kapital und Arbeit erinnert“.

 

 

Wir stehn in Schweiss und schnöden Zwang
Gefesselt ganz wie Sklaven
Sie schwelgen froh bei Becherklang,
Sie scherzen roh bei Dirnensang,
Sie liebeln und sie schlafen.

(aus: Welter, 1903)

 

82

Allgemeng kann ee festhalen, datt, wann den Aarbechter virkënnt, en entweder an idealiséiert-mythologiséierender Form mat de Kräfte vun engem Hallef-Gott beschriwwe gëtt, deen de Feierstroum aus den Héichiewe ka bezwëngen, oder als en Element an den esthetiséierte literareschen Tableaue vun der Industrie, wéi een se beim Paul Palgen fënnt:
 

„Aux pieds des hauts-fourneaux, le long des sources lentes
De laitier et de fonte, on voit de loin des corps
Traversés de rayons, étoilés d’or, autant,
Que s’ils étaient en paradis.”

(aus: Palgen, 1931, S. 41.)

82

Um Enn vum 20. Joerhonnert mécht d’Verherrlechung, d’Poetiséierung an d’Faszinatioun vum industrielle Produktiounsprozess enger sozialkritescher Beschreiwung Plaz. Chômage, de Verloscht vu Solidaritéit an engem ganzen way of life am Süde vum Land si vu lo un dominant Themen.

Dem Guy Rewenig säin Theaterstéck
Eisefrësser vun 1994 ass bis elo déi vläicht ergräifendst Duerstellung vum Industrieaarbechter an der Lëtzebuerger Literatur. D’Stéck erzielt d’Geschicht vum moraleschen a soziale Verfall vum Abbes Dornmeier, dee seng Aarbecht verluer huet. Fir rëm e Liewenssënn ze fannen, decidéiert den Dornmeier de Weltrekord vum Eisefriessen ze briechen. Hie wier d’Haaptattraktioun an enger Zort Open-Air-Musée, dee Promoteuren op de Ruine vun dem stëllgeluechte Site vun der Siderurgie wëllen opbauen.

Iwwer Dausend Statisten si geplangt fir dozou bäizedroen, dat industriellt Spektakel vun der Industrie „Stil 1900“ erëm opliewen ze loossen: „Da gët nees gewullt an de Galerien a gehummert um roude Steen! Da rullen d’Lorriën op den ale Gleiser an d’Buggië klunschen mat hirem deiere Laascht duerch d’Grouwen“. Hei ass näischt dem Zoufall iwwerlooss: fir déi gespaanten Atmosphär tëscht Patronat an Aarbechterschaft duerzestellen ass e militäreschen Asaz an engem Opleenungsszenario virgesinn; Albaner a Jugoslave ginn importéiert wëll déi nach déi authentesch Statur hunn fir d’Aarbechter vun deemools duerzestellen. D’Kiischt um Kuch ass dann den Abbes seng wöchentlech Performance fir de Weltrekord vum Eisefriessen ze briechen. Hannert der Satir stécht eng schaarf Sozialkritik an den tragesche Portrait vum Dornmeier – hien iwwerlieft säi Weltrekord natierlech net –  steet stellvertriedend fir d‘Ausstiewe vun enger Beruffsspart an hierem way of life am Nozuch vum Ofbau vun der Eisenindustrie. 

82
Extrait aus dem RTL - Hei elei vum 29. Januar 1994 iwwert d'Opféierung vum "Eisefrësser" vum Guy Rewenig
103
  • D'Kolpecher Schlass

Colpach – eng Uertschaft am Weste vum Land no un der Belscher Grenz – kënnt an der Lëtzebuerger Kulturgeschicht eng bedeitend Roll zou: hei treffe Kultur-, Literatur- an Industriegeschicht an den 1920 Jore ganz konkret openeen.

 

103

Colpach war d’Residenz vum Stolbarong an ARBED-Direkter Emile Mayrisch (1862-1928) a senger Fra, der Aline Mayrisch – de Saint-Hubert (1874-1947), Intellektuell, Schrëftstellerin, engagéiert Fraerechtlerin a Matbegrënnerin, 1909, vum éischte Meederches-Lycée an der Stad. Duerch seng Aarbecht am internationale Stolberäich an als Direkter vum Comité franco-allemand d’Information et de Documentation, deen als Zil hat, nom 1. Weltkrich, eng Versöhnung tëscht den zerstriddenen Natiounen Däitschland a Frankräich erbäizeféieren, geléngt et dem Mayrisch international aflossräich Perséinlechkeete kennenzeléieren.

Zesumme mat senger Fra huet hien d‘Motivatioun, d’Versöhnung tëscht den 2 Länner och op der kultureller Ebene weiderzedreiwen andeems se wichteg Acteuren aus der Politik, der Wirtschaft, der Literatur an der Konscht op hiert Schlass zu Colpech invitéiere. Déi intellektuell, politesch a kënschtleresch Renconteren hunn als dreiwend Iddi, en Austausch an e Rapprochement tëschen de Representanten aus Frankräich an Däitschland erbäizeféieren. De Gedanke vun der Mischkultur, déi bei der Lëtzebuerger Intellektuellen zu engem Selbstverständnis vum Vermëttler tëscht de Kulturen gefouert huet, kéint hei ganz däitlech zum Droën.

Zousazinformatioun

Zu de reegelméisseg op Colpach ageluede Gäscht gehéieren:

Marie Delcourt (1891-1979), Belsch Essayistin a Spezialistin vun der griichescher a réimescher Literatur a Kultur.

André Gide (1869-1951), e vun de bedeitendsten an aflossräichsten europäesche Schrëftsteller an Intellektuellen an der 1. Halschent vum 20. Joerhonnert. 1909 Matbegrënner vun der Nouvelle Revue française (dem spéideren Editiounshaus Gallimard), Literaturnobelpräis 1947. Enk Frëndschaft mam Aline Mayrisch, déi hie mam Dichter Rainer Maria Rilke vertraut mécht; de Gide dréit dono maassgeeblech zu der Rilke-Rezeptioun a Frankräich bäi.

Bernard Groethuysen (1880-1946), däitsche Philosoph a Konschthistoriker. Gutt Kenntnisser vu Frankräich. Enseignéiert Philosophie op däitschen a franséischen Universitéiten; säi publizistescht Wierk befaasst sech ënner anerem mat de Philosophe Montesquieu a Jean-Jacques Rousseau.

Graf Richard Coudenhove-Kalergi (1894-1972), Philosoph an Initiateur vun der Iddi vun der Pan-Europäescher Unioun, déi hien a sengem Manifest Pan-Europa – ein Vorschlag (1922) virstellt an an dem hien e friddleche kontinentalen Zesummeschloss vun Europa fuerdert. Hien ass domadden e vun de Virdenker vun der Europäescher Unioun.

Annette Kolb (1870-1967), däitsch Schrëftstellerin, Fraerechtlerin an, wéi de Coudenhove-Kalergi, setzt si sech, an den 20er Joren, fir déi Pan-Europäesch Iddi an.

Eng vun de wuel wichtegste Renconteren, déi zu Colpach stattfonnt huet, war déi tëscht dem Schrëftsteller André Gide an dem Walther Rathenau, dem Ausseminister vun der Weimarer Republik 1920. Abléck an hire Gedankenaustausch an awéifern dësen vum zäitgeschichtleche Kontext gepräägt sinn kënnen an hirer Korrespondenz nogelies ginn.

104

D‘Migration, d.h. Emigratiouns- an Immigratiounsprozesser, ass, nieft der Nationalstaatsbildung an der Sidérurgie, ee vun den dominantesten Narrativer an der Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg. D’Migratioun ass doriwwer eraus eng Konstant an der Geschicht vum Land zënter 1815, ma war, wéi dat och de Michel Pauly a senger Recherche iwwert déi transnational Geschicht vu Lëtzebuerg weist, fir den Territoire ëmmer scho relevant.

Duerch hier Konstant an der Gesellschaftsgeschicht ass se zu enger transversaler Thematik ginn: se ass Deel vum sozialen, politeschen, wirtschaftlechen, kulturellen a schliisslech vum literareschen Diskurs.

104

Den Denis Scuto proposéiert eng graff Migratiounstypologie an ënnerstraicht  domadder och nach emol , datt d’Migratioun eben nit nëmmen d’Awanderung vun de Minnen- a Bauaarbechter betrëfft, ma och d’Auswanderung an d’Mobilitéit vun de Lëtzebuerger zu verschiddenen Zäiten.*
 

Unhand vun dëser Typologie loosse sech dann och déi grouss wirtschaftlech Verännerungen ofliesen, déi tëscht dem 19. an 21. Jht stattfonnt hunn. Wéilt en hei méi en detailléiert Bild weisen, misst een och d’Migratiounspolitik méi genau ënnert d’Lupp huelen. Réischt vun de 60er Joren un ass et de Friemaarbechter erlaabt, hir Familljen nokommen ze loossen. An de 70 Jore setzt Transitioun an eng postindustriell Economie un; et setzt e verstäerkt op de Finanz- an de Servicesecteur, wat eng sougenannte „white-collar migration“, also eng Migratioun vun der internationaler Elite zu Folleg hat (Eu-Beamten, Frontalieren am Finanzsecteur, etc.). 1990er Jore bréngen, am Nozuch vum Zesummebroch vu Jugoslawien an de Kricher am Balkan, Flüchtlingen an Asylanten an zënter de méi rezenten humanitäre Katastrophen, Flüchtlingen aus Afrika an dem Mëttleren Osten.

Zousazinformatioun

*1. Am Nozuch vun der Industrialiséierung
• Migratioun innerhalb vum Land: d’Gemengen am Norde ginn ‚eidel‘, wärend de Süden sech exponentiell entwéckelt
• Zouwanderung aus Loutrengen, dem Saarland an aus der Province du Luxembourg
• Aarbechtermigratioun aus aneren Europäesche Länner: Däitschland, Polen, Italien
2. Auswanderung vu Lëtzebuerger an Nord- a Südamerika, a wëll zënter 1867 keng Obligatioun vum Pass tëscht Lëtzebuerg a Frankräich bestan huet, vill Aarbechtermigratioun a Frankräich
3. Mobilitéit vun de Studenten → bis haut
4. Déngschtmeedercher vun 1867 bis 1950
5. Tëschekrichszäit: Flüchtlingen
6. Nom 2. Weltkrich: Aarbechtermigratioun, Frontalieren, EU-Beamten, Finanzsecteur, Flüchtlingen

104

Wéi reflektéiert d’Literatur d’Rupturen an d’Kontinuitéite vun de Migratiounsprozesser?
 

Ganz allgemeng kann e soen, datt d’Literatur vun 1850-1950 sech haaptsächlech mat der Emigratioun beschäftegt; vun den 1950er bis haut sinn et éischter Immigratiounsprozesser déi behandelt ginn. Ähnlech siele wéi de Sort vum Industrieaarbechter, ass och d’Lous vun de Migranten an der Literatur bis 1950er. 

104

Ee vun den éischten Texter, dee sech méi am Detail mat den Italiener am Aarbechtermilieu beschäftegt ass dem Batty Weber seng Nouvelle „Bella Ghitta“, déi vun 1889-1890 an der Escher Zeitung als Feuilleton verëffentlecht gouf. Se zielt Geschicht vum Zanetta Brighitta Casanova; nom Doud vu sengen Elteren geréit hatt an de Milieu vun der Prostitutioun. D’Duerstellung vum Ghitta ass éischter stereotyp an entsprécht der Virstellung, déi ee sech an Nordeuropa vun de sënnlechen, schéinen an temperamentvolle Fraen aus dem Süde mécht. Déi italienesch Originne vum Ghitta spillen an der Nouvelle manner eng Roll wéi de sozialen, veraarmten Aarbechtermilieu an dem et sech als Weesekand muss duerchkämpfen. An dach kann dës Nouvelle als e vun de Pionnéiertexter vun der Migratiounsthematik ugesi ginn; interessant ass doriwwer eraus, datt de Fokus hei op enger jonker Fra läit, wat dann och nach eng interessant Genderdimensioun mat sech bréngt.

104

D’Auswanderung vun de Lëtzebuerger an Nord- a Südamerika am 19 Jht hëlt dogéint wesentlech méi Plaz an der Literatur an. D’Expressioun ‚De Monni oder d’Tatta aus Amerika‘, déi sech wäit bis an 70er Joren hält, weist op d’Plaz hinn, déi dës Auswanderung an der mémoire collective hat. An der 1. Halschent vum 19. Jht war den Ulooss fir d’Auswanderung déi prekär Liewenskonditioune vun de klenge Baueren an Doléiner; donieft waren d‘Steieren, déi vum hollännesche Kinnek opgehuewe gi sinn, fir vill eng Belaaschtung, déi nit méi ze bewältege war. Fir vill war d’Emigratioun effektiv déi eenzeg Chance fir ze iwwerliewen. Se hunn hier Häff verkaaft, an wou 1827 den Appell vum brasilianesche Keeser Dom Pedro komm ass mat der Offer, sech zu extrem avantagéise Konditiounen a sengem Land néierzeloossen, sinn der vill dem Ruff nogaangen. Si hu Lännereien, Béischten, finanziell Ënnerstëtzung an eng Steierdispens fir déi éischt zing Joer a Brasilien an Aussicht gestallt kritt, dat doduerch wéi en Eldorado geschéngt huet. 

Zousazinformatioun

Fir vill ass déi Geschicht awer schlecht ausgaangen. Dem Dom Pedro säi Besoin u Siidler war séier erschöpft; vill sinn der just bis op Bremen komm, wou awer keng Schëffer méi a Brasilien gefuer sinn; doheem haten se alles verkaaft, a sinn a méi miserabel Verhältnisser zeréckkomm wéi virum Depart. Den Echec vun dëser Migratioun ass ënner dem Begrëff ‚Neibrasilien‘ an dat kulturellt Gediechtnes agaangen: ‚Neibrasilien‘ si Siidlunge vu gescheiterte ‚Brasiliefuerer‘ genannt ginn, déi sech an entleeëne Géigenden am Éislék an op der Musel néiergelooss hunn. An der Literatur gëtt sech an der Erzielung Der Verräter (1948) vum Nikolaus Hein an am Roman Neubrasilien (2010) vum Guy Helminger un des tragesch Episod aus der Migratiounsgeschicht erënnert.

104

Am Hein senger Erzielung spillen d’Brasilien-Auswanderer just eng niewesächlech Roll, säi Plot konzentréiert sech haaptsächlech op déi Period tëscht dem Wiener Kongress an der Belscher Revolutioun 1831 an der Zäit virum Nationalstaat.

Die Aylbacher, die sonst schon als Bettelpack in der Gegend verschrien waren, hatten durch die Rückkehr einer Anzahl nach Brasilien ausgewanderter Dorfgenossen einen übelen Zuwachs erhalten, denn was arm und mittellos in die Neue Welt gezogen war, kehrte völlig verelendet und verzweifelt zurück.Einige konnten noch in ihren eigenen, vor Jahren verlassenen Hütten wieder unterkriechen, die anderen, denen es vor ihrer Abreise gelungen war, alles zu verkaufen, hämmerten sich am Dorfrande Blockhäuser und Baracken aus Stangenholz zurecht, ganz wie ihre Ranchos in der Wildnis. So entstand hier eine Kolonie „Neubrasilien“, eine Elendssiedelei, in der die Verbitterung und der Hass zu Hause waren, ein fluchbelandener Kirchhof der Träume und Trugbilder, mit denen das lockende Schlaraffenland im Westen einst die Sinne der armen Menschen betört."

(aus: Hein, 1994, S.67.)

104

D’Emigratioun an Nordamerika no 1867 erzielt dogéint eng ganz aner Geschicht. Déi Belsch Onofhängegkeet hat negativ wirtschaftlech Konsequenze fir d’Baueren an duerch den Antrëtt an den Zollveräin waren d‘Lëtzebuerger Wënzer der Konkurrenz vum däitsche Maart ausgesat.

Dozou koumen Hongersnéit a schlecht Recolten. Trotz der Entwécklung vun der Industrie am Süde vum Land hu vill Leit d’Auswanderung an Nordamerika virgezunn. D’Méiglechkeet hei bëlleg Land ze kafen an an de Groussstied als Handwierker oder Händler hiert Gléck ze probéieren an et zu Wuelstand ze bréngen, huet vill kleng Baueren an Doléiner dozou beweegt, d’Strapaze vun der Emigratioun op sech ze huelen .
D’Siicht op dës Migratioun ännert jee no Bléckpunkt:

104

An Amerika
[…]
Vun hinnen zwee fort gong ech hier,
Hunn néierges keng Rou,
An zënter zwëschen ons dat Mier,
Ginn ech och net méi frou.
Kënnt op der Bänk virun der Dir
Ech sëtzen eng Minutt
Bei hinnen zwee, da wär et mir
Op dëser Welt rëm gutt!"

(aus: Lentz, 1887, S. 90-92.)

Zousazinformatioun

Sou gesäit den Heemechts- an Nationaldichter Michel Lentz d’Emigratioun; des Siicht ass relativ kategoresch: wee fort geet, gëtt säi Gléck op; wee fort geet, gëtt anzwousch anescht nit frou; wee fort geet, bereit et, datt en net méi an der Hémecht ass. An dësem Gedicht gi keng Zukunftsperspektiven ugedeit, keng nei Bekanntschaften am neie Land an Aussiicht gestallt. Eleng dominéiert d’Traueren ëm d’Heemecht, ëm d’Leit an d’Bänk, den Uert vun all stëllem Gléck.

104

Am Nicolas Gonner senger Gedichtsammlung Präirieblummen, déi 1883 zu Dubuque, Iowa, an der Lëtzebuerger Gazette publizéiert ginn ass, fënnt een en duerchaus méi variéiert Bild. Den N. Gonner war eng wichteg Figur an der Lëtzebuerger Communautéit an Amerika an Editeur vun der Zeitung. D’Lëtzebuerger Gazette war eng Orientéierungshëllef fir Lëtzebuerger Immigranten an eng wichteg Plattform fir déi lëtzebuergeschsproocheg kathoulesch Gemengen am Mëttlere Westen.
 

Se huet och vill Gewiicht op d’Heemechtsfleg an d’Erhale vun der kultureller Identitéit geluecht an dat duerch literaresch Publikatiounen, kuerz Gedichter oder Balladen, déi souwuel d’Verlaangeren no der Heemecht wéi d’Reussite an d’Faszinatioun mam Liewen an der ‚Neier Welt‘ thematiséieren .

104
Lëtzebuerger an Amerika, réaliséiert vum Roger Krieps (1962)
104

Zefriddenhêt fum lézebebûrger an Amérika

Wa méng â’n ermidden,
D’ârbecht as geschitt,
Sén éch wuol zefridden,

Sange fró mei litt.
Wât méng henn ferdéngen,
Lângt fîr ons dohêm,
Brauch nét më ze bréngen,

´T as genuch matt dêm.
 

O wë gère róen
Ech bei menge frénn,
Hu gemittlech froén
A gemutte sénn.
Dô wêsz dach ejidder

Aus der hêmecht neis,

A mer sangen d’lidder
Op ons hêmechsweis"

(aus: Nau, 1883, S. 92.)

104

De Retour vum räichen Amerikaner huet an der Literatur seng Spueren hannerlooss. Besonnesch eng spezifesch Versioun vun dësem Retour huet Androck op d’Lëtzebuerger Schrëftsteller gemeet. Theaterstéck Den Amerikaner -  En êscht Spill an engem Akt (1927) vum Max Goergen, erzielt d’Geschicht vun engem Jong, deen an Amerika ausgewandert war, do zu Räichtum koum a seng Elteren, arem Doléiner, mat engem Besuch iwwerraschen wëll. Am Heemechtshaus ukomm, gëtt hie sech sengen Elteren net direkt ze erkenne ma gëtt sech als räiche Friemen aus, den hire Jong ging kennen.

Ugezu vum Räichtum bréngt d’Mamm de Friemen/Jong ëm. Dësen tragesche Stoff ass schonn 1911 vum Josy Imdahl am Stéck Aus Geldgier zum Kandmiérder a 1925 vum Nicolas Moling an der Erzielung Fluch der Armut verschafft ginn. D’Figur vum räichen Amerikaner mat Lëtzebuerger Originne spillt och eng Roll an der Kadergeschicht vum Film Mumm sweet Mumm, den 1989 am Kader vun de Feierlechkeete fir déi 150-järeg Onofhängegkeet vum Land e feieren, entstan ass.

85

D’Mobilitéit vun den Déngstmeedercher a Frankräich an an der Belsch ass e weidere wichtegen Aspekt vun der Migratiounsgeschicht, déi domat eng wichteg Genderdimensioun kritt. De Migratiounsphenomen vun den Déngschtmeedercher kennt op, wann et keng Passflicht méi tëscht Frankräich a Lëtzebuerg, an hält bis nom 2. Weltkrich un. Vermëttlungsagencen (bureau de placements) zu Paräis an zu Bréissel hunn eng impressionnant Zuel u Meedercher ‚placéiert‘: zu Bréissel waren dat der 350 tëscht 1913-1914  an 1938 waren et der 2.241. Et handelt sech meeschtens ëm net-bestuete jonk Fraen a Meedercher vum Duerf an aus der Ënnerschicht an e Posten als Déngschtmeedche war fir si déi bescht Méiglechkeet engem respektabele Beruff nozegoen an d’Welt vun de Groussstied ze entdecken an ze erliewen. 

85

Wa vill Meedercher positiv vun dëser Erfarung profitéiert hunn, sinn anerer vun de Stied an op hier Plazen, wou se ausgebeut a sexuell mëssbraucht gi sinn, verschlonge ginn.

Et ass da virun allem déi gescheitert Déngschtmeedchenexistenz, déi an der Literatur Néierschlag fonnt huet. De kathoulesch-konservative Kräften an der patriarchalescher Gesellschaft war d’Mobilitéit vun de Meedercher en Dar am An (cf. d’Zeitunge Herdfeier, Landwuol) an dowéinst wonnert et net, datt an der Literatur d’Erfarung praktesch ausschliisslech als negativ an tragesch an Texter vu männlechen Auteuren duergestallt ginn ass.  

Meeschtens hu se en triviaalt Oppositiounsschema Heemecht géint Friemt, Land géint Stad, Behuelen an Ustand géintiwwer vu Sënn a Verduerwenheet . De moralesche Message an déi erzéieresch Intentioun ass et, d’Meedercher vum Déngschtliewen ofzehalen. Meeschtens gëtt dëse Stoff an Dramen oder Operette verschafft an duerch hier Opféierung op den Duerfbühnen gi se e Medium fir konservativ-patriarchalesch Message ze vermëttelen.

85

Dat wuel bekanntste Stéck, wat dëse Stoff behandelt, ass d’Operett D’Joffer Marie-Madeleine vum Josy Imdahl vun 1916. D’Märile’ni kéint no engem laangen Openthalt zu Paräis als schick a mondän Dämmchen op Lëtzebuerg zeréck, wou et seng Elteren iwwerriede wëll, hire klenge Bauerenhaff opzeginn a mat him a sengem Fiancée zu Paräis eng nei Existenz opzebauen. E groussen Deel vun der Komik am Stéck gëtt iwwer dem Märile’ni säi Sproochgebrauch gedro, wëll säi Lëtzebuergesch, ähnlech wéi dat fir de Koseng Ficelle an de Kiermesgäscht vum Dicks de Fall ass, vu Franséisch duerchwuess ass. Natierlech stellt sech herno eraus, datt säi Knëff et no Stréch a Fuedem belunn an bedrunn huet an zum Schluss kéint et als keng grouss Iwwerraschung, wann  d’Märile’ni d’accord ass fir de Bauereknuet vum Nopeschhaff ze bestueden.

Zousazinformatioun

Ganz anescht geet dogéint de René Engelmann mat dem Déngschtmeedchen-Material ëm. A senger Erzielung „Rendez-vous“, déi 1916 posthum verëffentlecht gouf, stellt hien unhand vu senger Protagonistin Louise, de Misär, d’Enttäuschung an d’Gefaangenheet vun de Fraen duer, déi vun hire Famillen op Lëtzebuerg zeréckgeruff ginn, fir sech do ëm d’Elteren oder d’Wiesen ze këmmeren, a wéi si selwer, déi als selbstbewosst Fraen zu Paräis oder Bréissel eng eegestänneg Existenz haten, op der Streck bliwwe sinn. D’Erzielung ënnersträicht domadder nach emol awéifern fir vill Meedercher d’Déngschtmeedchen-Existenz eng wierklech Chance war fir aus villfach anengenden an erdréckende Strukturen auszebriechen.

86

D’Immigranten, d’Friemaarbechter, d’Italiener, d’Portugisen an d’Cap-Verdianer hu vun de 70er Joren un eng méi grouss a reegelméisseg Presenz an der Lëtzebuerger Literatur. Wichteg ass et drop hinzeweisen, datt, anescht wéi an aneren europäesche Kontexter, et net déi Betraffe selwer sinn, déi ufänken hir Geschicht ze schreiwen, mee datt dat vun den ‚einheimeschen‘ Auteuren iwwerholl gëtt.

D’Migratioun an d‘Immigrante sinn an de 70er Joren e wichtegen Deel am sozial-kritesche literaresche Programm vun den Nokrichsauteuren, déi radikal mat den national-patriotesch Theme vun der eelerer Auteuregeneratioun briechen. 

86

A sengem satireschen Epos ikarus - dreissig ausflüge und ein absturz - vun 1983 hannerfreet de Roger Manderscheid dat idealiséiert Bild vu Lëtzebuerg an dekonstruéiert de „Glanz und Elend einer vermeintlichen Idylle“ . An der Sequenz „zehnter ausflug – zu den wilden und fremden“ presentéiert den Auteur den Délire vun engem anonymmen Erzieler, deen d’Presenz vun den italieneschen a portugiseschen Immigrante wéi eng Infiltréierung vun der Gesellschaft ugesäit. D’Verhale vum Erzieler steet stellvertriedend fir d’Oflehnung, d’Ausgrenzung an d’Diskriminatioun vun engem Deel vun der einheimescher Populatioun zu deeër Zäit. D’Auslänner ginn als Spiounen an als eng feindlech Muecht entworf, déi d’Iwwernam an Zerstéierung vum Grand-Duché als Zil hätt:

Zousazinformatioun

„es gibt welche, die das land überziehen
wie molche mit schleimigen kampfstrategien,
die wie auf pantoffeln orte besetzen,
um von da gegen diese gesellschaft zu hetzen.[…]

sie schleichen sich ein in fullballvereine,
in kanalabwässerreinigungskolonnen,
schaun rotzig drein und harmlos versponnen,
vermehren sich heftig, ganz von alleine.

sie stehn als spione im strassengraben,
zu schaufeln, zu hacken, aber sie lauschen,
notieren sich, was sie aufgefischt haben,
informieren sich gar wie die leitungen rauschen.“

(aus: Manderscheid, 1983, S. 70-71.)

86
  • Foto vum Paolo Leoni © Archives CNL
    Portrait vum Nico Helminger
  • © Wikimedia Commons, CC BY-SA 3.0
    Portrait vum Josy Braun, 1997

Vun de 90er Joren un sinn d‘Immigranten oder Protagoniste mat Migratiounshannergrond feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Roman. A Grouss Kavalkad vun 1991 vum Guy Rewenig gëtt unhand vum Protagonist Elio, Kand vun italieneschen Immigranten, e Versuch vun enger gesellschaftlecher Integratioun duergestallt. Am Roger Manderscheid sengem Roman kühe im Nebel  vun 2003 ass den Erzieler e Portugis, dee vill iwwer de multikulturellen a méisproochege Kontext vu Lëtzebuerg nodenkt. A Porto fir d’Affekoten (1997) vum Josy Braun – den éischte Kriminalroman op Lëtzebuergesch iwwerhaapt – spillt d’Ausbeutung vun de portugiseschen Aarbechter eng grouss Roll an der Intrig.

Zousazinformatioun

Am Beräich vum Drama ass Migratiounsthematik nit manner präsent. E bedeitsamen Text ass hei dem Nico Helminger säint Stéck now here & nowhere oder den här io ming pei hätt mueres gär krewetten, dat am Kader vu Kulturjoer 2007 geschriwwen an opgefouert gouf. Dem Helminger säi Stéck konzentréiert sech ënner anerem op déi utilitaristesch a problematesch Bezéiungen, déi Lëtzebuerg zu der auslännescher Communautéit huet; domadde stellt den Auteur déi sougenannten harmonesch Entente tëscht Einheimeschen, Immigranten a Frontalieren a Fro a weist geziilt op d’Mëssstänn, d’Diskriminatioun an d’Benodeelegung vu verschiddenen Deeler vun der Populatioun hinn.

86
  • Foto vum Paolo Leoni © Archives CNL
    Portrait vum Jean Portante

Wéi schonn ugedéit, fänken d’Migrante selwer eréischt spéit un hier Erfarung oder déi vun hirer Famill literaresch ze verschaffen. Och sinn et nit d’Aarbechter, mee déi italienesch EU-Beamten, déi als éischt zu der Fieder gräifen. Réicht mat der Publikatioun vum Jean Portante sengem Roman Mrs Haroy ou la mémoire de la Baleine vun 1993, gëtt d’Migratiounsgeschicht vun den Italiener aus der Siicht vun deenen, déi d’Migratioun erlieft hunn, an d’Literatur agefouert.

86

La mémoire de la baleine erzielt d’Geschicht vun der Immigratioun vun der Famill Nardelli vu San Demetrio aus den italieneschen Abruzzen op Déifferdéng. Den Text compiléiert d’Erzielunge vun der Migratiounserfarung vun de verschiddene Generatioune vun der Famill, ugefaang mat deeër vun de Grousseltere virum Éischte Weltkrich, da vun dem Erzieler sengen Elteren kuerz nom Zweete Weltkrich an schliisslech dem Erzieler seng eege Pendelbeweegung tëscht Lëtzebuerg, Frankräich an Italien. De Roman weist ganz kloer, datt nieft den Theme vun der Integratioun, der Ausgrenzung, der hybrider Identitéit, de Verwuerzelungsversich, déi de Migrant am Alldag betreffen, d’Geschicht vun der Migratioun grad esou wichteg ass.

Zousazinformatioun

Dëse Bericht iwwert Presenz vun den Italiener zu Lëtzebuerg mécht deemno e groussen Deel vum historeschen Diskurs vum Roman aus, ma ass gläichzäiteg awer och méi wéi just eng Kontextualiséierung vun der italienescher Migratioun. Tatsächlech verschafft de Roman Schlësselepisode vun dëser Geschicht, déi zum Zäitpunkt vun senger Publikatioun 1993, vun der Historiographie nach net opgeschafft waren. Et läit an der Natur vun der offizieller Historiographie, datt se mat engem gewësse Retard gesellschaftlech Phenomener opschafft, ma fir Lëtzebuerg muss en awer festhalen, datt an den 90er Joren d’Opschaffe vun der Migratiounsgeschicht – obwuel déi du schonn e Joerhonnert ugehal huet a sécherlech kee marginaalt Phenomen war – nach an de Kannerschung stuch. Mat dësem Roman mécht den Auteur sech also nit nëmmen drun, d’Geschicht vun der italienescher Migratioun an engem strukturell komplexe postmoderne Roman ze verschaffen, ma hie schreift, iwwerhaapt emol fir d’éischte Kéier, d’Geschicht vun den Italiener zu Lëtzebuerg néier. Dëst ervirzehiewen ass net onwesentlech wëll d’Erzielung vun der Geschicht hei mat enger wichteger identitärer Funktioun versinn ass: se huet als Zweck der ‚Geschichtslosegkeet‘ vun de Migranten en Enn ze setzen. Migratiounsgemeinschaften ginn dacks vun der einheimescher Gesellschaft als ahistoresch wouergeholl an et besteet dacks och kee wierklechen Interêt fir méi iwwert d’Geschicht vum eenzelen oder senger Communautéit gewuer ze ginn. D‘Geschicht vun den Immigrante liest sech dowéinst fir d’éischt an demographesche Studien oder a Gesetzestexter an da réischt an historeschen Ënnersichungen.

86
  • Onbekannt, Archives de Dudelange (Fonds Jea​n-Pierre Conrardy-Mémoire collective).
    Postkart vun der Rue d'Italie (1910)

Dem Portante säi Roman ass awer méi wéi just eng Opzeechnung oder Néierschreiwung vun dëser Geschicht; e leet et nämlech ausserdeem drop un, um historeschen Diskurs vun der Lëtzebuerger Gesellschaft deelzehuelen andeems en op déi gemeinsam Geschicht vun de Lëtzebuerger an Italiener hiweist.

Sou kéint den Erzieler zum Beispill op d’Velos-Team Charly Gaul-Mario Ottuzzi ze schwätzen. Zënter senger Victoire beim Tour de France vun 1956 huet de Gaul eng Éiereplaz am Pantheon vun de Lëtzebuerger Nationalhelden. Datt de Gaul seng Victoire souwuel senger sportlecher Exzellenz wéi dem Kënne vu sengem Mécanicien Ottuzzi verdankt, wëssen déi mannst, eppes wat de jugendlechen Erzielpersonnage Claudio ëmmer rëm erstaunt:

 

Zousazinformatioun

Vous connaissez Mario Ottuzzi ? Non, personne au Luxembourg ne connaît Mario Ottuzzi. C’est comme s’il n’existait pas. Et pourtant sans lui, Charly Gaul ne ferait même pas la moitié de ce qu’il a fait. Parce que Mario Ottuzzi est l’infatigable mécanicien de Charly Gaul. Il le suit comme son ombre. Dès que Charly crève ou casse quelque chose, Mario est là. Il surgit de l’ombre et fait des miracles. Mais l’ombre, ça ne se voit pas à la télé. Pourtant, le maillot jaune, c’est à Mario Ottuzzi que Charly Gaul le doit, disent tous les italo-luxembourgeois entassés chez Dipp devant la télé. Le couple Ottuzzi-Gaul est comme l’image d’eux-mêmes.  

86
  • Duerstellung vun den italienischen Aarbeschter am Graphic Novel vum Marc Angel, Schichtwiessel. Eng Déifferdanger Aarbeschtergeschicht, Déifferdeng: Stad (2017) ⓒ Marc Angel
  • Duerstellung vun den italienischen Aarbeschter am Graphic Novel vum Marc Angel, Schichtwiessel. Eng Déifferdanger Aarbeschtergeschicht, Déifferdeng: Stad (2017) ⓒ Marc Angel

D’Ervirhiewe vum Mario Ottuzzi senger Roll am Charly Gaul senger Geschicht kéint nit nëmmen enger verspéiter Unerkennung gläich, ma féiert ausserdeem och zu enger Transformatioun vum nationale Lieux de mémoire vum Charly Gaul an en interkulturellen italienesch-lëtzebuergeschen. Doriwwer eraus ass de Mario Ottuzzi, „l’homme de l’ombre” an engem gewësse Sënn emblematesch fir déi Dausende vun Italiener, déi sech an de Galerie vum Minett kromm a bockeleg geschafft hunn, an sou konkret zu dem villzittéierten „essor sidérurgique an économique du pays” bäigedroen hunn, ouni dofir awer groussaarteg Unerkennung ze kréien.

86

Fir de Bou mat der Migratioun vun de Lëtzebuerger am 19 Jht ze maachen, soll hei nach kuerz dem Guy Helminger säi Roman Neubrasilien vun 2010 erwäänt ginn. Am Roman gëtt d’Auswanderung vun enger Lëtzebuerger Famill a Brasilien Ufangs vum 19. Jht mat der Migratioun vun enger montenegrinescher Famill op Lëtzebuerg an den 1990 Jore verstréckt. A béide Fäll handelt et sech ëm d‘Duerstellung vun enger gescheiterter Migratioun, wëll keng vun den zwou Familljen do ukéint wou se hi wëll: d‘Lëtzebuerger kréien am Hafen zu Bremen kee Schëff méi a Brasilien an zeréck doheem erleide si dann d’Schicksal vun de marginaliséierten Neibrasilianer, wärend d‘Montenegriner no Joren zu Lëtzebuerg an hir Heemecht ausgewise ginn. D‘Parallelsetzung vun dësen zwou Geschichten dokumentéiert d’Erfarung vun der Migratioun zu ënnerschiddlechen historesche Momenter an erlaabt d’Aktualiséierung vun de Froe ronderëm d’Immigratioun déi 2010, am Joer wou de Roman eraus kéint, am sozial-politeschen Diskurs dominéieren.

D’Tatsaach, datt d’Geschicht vun zwou Säiten erzielt gëtt, emol aus der Perspektiv vun de Montenegriner, déi Asyl am Grand-Duché ufroen, an emol aus der Perspektiv vun enger Bauerefamill am 19. Jht, déi zu staatelosen Nomade gëtt, ass mat enger bestëmmter Fonktioun versinn. De Roman erënnert un d’Tatsaach, datt d’Immigratioun kee rezent Phenomen ass a weist se dogéint als integrale Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Geschicht zënter dem 19. Jht aus. Doduerch leescht de Roman e wichtege Bäitrag zu deem Diskurs, dee sech der nationalistescher Rhetorik widdersetzt, déi ëmmer rëm dann opkéint, wann d‘Nationalitéitegesetz oder d’Asylrecht diskutéiert ginn.

99
  • Hein Nikolaus, Der Verräter. Ageleet a kommentéiert vum Joseph Groben, Lëtzebuerg: Editions du Centre d’études de la littérature luxembourgeoise, 1994.
  • Klein Mars, „Heimat – Oder die Gefahr des Abrutschens in nationale Abgründe”, an: d’Lëtzebuerger Land, n°29, 23. Juli 1993, S. 8-9.
  • Lentz Michel, Hiérschtblummen. Liddercher a Gedichten, Lëtzebuerg: J. Beffort, 1887.
  • Manderscheid Roger, ikarus – dreissig ausflüge und ein absturz, Lëtzebuerg: Éd. Guy Binsfeld, 1983.
  • Millim Anne-Marie, „The Light of Industry: Modernist Aesthetics in Luxembourgish Literature, 1900-1940”, an: Art et Fact, 30/2011, S. 165-171.
  • Nau Jean-Baptiste, „Zefriddenhêt fum lézebebûrger an Amérika", an: Gonner Niolas, Prairieblummen. Eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer létzebûrgerdeitscher sprôch, 1883, virgestallt a kommentéiert vum Sandra Schmit, Miersch: Centre national de littérature, 2008, S. 92.
  • Palgen Paul, La Pourpre sur les Crassiers, Mézières-Charleville, Éditions de la Société des Écrivains Ardennais, 1931.
  • Portante Jean, Mrs Horay ou la mémoire de la Baleine, Zolwer: Ed. Phi, Rééditioun vun 2008.
  • Ries Nicolas, Hausemer Robert, Le beau Pays de Luxembourg, Luxembourg, Imprimerie artistique luxembourgeoise, 1928.
  • Ries Nicolas, Sens-Unique, Luxembourg, Les Cahiers luxembourgies, 1940.
  • Sünnen Myriam, „‘De Minett’ comme ‘lieu de mémoire’”, an : Mutations. Mémoires et perspectives du bassin minier, 1, 2010, S. 9-21.
  • Welter Nik, Frühlichter: Gedichte, München, Allgemeine Verlagsgesellschaft,1903.
  • Welter Nikolaus, Hochofen. Ein Büchlein Psalmen, Esch-Alzette, Paul Schroell, 1913.
99

Videoquellen

  • Das malerische Luxemburg/Le Luxembourg Pittoresque ( Régie : Félix Medinger,1912). Archiv : Centre national de l'audiovisuel (CNA)
  • Extrait aus dem RTL - Hei elei vum 29. Januar 1994 iwwert d'Opféierung vum "Eisefrësser" vum Guy Rewenig. Archiv : Centre national de l’audiovisuel (CNA)
  • Lëtzebuerger an Amerika, réaliséiert vum Roger Krieps (1962). Archiv : Centre national de l’audiovisuel (CNA)
Rop

01

 

01

rof